© RTL & FNR

Extrait aus dem PISA Wëssensmagazin

Den Therme Manterrupting ass 2015 fir d’éischt opgetaucht, a beschreift de Phenomen datt d’Fraen an ëffentlechen Debaten 2-3 mol méi oft vu Männer ënnerbrach gi wéi d’Männer vun de Fraen. Dëst weisen Analyse vu méi wéi 80 ëffentlechen Debaten1, wou genee sou vill Männer wéi Frae souzen. Männer schwätzen tendenziell och méi laang. Dat hunn och eisen eegenen Analyse vu Kloertextsendunge confirméiert.

Männer hunn an der Moyenne annerhallef mol méi laang geschwat wéi Fraen.

Am Mr Science Experiment wollte mer kucken op mer dat mat enger Schoulklass kënne reproduzéieren, an hunn 6 Jugendlecher aus dem Lycée du Nord vu Woltz - 3 Männer an 3 Fraen - an en Diskussiounsspill verwéckelt, ouni datt si wousste wat d’Ziel vum Experiment war.

De Rescht vun der Klass, déi net diskutéiert hunn, hu genee d’Schwätzzaiten an d’Ënnerbriechunge vun deene jeeweilege Kandidaten opgeschriwwen.

D’Resultat vun der Klass déi mir getest hunn, ass natierlech ganz individuell an huet keng wëssenschaftlech Aussookraft, mee huet eis trotzdem zimlech iwwerrascht. D’Resultater gitt dir am Video gewuer.

D’Spill, wat mer als Ophänkert fir eng Diskussioun geholl hunn, ass als NASA- Spill bekannt. (https://de.wikipedia.org/wiki/NASA-Weltraumspiel) an gëtt oft fir Team Building Aktivitéiten agesat.

1https://www.researchgate.net/publication/275005639_Influence_of_Communication_Partner's_Gender_on_Language

Auteur a Réalisateur: Joseph Rodesch
Produktioun: RTL

Aussi intéréssant

11 et 12 Novembre Science Festival: Un week-end pour expérimenter et s'émerveiller

Une aventure pour toute la famille : la plus grande fête des sciences au Luxembourg est de retour du 9 au 12 novembre à ...

MNHN , FNR
Science Writing Competition 2021 Discover the winners of the writing competition „Research is Everywhere“

Following the launch of the first Science Writing Competition by the University of Luxembourg in June 2021, the Jury con...

Gagnant du Concours National Jonk Fuerscher Journalisme scientifique pour adolescents

Théophile De Moncuit a créé un média scientifique appelé Kidado Sciences. Du haut de ses 12 ans, il aborde des sujets qu...

Aussi dans cette rubrique

Schéi Feierdeeg Firwat léist Chrëschtdag dacks positiv Emotiounen aus?

Trotz Shoppingstress a „Last Christmas“-Gedudels léist Chrëschtdag bei ville Leit positiv Emotiounen aus. Firwat ass dat esou?

FNR
gro Hoer
Faarfpigmenter Firwat kréie mer gro Hoer?

Deen ee kritt se mat 20 Joer, deen anere réischt mat 50. Mee firwat kréie mer gro Hoer?

FNR
Stierwen an Doud Wat geschitt mam Kierper nom Doud?

Allerhellege steet virun der Dier. Vill Leit besichen deen Dag d’Griewer vun hire Verstuerwenen an denken un si. An deen een oder anere freet sech dobäi vläicht, wat mat eis nom Doud geschitt.

FNR