Bucikah-stuff

Déi Fro kann een net liicht matt Jo oder Nee beäntweren.

Wa Beem keng Blieder hunn, kënnen se keng Photosynthèse méi maachen, an also kee Sauerstoff méi produzéieren. Ma dee brauche mir jo fir ze otmen. Mr Science, ass am Wanter manner Sauerstoff an der Loft?

Ech kann dech berouegen – et ass genuch Sauerstoff do, mee ob es am Wanter manner do ass, dat kann een net liicht matt Jo oder Nee beäntweren. Wa bei eis Wanter ass, ass et Summer op der Südhallefkugel – et gëtt also permanent Sauerstoff produzéiert. Mee vue datt op der Nordhallefkugel méi Beem sinn well méi Land do ass, féiert datt dozou datt an eisem Wanter tatsächlech manner Sauerstoff op der Äerd produzéiert gëtt wéi am Summer[1].

Also geet de Sauerstoffgehalt an der Loft erof?

Jo relativ gesi scho, mee et ass immens wéineg par Rapport zu där Onmass Sauerstoff, déi mir an der Loft hunn. De Sauerstoff an der Loft huet sech iwwer Millioune Joren gebilt an huet sech op 21% agependelt. Am Summer gëtt méi Sauerstoff produzéiert mee d’Variatiounen tëscht Summer a Wanter sinn an der Gréisstenuerdnung vun +/- 2 Dausendstel Prozent.

Du sos: „relativ gesinn“ hätte mer manner Sauerstoff – stëmmt et also net?

Ma wann ee just d’Prozenter kuckt dann ass dat sou. Ma a Wierklechkeet hu mer am Wanter dobausse pro Liter Loft méi Sauerstoff wéi am Summer. Dat läit awer dorun datt, wann et kal ass, d’Loft méi dicht ass. E Liter kal Loft huet ongeféier 5% méi Mass wéi e Liter waarm Loft, doduerch ootme mer pro Otemzuch am Wanter méi Sauerstoff an wéi am Summer.

OK berouegend! D’Beem däerfen also weiderhin am Wanter hir Blieder verléieren.

Auteur : Joseph Rodesch (FNR)
Photo : Bucikah-stuff
Quellen: 
https://de.wikipedia.org/wiki/Kohlenstoffdioxid_in_der_Erdatmosph%C3%A4re

 


[1] RF Keeling, SR Shertz - Nature, 1992

 

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 06/01/16 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

   

Aussi intéréssant

Duerchzoch Wéi vill frësch Loft ass richteg?

Fuerscher erfuersche ganz am Eescht den Duerchzoch a Gebaier. Firwat ass dat sënnvoll an am Ament souguer e besonnesch w...

FNR
Pneumatique L’air peut-il soulever des objets lourds ?

Souffle dans un sac en plastique pour soulever un gros livre qui est posé dessus !

FNR

Aussi dans cette rubrique

Santé des femmes Qu’est-ce que l’endométriose, et comment la traiter ?

Un aperçu sur les symptômes, le diagnostic, les causes ainsi que les traitements en pratique clinique et en recherche et développement de cette maladie chronique qui touche au moins une femme sur dix...

FNR
Atomkraaft Wat ass den Ënnerscheed tëschent engem Atomreakter an enger Atombomm?

D'Kraaft vum Atom huet esouwuel zu grujelege Waffe geféiert ewéi zu enger Stroumquell, déi an 31 Länner benotzt gëtt. De Mr Science erkläert Ënnerscheeder tëschent Atomreakter an Atombomm.

FNR
Schoul a Léieren Wat schwätzt fir a wat géint Schoulnotten?

Lëtzebuerg huet sech an der Grondschoul vun de klasseschen Notte getrennt mee am Secondaire gëllt meeschtens de 60-Punkte-System. Wat seet d'Fuerschung iwwer de Sënn an d'Limitte vun de Schoulnotten?

FNR