Ozempic

Natalia - stock.adobe.com

Zu Lëtzebuerg ass Ozempic aktuell just fir den Traitement vun Typ-2-Diabetes zougelooss.

Ozempic gouf eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt. Beim Typ-2 Diabetes reagéieren d'Kierperzellen net méi richteg op Insulin. Dëst Hormon suergt dofir, datt de Bluttzockerspigel nom Iesse konstant bleift an net ze staark klëmmt. Wann d'Kierperzellen resistent géint Insulin sinn, sou wéi beim Typ-2 Diabetes, klëmmt de Bluttzockerspigel nom Iessen op e geféierlechen Niveau un.

Ozempic bewierkt, datt nom Iesse méi Insulin vum Kierper ausgeschott gëtt - also genee da wann de Kierper es brauch. Dësen Effekt entsteet duerch de Wierkstoff am Ozempic: Semaglutid. Semaglutid imitéiert en Hormon mam Numm GLP-1. Bei Gesonde reguléiert GLP-1 nom Iessen d'Fräisetzung vun Insulin. Bei Typ-2-Diabetiker iwwerhëlt dat Semaglutid, respektiv Ozempic. 

Ausserdeem reduzéiert Ozempic d'Hongergefill. Mam Resultat, datt een sech - och wann ee keen Diabetes huet - méi séier sat fillt respektiv manner Honger huet. An doduerch manner ësst.

Ass et dann och sënnvoll fir Net-Diabetiker, sech Semaglutid ze sprëtze fir ofzehuelen?

Fir d'éischt dat wichtegst: Wann ee just e puer iwwerflësseg Kiloe well lass ginn, déi een sech z. B. iwwer Chrëschtdag ugeluecht huet, da soll een iwwerhaapt keng Medikamenter anhuelen. An deem Fall ass et vill besser an et geet och déck duer, wann een e gesonde Liewensstil adoptéiert: d.h. gesond Ernärung a vill Beweegung.

Bei staark iwwergewiichtegen, adipöse Leit ass dat eng aner Saach. Och si sollten op eng gesond Liewensweis oppassen - an da kënnen hinne Medikamenter zousätzlech beim Ofhuelen hëllefen.

Eng Studie huet zum Beispill gewisen, datt Participanten mat staarkem Iwwergewiicht an der Moyenne 16% Gewiicht verluer hunn, wa si sech sech iwwert en Zäitraum vun 68 Wochen eemol d'Woch Semaglutid gesprëtzt hunn. A Kombinatioun mat enger Verhalenstherapie an engem Regime. Am Vergläichsgrupp, dee just Placebo gesprëtzt huet, hunn d'Participanten just 6% vun hirem Gewiicht verluer.

Dofir ass de Wierkstoff Semaglutid an Europa och zougelooss, fir ënner bestëmmte Conditioune bei Adipositas oder staarkem Iwwergewiicht mat Begleederkrankungen beim Ofhuelen ze hëllefen. Dat Medikament heescht awer Wegovy. Et enthält de selwechte Wierkstoff wéi Ozempic - also Semaglutid - an ass och vun därselwechter Firma, mee ka méi héich doséiert gi wéi Ozempic. Zu Lëtzebuerg huet Wegovy awer aktuell nach keng Zouloossung fir de Marché. An Ozempic ass just fir den Traitement vun Typ-2-Diabetes zougelooss.

Wéi eng Niewewierkunge ka Semaglutid dann hunn?

Wéi bei all Medikament kënne dës Präparater och Niewewierkungen hunn, z. B. Iwwelzegkeet oder Duerchfall. A Studie goufen och nach Daarmverschloss, Entzündung vun der Bauchspeicheldrüs oder eng méi lues Verdauung - déi sougenannt Gastropares beobacht.

Dofir ass et wichteg, datt Medikamenter vum Dokter verschriwwe ginn. Hie weess, woufir se agesat kënne ginn, wéi eng Niewewierkungen se hunn, a wat ee soll maache, wann der antrieden. Dat ass emsou méi wichteg, wann e bedenkt datt een e Medikament op laang Dauer oder souguer liewenslänglech huele muss.

Infobox

Huele Patienten erëm zou, wa se d'Sprëtz ofsetzen?

