BrandtMarke/pixelio.de

E gudde Parfum hält de ganzen Dag, du selwer richs e just net méi!

Heiansdo froen ech mech, firwat ech iwwerhaapt Parfum benotzen…no puer Minutten ass de Geroch souwisou fort. Verflitt de Parfum sou schnell?

Nee, e gudde Parfum hält de ganzen Dag, du richs e just net méi! De „Problem“ läit meeschtens net beim Parfum, mee bei denger eegener Nues. Déi gewinnt sech nämlech ganz schnell un de Geroch an ignoréiert en dann einfach.

Dat heescht ech sinn deen eenzegen, deen näischt méi richt?

Du, an awer och all aner Leit, déi sech länger Zäit direkt nieft dir ophalen. Stell der mol fir, onst Gehir misst all eenzelne Geroch, dee bei all Otemzuch an d’Nues kënnt, verschaffen – dat géif jo guer net méi fäerdeg ginn! Dofir gi Geréch schonn no kuerzer Zait net méi weiderverschafft an och net méi vun dir registréiert. Een, deen awer nei an de Raum kënnt, richt och däi Parfum. Fir ons Nues ass et wichteg, d’Ännerungen an onsem Ëmfeld ze registréieren, net dat wat d’selwecht bleift.

Dat ass natierlech en Avantage fir Leit déi nieft enger Kläranlag oder engem Schwäistall wunnen…Wéi ass et da mat de Madammen deenen een op 100 m kéint un hirer Parfumswollek nogoen? Richen déi sech och net?

Nee, déi kréien tatsächlech net matt, dass se mat hirem Geroch eventuell hiert Ëmfeld verpeschten…Dat kann awer och nach aner Ursaachen hunn: Verschidde Leit hu vu vireran eng vill besser Nues wéi anerer. Ausserdeem gëtt däi Gerochssënn mam Alter genausou wéi deng aner Sënner ëmmer méi schwaach. An dovun ofgesinn fënnt deen een och vläicht gutt wat deem anere sténkt...

Auteur: Liza Glesener
Photo: © BrandtMarke/pixelio.de

Infobox

Parfumstest:

Wéi laang däi Parfum wierklech hält, kanns de ganz einfach testen andeems de e bësse Parfum op en T-Shirt oder e Schal spréiss an deen an enger Zëmmer hänks wou s de dech net dauernd ophäls. Da gees de vun Zäit zu Zäit erakucken; do wäerts de staunen no wéi vill Stonnen dass de nach eppes richs.

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Onse Gerochssënn ass een Thema ënnert villen aneren, mat deenen d’Fuerscher sech an der Lëtzebuerger Parkinson-Klinik beschäftegen. Parkinson ass eng vun enger Rei Krankheeten, duerch déi onse Gerochssënn sech verschlechtere kann. An der Parkinson-Klinik mécht dofir all Patient e Gerochstest, fir ze kucken, wéi gutt hien nach riche kann. All d’Donnéeën zu de Patienten, déi an der Klinik gesammelt ginn, droen dozou bäi, dass d’Fuerscher sech kënnen e méiglechst komplett Bild vun dëser Krankheet maachen.

Aussi intéréssant

Recherche sur la douleur Comment la réalité virtuelle peut influencer notre perception de la douleur

La distraction comme remède pour atténuer les douleurs. Des chercheuses de l’Université du Luxembourg ont étudié l’utili...

Virtual Reality Just fir Geeks, oder eppes fir jiddereen?

D'virtuell Realitéit gëtt ëmmer méi accessibel fir jiddereen. Wat ass et a wat kënnt op eis duer?

FNR
Studienteilnehmer gesucht Körperwahrnehmung und Stress bei medizinisch unerklärten Symptomen

Inwiefern führen Stress und eine fehlerhafte Kommunikation zwischen Kopf und Körper zu Beschwerden und einer Einschrän...

Aussi dans cette rubrique

Santé des femmes Qu’est-ce que l’endométriose, et comment la traiter ?

Un aperçu sur les symptômes, le diagnostic, les causes ainsi que les traitements en pratique clinique et en recherche et développement de cette maladie chronique qui touche au moins une femme sur dix...

FNR
Atomkraaft Wat ass den Ënnerscheed tëschent engem Atomreakter an enger Atombomm?

D'Kraaft vum Atom huet esouwuel zu grujelege Waffe geféiert ewéi zu enger Stroumquell, déi an 31 Länner benotzt gëtt. De Mr Science erkläert Ënnerscheeder tëschent Atomreakter an Atombomm.

FNR
Schoul a Léieren Wat schwätzt fir a wat géint Schoulnotten?

Lëtzebuerg huet sech an der Grondschoul vun de klasseschen Notte getrennt mee am Secondaire gëllt meeschtens de 60-Punkte-System. Wat seet d'Fuerschung iwwer de Sënn an d'Limitte vun de Schoulnotten?

FNR