D'Bréifdauwe kënne Strecke vun iwwer 1000 km zeréckleeën. Wéi maachen se dat, a wéi séier sinn se? De Mr Science mécht eng Course mam Auto géint d'Dauwen.
De Mr Science spillt op engem selwer erfonntenem Héischspannungs - Museksinstrument. En Toun entsteet awer wéi bei all aner Instrument duerch Vibratioune vun der Loft.
Wee fréier am Wanter wollt Uebst a Geméis iessen, deen huet missen op Konserven zréckgräifen. Mee wéi mécht een déi selwer, a sinn se wierklech sou schlecht wéi hire Ruff?
A Carrièren am Süde vum Land gëtt d'Matière Première fir Zement aus dem Fiels gesprengt. Wéi dorausser Zement entsteet a wéi dësen duerno haart ka ginn, erkläert de Mr Science a sengem Experiment.
De Poulet, d'Brout an de Fësch gesinn am Geschäft ëmmer frësch aus, well se richteg an d'Zeen gesat ginn. De Mr Science beschäftegt sech mat der Supermarchésbeliichtung a weist wéi Faarwen eis täusc...