Moast

Gentechnik ass e ganz kontroverst Thema. Eent wou et e grousse Gruew gëtt tëscht Verfechter a Géigner, a wou schwaarz-wäiss-Molerei den Débât dominéiert. Mir hunn op science.lu eng Reih Artikele publizéiert, fir ze weisen, dass d'Realitéit éischter gro ass. An engem méi kuerzen Artikel hu mer d'Fro gestallt, ob Gentechnik da lo geféierlech ass:

An enger science.lu-Special-Serie si mer du méi am Detail op Gentechnik agaang. De Jean-Paul Bertemes vu science.lu huet zu deem Thema iwwregens och fir "spiegel online" an "Die Zeit" geschriwwen. Am éischten Artikel vun der science.lu-Serie geet et em folgend Froen:

Wat ass gréng Gentechnik iwwerhaapt? Firwat ass et erwënscht d'Eegenschafte vu Planzen ze veränneren? Wéi riskant ass Gentechnik am Verglach zu der Ziichtung?

D'Äntwerten zu dëse Froe fënns Du hei:

Am zweeten Deel vun der Serie geet et em des Froen:

Firwat fäerten sou vill Leit Genfood? Bis elo gëtt et nach kee Beweis dass Gentechnik schiedlech fir de Mënsch ass. Firwat gëtt dat Thema da sou vill kritiséiert? Ginn et vill transgen Planzen um Maart? A brauche mir iwwerhaapt Gentechnik an Europa?

D'Äntwerten zu dëse Froe fënns Du hei:

An am drëtten Deel vun der Serie geet et em des Froen:

Ass d'Fro "Gentechnik jo oder nee?" iwwerhaapt relevant? Oder sollt den Débât net éischter ronderem Nohaltegkeets-Critèren dréinen? Gëtt et iwwerhaapt een Asaz vu Gentechnik deem d'Kritiker och zoustëmmen? Wéi eng aner Beispiller ginn et, wou Gentechnik fir aarm Leit agesat soll ginn? A gëtt d'Banann mat der Gentechnik gerett?

D'Äntwerten zu dëse Froe fënns Du hei:

Videoproduktioun: Moast
Concept: science.lu / Moast

Aussi dans cette rubrique

Künstliche Intelligenz ChatGPT - Hype oder Revolution in der KI? Fragen an Experten

Wir haben vier Forschende aus dem Bereich der Künstlichen Intelligenz befragt, wie sie das Sprachmodell ChatGPT einschätzen. Hier ihre Antworten.

ÉTAT DES LIEUX SCIENTIFIQUE Est-ce que la pollution aux microplastiques pose un problème ?

Le microplastique se retrouve partout, dans les mers, les sols et l’air. Représente-t-il un danger pour notre santé et pour l’environnement? Que faire pour limiter la pollution? Nous faisons le point...

FNR
Science-Check Are microplastics a problem?

Every now and then there is talk of microplastics - they are supposedly in the oceans, in baby bottles, and even in our blood. But is that a problem?

FNR