Eng Studie mat huet gewisen, datt Patiente Semaglutid kontinuéierlech sprëtze mussen, fir net erëm zouzehuelen. An der Studie kruten 803 Leit mat staarkem Iwwergewiicht fir d'éischt alleguer 20 Woche laang Wegogy. Duerno gouf bei engem Drëttel Wegovy duerch e Placebo ersat. No weideren 48 Wochen haten déi Participanten, déi weider Wegovy kruten, weider 8% vun hirem Kierpergewiicht verluer. Participanten, déi de Placebo kruten, haten erëm 7% vun hirem Kierpergewiicht bäigeholl. 

Ech hu gelies, datt Ozempic schwéier ze kréien ass. Stëmmt dat?

Jo, dat stëmmt. Beim Diabetes-Medikament Ozempic gëtt et Liwwerengpäss - och well et an de soziale Medien esou als Hëllef beim Ofhuele gehypt gëtt. Dat ass an deem Sënn schlëmm, datt et d'medezinesch Versuergung vun Diabetes-Patienten a Gefor bréngt. Dofir sollen Dokteren Ozempic och just fir den Traitement vun Diabetes verschreiwen.

Ozempic-Alternativen

Des Medikamenter sinn all rezeptpflichteg an net alleguer zougelooss an/oder disponibel zu Lëtzebuerg. An alle Fall soll e Medikament just ënner medezinescher Betreiung geholl ginn.

Semaglutid (Wegovy)

Wegovy enthält deselwechte Wierkstoff wéi Ozempic - Semaglutid. Anescht wéi Ozempic ass Wegovy vun der European Medicines Agency (EMA) awer an Europa fir d'Behandlung vu staarkem Iwwergewiicht ënner gewësse Conditiounen zougelooss. Zu Lëtzebuerg huet Wegovy awer nach keng Zouloossung um Marché, mee d'Ministesch sot an enger Äntwert op eng Question parlementaire, datt dat awer deemnächst de Fall kéint sinn.

Genee wéi bei Ozempic gëtt bei Wegovy de Wierkstoff Semaglutid 1x d'Woch ënnert d'Haut gesprëtzt, awer an enger méi héijer Dosis. D'Niewewierkunge vu Wegovy sinn awer änlech wéi déi vun Ozempic.

Liraglutid (Saxenda)

De Wierkstoff Liraglutid imitéiert dem Kierper säin eegent Hormon GLP-1, änlech wéi Semaglutid. D'Substanz bewierkt och, datt de Patient manner Honger huet respektiv sech méi séier gesiedegt fillt. Liraglutid ass säit 2015 vun der EMA fir d'Behandlung vu staarkem Iwwergewiicht ënner dem Numm Saxenda zougelooss. 

Resultater aus 5 klinesche Studien hu gewisen, datt bei enger maximaler Dosis vu Saxenda iwwert en Zäitraum vu 40 Wochen d'Participante 7.5% vun hirem Gewiicht verluer hunn. Participanten, déi Placebo kruten, hunn iwwert deselwechten Zäitraum just 2,3% vun hirem Gewiicht verluer. D'Niewewierkunge sinn änlech wéi bei Semaglutid: Iwwelzegkeet, Erbriechen, Duerchfall, Verstoppen. 

Saxenda gëtt och 1x d'Woch ënnert d'Haut gesprëtzt.

Tirzepatid (Mounjaro)

De Wierkstoff Tirzepatid reduzéiert och den Appetit bei Patienten, wouduerch se manner iessen a Gewiicht verléieren. Tirzepatid wierkt op zwou Aart a Weisen: Änlech wéi Semaglutid a Liraglutid imitéiert en d'Hormon GLP-1 am Kierper, dat nom Iessen d'Ausschëdde vun Insulin reguléiert. Doriwwer eraus imitéiert en awer och nach e weidert kierpereegent Hormon mam Numm GIP (glucose-dependent insulinotropic polypeptide), dat den Energiehausalt reguléiert.

Tirzepatid gëtt wéi Semaglutid (Wegovy) och 1x d'Woch ënnert d'Haut gesprëtzt, wierkt awer nach besser wéi Semaglutid. An enger Phas III klinescher Studie hu Participanten, déi 72 Woche laang Tirzepatid kruten, 15-21% vun hirem Kierpergewiicht verluer; Participanten, déi Placebo kruten (a genee wéi déi aner e Regime a Verhalenstherapie) nëmmen 3%. An enger neier Phas III Studie huet een elo erausfonnt, datt Patienten nom Ofsetze vun der Sprëtz awer erëm zouhuelen. 

Tirzepatid ass an den USA fir d'Traitement vun Diabetes a staarkem Iwwergewiicht zougelooss. An Europa ass Tirzepatid ënnert dem Numm Mounjaro awer aktuell just fir d'Traitement vun Diabetes zougelooss. D'Niewewierkunge sinn änlech wéi bei Semaglutid: Haaptsächlech Iwwelzegkeet, Duerchfall, Verstoppen.

