
shotshop.com
Keng Chance, momentan kéinte mer eis net verdeedegen. Dee Brocken hat en Duerchmiesser vu ronn 650 Meter a war mat enger Vitesse vun iwwer 100 000 Stonnekilometer ënnerwee. Gottseidank war d’Distanz nach sou grouss, wéi déi vum Mond zu der Äerd. Richteg Suergen haten sech d’Fuerscher e puer Joer méi fréi gemaach, am Joer 2004. Deemools hunn si en Asteroid entdeckt, an hu berechent, datt deen d’Äerd mat enger Wahrscheinlechkeet vun 1 zu 50 treffe kéint!
Dat ass jo mol guer net sou onwahrscheinlech!
Effektiv! Dee war zwar nëmmen Hallef sou grouss wéi den Asteroid vun 2015, mee den Opprall hätt ëmmerhin nach d’Kraaft vu 50 000 Hiroshimabomme gehat. Wou d’Astronomen du bis seng Trajectoire genee berechent hate konnten se eng Entwarnung ginn.
Sinn sou Katatstrophenwarnungen dann net just eng Panikmaacherei?
Ech denke bei deem Sujet och éischter un Katastrophefilmer wéi un eng reell Gefor. Geschicht weist eis awer, datt mer ëmmer nees vu kosmesche Gestengs getraff ginn, an och vu ganz groussen. Een dovunner huet jo wahrscheinlech d’Dinosaurier ausstierwe gelooss. Et gëtt kee Grond firwat dat an Zukunft net erëm passéiere kéint. Dohier huet d’NASA de Startschoss fir eng Missioun ginn, déi d’Asteroide vun hirer Trajectoire ofbrénge soll.
Si schécken awer keng Atombomm an de Weltall wéi am Film Armageddon?
Nee, dat ass zwar momentan nach déi eenzeg Optioun déi mer hätten, mee et wier awer enorm geféierlech fir en Asteroid an lauter kleng Stécker ze sprengen. Déi staark radioaktiv Stécker kéinte jo dann op d’Äerd erofreenen. Dat hei ass just eng éischt Testmissioun, déi an zirka 2 Joer starte soll. Heibäi soll eng Weltraumkapsel op en Asteroid opschloen, fir en esou ëmzeleeden.
Kéint dat dann net am Contraire bewierken, datt en op eng Trajectoire Richtung Äerd kënnt?
Bei dëser Missioun besteet dës Gefor net, well d’Kapsel am Verglach zu dem Asteroid immens liicht ass, an en nëmme ganz liicht wäert ofbremsen, ongeféier en hallwe Millimeter pro Sekonn.
Dat ass net immens vill...
Jo mee dat kann a munche Fäll duergoen fir d’Trajectoire sou ze änneren, datt en d’Äerd net méi trëfft. An dëser Missioun geet et awer mol drëm fir den Asteroid iwwerhaapt ze treffen. En huet en just Duerchmiesser vun 150 meter, an et huet nach ni eng Weltraumsond esou e klengen Objet uviséiert.
Sou eng Zilgenauegkeet brauch een och bestëmmt fir dem Space mining.
Oh jo, an a béide Fäll hunn d’Ingenieuren an d’Wëssenschaftler nach genuch ze dinn, bis dat klappt. A genee dowéinst bleift d’Fuerschung jo sou spannend!
Wéi vill potentiell geféierlech Asteroide ginn et?
Wéi eng Iddie ginn et nach fir Asteroiden ofzewieren?
Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur & Iwwersetzer: Joseph Rodesch (FNR)