
Wat ass iwwerhaapt d'Naturwëssenschaftsolympiad a wéi leeft daat Ganzt of?
D’Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolmypiad ass e Concours fir Schüler déi sech fir d’Naturwëssenschaften interesséiren. Dëse Concours gëtt an 3 Ronnen ausgedroën, fir sou déi Schüler mat de bëschte Kompetenzen an den Naturwëssenschaften ze bestëmmen.
- Qualifikatioun: De November 2015 an all Lycée, dee matmécht. Beispiller vun de Froen stinn ënnert www.nwo.lu.
- Halleffinale: De Dezember 2015. Et gi Froen an theoretesch Aufgaben zu wëssenschaftleche Versich gestallt.
- Finale: Den Januar 2016. Et geet drëm, naturwëssenschaftlech Versich duerchzeféieren.
Wien däerf matmaachen ?
www.All Schüler, deen um oder nom 01.01.1999 gebuer ass.
Wou kann ech mech umellen?
Bei dengem Biologies-, Chimies- oder Physiksprofesser oder direkt iwwert www.nwo.lu
Du fënns all d’Informatiounen iwwert d’Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad op eisem Internetsite www.nwo.lu an op eiser Facebooksäit: www.facebook.com/olympiad.lu
Waat kann ech gewannen?
All Schüler, déi an d’Finale kommen, kréien e Präis an déi beschte 6 Schüler däerfen un der Naturwëssenschaftsolympiad vun der europäescher Unioun (EUSO), déi an Estland ass, deelhuelen. Weider Infoen iwwert d’EUSO op www.euso.ie
Du fënns all d’Informatiounen iwwert d’Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad op eisem Internetsite www.nwo.lu an op eiser Facebooksäit: www.facebook.com/olympiad.lu