Ultraschall 12. Schwangerschaftswoche

West ga obgyn (Wikimedia)

Ultraschall vun engem Foetus an der 12. Schwangerschaftswoch.

De Grond firwat d’Blutt sech an engem Erwuessene sengem Kapp staut ass well deem säin Häerz net fest genuch pompelt fir dass d’Blutt vum selwen erëm EROP an d’Häerz fléisst. En ongebuerene Puppelchen, e Fœtus also, huet dee Problem awer guer net. 

Mä wisou dann net?

Wann’s de schonn eng Kéier en neigebuerene Puppelchen um Aarm has, da weess de jo wéi kleng deen ass. D’Distanz vum Häerz bis an d’Gehir ass ongeféier 10 cm, bei engem Foetus nach manner. D’Häerz brauch also guer net esou fest ze schloën fir dass säi Blutt och nach genuch Wuppes huet fir de Réckwee.

Dat heescht fir seng Gréisst schléit engem Foetus säin Häerz awer schonn zimlech fest!

Nee, et schléit just hallef esou fest wéi engem Kand säint, mä et schléit vill méi dacks. D’Blutt zirkuléiert also vill méi schnell duerch dee klenge Kierper.

Et huet also guer keng Zäit fir sech am Kapp ze stauen !

Genee. En plus läit de Puppelche jo am Fruuchtwaasser an dat huet en Drock vun 5 – 10 mmHg, verglach mat den 760 mmHg vun eiser Atmosphär. Deen Drock vum Fruuchtwaasser verhënnert also dass d’Oderen am Puppelchen sengem Kapp noginn a sech ausdeene, sou wéi deng. Wann d’Odere schéi kleng bleiwen da verléiert d’Blutt keng Vitesse an da staut et sech och net.

Hmm, D’Mutter Natur huet dat also zimlech gutt ausgetüftelt!

Jo, déi huet un alles geduecht. En Fœtus kritt jo och kee Krämpchen an d’Been obwuel en 9 Méint laang d’Knéien unzitt! 

Text: Corinne Kroemer
Foto: West ga obgyn via Wikimedia Commons

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.

Schéck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

D’Fliedermaus an hier Bluttzirkulatioun

Fir d’Fliedermaus schéngt déi Positioun mam Kapp no ënne manner désagréabel ze si wéi fir de Mënsch. Wann ee bedenkt dass si souguer esou schléift kéint ee scho bal mengen et wier gemittlech! Si huet eng grouss Gemeinsamkeet mam Foetus: se ass kleng! D’Häerz kann also ouni Problem d’Blutt an di verschidden Organer pompelen déi all zimlech no beienee sinn. Mee d’Fliedermais hunn nach eng aner Besonnechkeet: si hunn am Gehir eng Art Réckschlagklappen an den Oderen déi verhënneren dass d’Blutt zréckleeft.

    Wou kritt e Foetus säi Sauerstoff hier?

    Ziel an Zweck vun der Bluttzirkulatioun ass et jo fir d’Organer mat Sauerstoff ze versuergen deen an de Longen an d’Blutt opgeholl gëtt. E Foetus ass jo awer am Fruuchtwaasser, seng Longe funktionéieren also nach net. Trotzdem brauche seng Organer Sauerstoff, an dee kritt en duerch de Plazenta vun der Mamm iwwert d’Nuebelschnouer.

    Beim Foetus ass dem Häerz seng eenzeg Aufgab fir d’Blutt mam Sauerstoff wat vum Plazenta kennt an d’Organer ze pompelen.  Bei eis Erwuessenen ass et e bëssen méi komplizéiert well d’Häerz selwer muss kucke fir rëm neie Sauerstoff an d’Blutt ze kréien. Et kann also net einfach drop lass pompelen, mee muss d’Blutt och am richtege Moment an d’Longe schécke fir rëm Sauerstoff ze kréien.

    E Foetus huet also e ganz aneren Zirkulatiounssystem wéi e Kand. De System verännert sech banne puer Stonne während der Gebuert an erméiglecht dem Puppelche fir sech no sengen 9 Méint am Fruuchtwaasser am Bauch un e Liewen an der frescher Loft unzepassen.

      Canicule Journées chaudes et nuit tropicales: Quelle chaleur de plomb !

      À ces conditions les mécanismes de refroidissement de notre corps se heurtent à leurs limites. Surtout dans les agglomér...

      MNHN , FNR
      D'Wierkunge vun der Spermaflëssegkeet Ass Sperma gesond?

      Bei ville Koppele gehéiert Oralverkéier beim Sex dozou. Zum Schluss kënnt d'Ejakulatioun. Ass et eigentlech gesond, de S...

      FNR
      Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

      E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

      FNR

      Aussi dans cette rubrique

      Eng Paus mam Iessen Ass Intervallfaaschte gesond?

      Intervallfaaschte soll gesond sinn a schlank maachen. Awer lount et sech wierklech z. B. op d'Iessen owes ze verzichten? Fir verschidde Leit schonn, seet de Mr. Science.

      FNR
      Schéi Feierdeeg Firwat léist Chrëschtdag dacks positiv Emotiounen aus?

      Trotz Shoppingstress a „Last Christmas“-Gedudels léist Chrëschtdag bei ville Leit positiv Emotiounen aus. Firwat ass dat esou?

      FNR
      gro Hoer
      Faarfpigmenter Firwat kréie mer gro Hoer?

      Deen ee kritt se mat 20 Joer, deen anere réischt mat 50. Mee firwat kréie mer gro Hoer?

      FNR