Vinyl

shotshop.com

Dës läscht ass den Album vu Pearl Jam op Vinyl erauskomm a war schonn am Virverkaf ausverkaf. D’Vinyl-Plack ass einfach net dout ze kréien. A leschter Zäit huet se souguer erëm méi Supporter kritt. Mee wéi kënnt den Toun iwwerhaapt op de Vinyl?

Geräischer si Schallwellen, also Drockschwankungen an der Loft. Bei enger Tounopnam wandelt ee Mikro dës Drockschwankungen an elektresch Schwéngungen ëm. Wann eng Plack hiergestallt gëtt, suergen déi elektresch Schwéngungen dofir, datt d’Informatiounen iwwert den Toun – héich, déif, haart, lues – an enger Rill op der Vinyl-Plack festgehale sinn.

Wéi geschitt dat dann?

D’elektresch Schwéngunge beweegen eng kleng, haart Diamanten-Nol säitlech hin an hier. Si ritzt eng Rill an d’Lackbeschichtung vun enger sech dréinender Scheif. Dës Scheif ass elo awer nach net d’Plack, déi ee kafe kann. Si ass d’Ofdrockform fir déi eigentlech Placken.

Aha – a wéi ginn d’Placken hiergestallt?

Vun der Ofdrockform gëtt als éischt an e puer Schrëtt een Negativ-Ofdrock hiergestallt. Dat ass eng dënn Metallscheif, déi wéi ee Stempel als Pressvirlag fir d’Plack déngt.

Ech fänken un ze verstoe –d’Placke selwer ginn also guer net geritzt?

Ganz genee! D’Placke gi gepresst. Dofir brauch een zwou Pressvirlagen aus Metall: eng fir déi iewescht, déi aner fir déi ënnescht Placken-Säit. Tëschent béide Virlage gëtt gewiermte Plastik gepresst, méi genee gesot Polyvinylchlorid. Nodeems deen sech ofgekillt huet a fest ginn ass, ass et réischt eng Vinyl-Plack.

A wéi entsteet elo do eraus den Toun?

Wann ech d’Plack ofspillen, beweegt sech d’Nol vum Plackspiller an der gepresster Rill hin an hier. Genee wéi d’Diamanten-Nol, déi di am Ufank d'Ofdrocksform geritzt huet. D’Schwéngungen, déi un der Nool vum Plackspiller enstinn, ginn an elektresch Schwéngunge ëmgewandelt an iwwer ee Verstäerker un d'Hautparleuren geleet. Do héiers Du dann erëm den ursprénglechen Toun.

Wéini ass déi alleréischt Tounopnam gemaach ginn?

Dacks liest een nach, datt déi éischt Tounopnam vun der Mënschheet vum US-amerikaneschen Erfinder Edison gemaach ginn ass. Hien huet mat senge Phonographen 1877 Schallwellen an eng, mat Zënnfolie bespanten, Walz geritzt. De franséischen Erfinder Martinville war awer eigentlech virun him. Hien hat schonn 1860, also 17 Joer virdrun, d’Kannerlidd „Au claire de la lune“ an eng Rußschicht op eng Walz geritzt. Dat ass also déi alleréischt Tounopzeechnung iwwerhaapt! Seng Technik hat nëmmen ee staarken Nodeel: Et konnt een seng Opnam net ofspillen… Eréischt virun e puer Joer ass et Fuerscher gelongen, dass een se erëm lauschtere kann: https://www.youtube.com/watch?v=dcMIOiO9uUI

Eng Plack aus Bëtong!

Kléngt surrealistesch, ass awer wouer: Engem Bëtongfuerscher ass et gelongen, eng Plack aus dësem Material ze maachen! Hien huet dozou modernen, héichfeste Bëtong, deen duerch eng Spezialmëschung eng besonnesch reng Uewerfläch hat, benotzt. Wéi genee hien dës Bëtong-Plack gepresst huet, wëll hien net verroden. Si ass 6 Millimeter déck a kann op all Placke-Spiller ofgespillt ginn. Dann héiert ee „Satisfaction“ vun de Rolling Stones: https://hearthis.at/bln.fm/20151223interviewkocadagbetonschallplatte/

Auteur: scienceRELATIONS/Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch in dieser Rubrik

Reeskrankheet  Firwat gëtt et de Bäifuerer heefeg schlecht, dem Chauffer awer net?  

Aus deemselwechte Grond firwat verschidde Spiller an der virtueller Realitéit schlecht gëtt.

FNR
Klimaschutzbësch Léisst sech de Klimawandel mat Beem stoppen?

Kéint ee genuch CO2 aus der Loft huele fir de Klimawandel ze stoppen, andeems een einfach iwwerall op der Welt lauter Beem planzt?

FNR
Kreativ KI  Wéi weess een, ob en Text vun enger KI geschriwwe gouf?   

Computer-generéiert Texter ginn ëmmer besser. Ginn et Tricken oder Tools fir Texter ze erkennen, déi vun enger KI geschriwwe goufen?  

FNR