Des Medikamenter sinn all rezeptpflichteg an net alleguer zougelooss an/oder disponibel zu Lëtzebuerg. An alle Fall soll e Medikament just ënner medezinescher Betreiung geholl ginn.

Semaglutid (Rybelsus)

Fir Diabetiker gëtt et de Wierkstoff Semaglutid och a Pëlleform. D'Medikament heescht Rybelsus a gëtt zur Behandlung vun Diabetes eemol den Dag ageholl. Patiente kréien awer mat deem Medikament net nëmmen hire Bluttzockerspigel an de Grëff, mee huelen och of. Dëst Medikament ass vun der EMA awer och just fir den Traitement vun Diabetes zougelooss.

Tirzepatid (Mounjaro)

Tirzepatid ass an den USA fir d'Traitement vun Diabetes a staarkem Iwwergewiicht zougelooss. An Europa ass Tirzepatid ënnert dem Numm Mounjaro awer aktuell just fir d'Traitement vun Diabetes zougelooss. D'Niewewierkunge sinn änlech wéi bei Semaglutid: Haaptsächlech Iwwelzegkeet, Duerchfall, Verstoppen.

 

Schafft d'Fuerschung dann u weideren Alternativen fir Leit mat staarkem Iwwergewiicht?

Jo, Wëssenschaftler fuerschen u weidere Wierkstoffer, déi bei der Behandlung vun Adipositas hëllefe kéinten. Staarkt Iwwergewiicht ass nämlech en eeschte gesondheetleche Problem, deen ëmmer méi heefeg optrëtt. D'Medikamenter, déi entwéckelt ginn, hunn deelweis bekannt awer deelweis och ganz nei Wierkungsmechanismen. Et bleift also spannend an der Fuerschung.

Ozempic fir Diabetes

Ozempic, deen de Wierkstoff Semaglutid enthält, wierkt bei Leit mat Typ-2-Diabetes op e puer Manéieren: Semaglutid stimuléiert d'Bauchspeicheldrüs, méi Insulin fräizesetzen, besonnesch no enger Molzecht. Insulin ass en Hormon, deen hëlleft de Bluttzockerspigel erofzesetzen. Et signaliséiert den Zelle vum Kierper, méi Glukose (Zocker) aus dem Bluttkreeslaf opzehuelen.  D'Medikament reduzéiert ausserdeem d'Produktioun vu Glukagon. Glukagon ass och en Hormon, datt d'Liewer stimuléiert, Glukose fräizesetzen. Semaglutid kann och hëllefen, Glukagon erofzesetzen, an esou de Bluttzockerspigel erofzedrécken. Duerch d'Medikament gëtt ausserdeem d'Iesse méi lues vum Mo an den Dënndaarm weidergeleet. Och doduerch gëtt de Bluttzockerspigel nom Iesse stabiliséiert an e Siedegungsgefill provozéiert, dat méi laang unhält.

Laangfristeg ka reegelméissegt Sprëtze vun Ozempic oder Medikamenter mat deemselwechte Wierkstoff dozou bäidroen, den HbA1c-Wäert ze verbesseren. Dat ass e Wäert fir den duerchschnëttleche Bluttzockerspigel iwwert e puer Méint. Wann Diabetiker hire Bluttzockerspigel besser kontrolléiere kënnen, kann de Risiko fir diabetesbedéngte Komplikatioune wéi Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen, Niereproblemer an Nerveschied och erofgoen.

Wéi bei alle Medikamenter ass et noutwenneg iwwert e méiglechen Traitement vun Ozempic bei Diabetes bzw. Wegovy bei Apositas mat engem Dokter ze schwätzen. Dee ka sécherstellen, datt et fir den Eenzelen gëeegent a sécher ass. Et ass wichteg, datt Medikamenter géint Iwwergewiicht als Deel vun engem holistesche Managementplang agesat ginn. Dozou gehéieren och e Regime, Beweegung an eventuell aner Medikamenter.

Auteur: scienceRELATIONS/Hannes Schlender
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Auch interessant

November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR
Gehirentwécklung Firwat ginn et Rietshänner a Lénkshänner?

Ongeféier 90 Prozent vun der Weltbevëlkerung si Rietshänner, zirka 10 Prozent si Lénkshänner. Mä firwat ginn et iwwerhaa...

FNR