
(C) Shotshop
De “kognitive Virdeel” vun der Méisproochegkeet besteet doranner, datt méisproocheg Kanner a bestëmmte kognitiven Aufgaben, déi déi sougenannten Exekutivfunktioune moossen, besser si wéi Kanner, déi nëmmen eng Sprooch schwätzen.
Firwat hu méisproocheg Kanner Virdeeler an den Exekutivfunktiounen?
Wann e méisproochegt Kand sech an enger vu senge Sproochen ausdréckt, gëtt seng zweet oder drëtt Sprooch automatesch mat aktivéiert. D’Kand brauch dann d’Exekutivfunktiounen, fir sech op déi relevant Sprooch ze konzentréieren an déi Sproochen, déi an deem Moment net benotzt ginn, „auszeschalten“. E méisproochegt Kand benotzt seng Exekutivfunktiounen also indirekt méi wéi e monolinguaalt Kand, wëll et permanent tëschent verschiddene Sprooche muss hin an hier wiesselen.
D’Gehir funktionéiert eigentlech ähnlech wéi ee Muskel, wa verschidde Funktioune méi benotzt ginn, dann entwéckelen déi sech besser.
Well also bei méisproochege Kanner d’Exekutivfunktioune méi musse schaffen, fir e Sproochekonflikt ze léisen (decidéieren, wat fir e Wuert se a wat fir enger Sprooch solle gebrauchen), ginn sie besser an Aufgaben, wou d‘Exekutivfunktioune gefrot sinn. Dëse Fait weist, datt d’Méisproochegkeet net nëmme positiv ass fir déi sproochlech a soziokulturell Entwécklung vum Kand, mee dem Kand och wichteg Virdeeler a Gehirfunktioune bréngen, déi näischt direkt mat der Sprooch ze dinn hunn - mee déi awer wichteg sinn, fir kënnen nei Saachen ze léieren.
Auteuren/Kontakt: LEARN
Photo © Shotshop.com