
shotshop.com
Dës läscht ass den Album vu Pearl Jam op Vinyl erauskomm a war schonn am Virverkaf ausverkaf. D’Vinyl-Plack ass einfach net dout ze kréien. A leschter Zäit huet se souguer erëm méi Supporter kritt. Mee wéi kënnt den Toun iwwerhaapt op de Vinyl?
Geräischer si Schallwellen, also Drockschwankungen an der Loft. Bei enger Tounopnam wandelt ee Mikro dës Drockschwankungen an elektresch Schwéngungen ëm. Wann eng Plack hiergestallt gëtt, suergen déi elektresch Schwéngungen dofir, datt d’Informatiounen iwwert den Toun – héich, déif, haart, lues – an enger Rill op der Vinyl-Plack festgehale sinn.
Wéi geschitt dat dann?
D’elektresch Schwéngunge beweegen eng kleng, haart Diamanten-Nol säitlech hin an hier. Si ritzt eng Rill an d’Lackbeschichtung vun enger sech dréinender Scheif. Dës Scheif ass elo awer nach net d’Plack, déi ee kafe kann. Si ass d’Ofdrockform fir déi eigentlech Placken.
Aha – a wéi ginn d’Placken hiergestallt?
Vun der Ofdrockform gëtt als éischt an e puer Schrëtt een Negativ-Ofdrock hiergestallt. Dat ass eng dënn Metallscheif, déi wéi ee Stempel als Pressvirlag fir d’Plack déngt.
Ech fänken un ze verstoe –d’Placke selwer ginn also guer net geritzt?
Ganz genee! D’Placke gi gepresst. Dofir brauch een zwou Pressvirlagen aus Metall: eng fir déi iewescht, déi aner fir déi ënnescht Placken-Säit. Tëschent béide Virlage gëtt gewiermte Plastik gepresst, méi genee gesot Polyvinylchlorid. Nodeems deen sech ofgekillt huet a fest ginn ass, ass et réischt eng Vinyl-Plack.
A wéi entsteet elo do eraus den Toun?
Wann ech d’Plack ofspillen, beweegt sech d’Nol vum Plackspiller an der gepresster Rill hin an hier. Genee wéi d’Diamanten-Nol, déi di am Ufank d'Ofdrocksform geritzt huet. D’Schwéngungen, déi un der Nool vum Plackspiller enstinn, ginn an elektresch Schwéngunge ëmgewandelt an iwwer ee Verstäerker un d'Hautparleuren geleet. Do héiers Du dann erëm den ursprénglechen Toun.
Wéini ass déi alleréischt Tounopnam gemaach ginn?
Eng Plack aus Bëtong!
Auteur: scienceRELATIONS/Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)