
Shutterstock
Bei héijer Loftfiichtegkeet kréie verschidde Leit hir Hoer net an de Grëff
Egal wéi laang ee moies beim Spigel steet d’Hoer ze föhnen, ze kämmen oder ze glätten – soubal een am Hierscht zur Dier aus ass fänken se un ze krauselen an et war alles fir d‘Kaz! Firwat dann nëmmen??
Dat läit un der Struktur vun den Hoer! Déi bestinn haaptsächlech aus Keratin, engem Protein wat vu sech aus d’Form vun enger Fieder huet.
Firwat sinn eis Hoer dann net ëmmer gekrauselt?
Déi Struktur vum Keratin ass zimlech fragil. Beim kämmen oder föhne mëss de déi Fiederform futti an de Keratin ass just e laange riichte Wupp. An esou laang et dréchen ass, hält en déi Form dann och.
A wann et fiicht dobaussen ass? Dann ass méi Waasserdamp an der Loft ...
Jo, an da geet et lass mam Spaass! Keratin huet e puer Zonen, déi zwar wäit ausernee leien mee awer extrem frou mat Waasserstoff sinn! An engem Waasserdeelchen, also an engem H2O sinn 2 Waasserstoff dran. Waasserdeelecher aus dem Waasserdamp kënnen also eng Bréck maachen tëschent zwou Zonen am Keratin déi Wasserstoff gären hunn, an zitt sou de Keratin wéi eng Fieder zesummen!
An esou e klengen Protein kann eis Hoer dann zum Krausele bréngen?
Där si jo onmoosseg vill an eisen Hoer, an all zesumme kennen se d’Struktur vun den Hoer änneren. Wann’s du onheemlech vill kleng Proteiner an den Hoer hues, déi sech zesummen zéien, jo da bleift dem Hoer näischt anescht iwwereg wéi sech och zesummen ze zéien! Deng Krauselen oder Wellen entstinn also reng mechanesch wann et fiicht ass.
Mech interesséiert awer elo nach firwat deng Hoer ëmmer Wellen hunn, och wann et dréchen ass, a meng net! Méi dozou an der Infobox!
Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Shutterstock