Heilpflanzen

Fuerscher sichen ëmmer weider no Stoffer an de Planzen, déi Heelwierkunge kéinten hunn!

Dat kënnt ganz op d’Kraut un! Et huet een zum Beispill laang d‘“Osterluzei“ als Heelkraut benotzt- an Europa a virun allem an der traditioneller chinesescher Medezin. Bis ee festgestalt huet, dass an dëser Planz Inhaltsstoffer sinn, déi de Niere schueden, a Kriibs ausléist- vill vun de stäerkste Gëfter kommen aus Planzen. Et soll een also ëmmer genee wëssen, mat wat fir enger Planz ee säin Téichen kacht.

Awer jee no Dosis kënnen dës Gëfter awer och als Medikament wierken?

An e puer Fäll, jo. Dat bekanntst Beispill ass de Fangerhutt, deen een heefeg, op Bëschweeër an op Lichtunge fënnt. Hei si ganz staark Gëfter dran, déi awer gläichzäiteg ganz wierksam Medikamenter bei Häerzkrankheete sinn— awer just an der richteger Doséierung. Een anert Beispill ass Taxol, dat aus dem Pällem kënnt. Quasi all seng Planzendeeler si ganz gëfteg. Awer an de 60er Joren hun d‘Fuerscher Beweiser fonnt dass d‘Inhaltsstoffer Zelldeelung stéiere kënnen - och déi vu Kriibszellen. Säit den 90er Jore gëtt Taxol dowéinst als Kriibsmedikament agesat.

Firwat produzéiere Planzen sou Substanzen iwwerhaapt?

Well se net fortlafe kënnen… Si schützen sech domat géint Friessfeinden, egal ob dat Insekten oder méi grouss Déiere sinn. Anescht wéi mir, hu si och keen Immunsystem, a mussen dofir mat Chimie géint Krankheete kämpfen. Si produzéieren eng hellewull un Substanzen, do kënnt onseree an de Laboratoiren net am geréngsten drun run. Dacks wësse mir net emol, ob nëmmen ee Wierkstoff oder ee ganzt Gemësch aus der Planz fir déi heelend Wierkung responsabel ass, a wéi e genee an eisem Kierper agräift. Dofir fillen sech sou vill Medezinner mat Heelkraider onwuel. Och well et der nëmme ganz wéineg gëtt, wou wëssenschaftlech bewise gouf, datt se eppes wierken. Ee Beispill ass awer d'Johanniskraut.

Wougéint hëlleft dëst?

Géingt Depressiounen. Et ass genee sou wierksam, wéi traditionnel Antidepressiva.

Dat ass jo beandrockend!

Allerdéngs. Dofir siche Fuerscher ëmmer weider no Stoffer an de Planzen, déi Heelwierkunge kéinten hunn. Nëmmen ee klenge Brochdeel ass bis elo erfuerscht. An grad och a Reebësch , wou et eng enorm Diveristéit u Planze gëtt, waarden nach vill Ausgangsstoffer fir Medikamenter op hir Entdeckung. Dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!

Wou besuergen ech mir am beschten Heelkraider?

Op Nummer sécher geet een an der Apdikt. D’Heelkraider déi do verkaf ginn, sinn op hire Wierkstoff iwwerpréift. Well dëse ka staark schwanken, jee no Standuert, Joreszäit oder esou guer Auerzäit, bei där d’Planz gepléckt gouf. Sou sinn och geféierlech Verwiesslungen ausgeschloss, an et weess ee genee, wat fir eng Planze wierklech an der Kraidermëschung enthale sinn. Ausserdeem kann een sech iwwer méiglech Niewewierkungen oder Wiesselwierkunge mat Medikamenter berode loossen.

d’Tramadol-Story

Tramadol ass een Schmäerzmëttel, dat een däitsche Pharmalaboratoire an de 70er Joren entwéckelt huet. D’Iwwerraschung war grouss, wéi 2013 Wëssenschaftler de Wierkstoff an de Wuerzele vun engem afrikaneschem Bam fonnt hunn. Hat d’Natur Tramadol virun de Mënschen erfonnt? Aner Wëssenschaftler sinn virwëtzeg ginn an hunn eng eegen Ënnersichung gemaach. Si hunn erausfonnt, dass déi lokal Baueren de Kéi Tramadol ginn hunn. Awer net als Schmäerzmëttel, mee fir hier Leeschtungsfäegkeet erop ze setzen. Wann des dann am Schied vun de Beem gerascht hunn, ass den Tramadol-Wierkstoff duerch den Urin an d‘Wuerzele vun de Beem komm.

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Infobox

RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Aussi intéréssant

Portrait « Une réussite pour le Luxembourg et notre groupe de recherche »

Des scientifiques du Luxembourg Institute of Health (LIH) ont reçu le Prix Galien pour leur contribution exceptionnelle ...

LIH
Highly Cited Researchers Le travail multidisciplinaire de Stéphane Bordas, cité encore et toujours

Les travaux de certains scientifiques sont très souvent cités dans les publications. Stéphane Bordas, Professeur d'unive...

Médecine L’hypnose en milieu médical, pour quoi et quelle efficacité ?

L’hypnose est de plus en plus souvent utilisée pour atténuer p.ex. la douleur. Mais, le public est divisé quant à son ef...

FNR