
(c) Shotshop
Mr Science, wat genee huet de Spezialist da fir?
Du hues dat scho richteg verstanen: hie wëll Planze sou veränneren, dass mir se als Luuchte kënne benotzen. Egal ob elo als Zëmmerplanz fir de Büro, de Canapéseck, oder als Bam fir Owes d’Stroossen ze beliichten.
Dat kléngt jo no Alice im Wunderland: wéi soll dat da klappen?
D’selwecht wéi bei de Glühwiermecher. Déi kënne liichten, well si en Enzym produzéieren, dee passenderweis Luciferase genannt gouf.
Nom Luzifer, dem Moiesstär?
Genee. Wéinst deem geheimnisvolle Liichten. D’Luciferase erméiglecht dem Glühwiermchen et, fir Energie aus sengem Iessen a Liicht ëmzewandelen. Fir dass dat och Planze kënnen, huet de Fuerscher d‘Luciferase an di aner dofir néideg Moleküller op ganz kleng Nanopartikel gepak. Dunn huet hien eng Planz an eng Léisung mat dësen Nanopartikele geluecht, an huet de Behälter ënner Drock gesat. Doduerch sinn d’Nanopartikelen duerch reng Poren a Planzenblieder gewandert an hu Liicht produzéiert. Bis ewell konnt ee Planzen nëmmen duerch Gentechnik un d‘Liichte bréngen, andeems een de Gen vun der Luciferase an den Génome vun de Planzen agebaut huet. Dat ass awer e längere Prozess a klappt och net ëmmer.
Mat wéi enge Planzen huet de Fuerscher da seng Liicht-Experimenter gemaach?
Mat Brunnenkresse, Rucola, Spinat a gekrauseltem Kabes.
Et ass also éischter eppes fir de Geméisgaart, wann een Owes am Gaart schaffe wëll?
(laacht) D’Planze liichte bis elo nëmme ganz, ganz e bëssen. Fir dass och Beem liichte kënnen, proposéiert hien, dass d’Nanopartikel mat der Luciferase an deenen aneren néidege Moleküllen op d’Blieder vun de Beem gesprutzt ginn. D’Beem sollen d’Partikel da vum selwen ophuelen. Hien wëll dat Ganzt esou weider entwéckelen dass een dat nëmmen ee Mol maache muss, a se dann e puer Joer liichten.
Dee Fuerscher huet jiddefalls vill Fantasie!
Dat stëmmt. Mee ënnert anerem dowéinst bleift d’Fuerschung jo ëmmer esou spannend!
Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Melanie Reuter (FNR)
Foto: Shotshop