
Fuerscher sichen ëmmer weider no Stoffer an de Planzen, déi Heelwierkunge kéinten hunn!
Dat kënnt ganz op d’Kraut un! Et huet een zum Beispill laang d‘“Osterluzei“ als Heelkraut benotzt- an Europa a virun allem an der traditioneller chinesescher Medezin. Bis ee festgestalt huet, dass an dëser Planz Inhaltsstoffer sinn, déi de Niere schueden, a Kriibs ausléist- vill vun de stäerkste Gëfter kommen aus Planzen. Et soll een also ëmmer genee wëssen, mat wat fir enger Planz ee säin Téichen kacht.
Awer jee no Dosis kënnen dës Gëfter awer och als Medikament wierken?
An e puer Fäll, jo. Dat bekanntst Beispill ass de Fangerhutt, deen een heefeg, op Bëschweeër an op Lichtunge fënnt. Hei si ganz staark Gëfter dran, déi awer gläichzäiteg ganz wierksam Medikamenter bei Häerzkrankheete sinn— awer just an der richteger Doséierung. Een anert Beispill ass Taxol, dat aus dem Pällem kënnt. Quasi all seng Planzendeeler si ganz gëfteg. Awer an de 60er Joren hun d‘Fuerscher Beweiser fonnt dass d‘Inhaltsstoffer Zelldeelung stéiere kënnen - och déi vu Kriibszellen. Säit den 90er Jore gëtt Taxol dowéinst als Kriibsmedikament agesat.
Firwat produzéiere Planzen sou Substanzen iwwerhaapt?
Well se net fortlafe kënnen… Si schützen sech domat géint Friessfeinden, egal ob dat Insekten oder méi grouss Déiere sinn. Anescht wéi mir, hu si och keen Immunsystem, a mussen dofir mat Chimie géint Krankheete kämpfen. Si produzéieren eng hellewull un Substanzen, do kënnt onseree an de Laboratoiren net am geréngsten drun run. Dacks wësse mir net emol, ob nëmmen ee Wierkstoff oder ee ganzt Gemësch aus der Planz fir déi heelend Wierkung responsabel ass, a wéi e genee an eisem Kierper agräift. Dofir fillen sech sou vill Medezinner mat Heelkraider onwuel. Och well et der nëmme ganz wéineg gëtt, wou wëssenschaftlech bewise gouf, datt se eppes wierken. Ee Beispill ass awer d'Johanniskraut.
Wougéint hëlleft dëst?
Géingt Depressiounen. Et ass genee sou wierksam, wéi traditionnel Antidepressiva.
Dat ass jo beandrockend!
Allerdéngs. Dofir siche Fuerscher ëmmer weider no Stoffer an de Planzen, déi Heelwierkunge kéinten hunn. Nëmmen ee klenge Brochdeel ass bis elo erfuerscht. An grad och a Reebësch , wou et eng enorm Diveristéit u Planze gëtt, waarden nach vill Ausgangsstoffer fir Medikamenter op hir Entdeckung. Dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!
Wou besuergen ech mir am beschten Heelkraider?
d’Tramadol-Story
Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)