Rainer Sturm/pixelio.de

Den Hick ass e Reflex vum mënschleche Kierper

Vun engem Moment op deen anere geschitt et: et fänkt een u mat "hicke". Mä firwat hicke mir eigentlech?

Dat ass wann's de wiiss, soten se fréier. Mee lo mol seriö: et gëtt ugeholl, dass den Hick e Reflex ass, deen asetzt, wa bestëmmt Nervenzelle gereizt ginn. Dat kann duerch eng Krankheet oder eng Verletzung sinn, kann awer och sou banal Grënn hunn wéi ze schaarft Iessen, Kuelesaier am Gedrénks oder souguer einfach Nervositéit. Meeschtens ass den Hick och schnell rëm fort – een Här aus den USA war mat sengem awer ganzer 68 Joer geplot an hält domat den offizielle Weltrekord!

Ass den Hick da just eng Plo oder huet en en Zweck?

Un där Äntwert bäissen sech d’Fuerscher nach d’Zänn aus. Et ass weder ganz genau gewosst wat d’Ursaache vum Hick sinn, nach firwat et en iwwerhaapt gëtt. Eng Theorie seet, dass de Mechanismus vum Hick en Iwwerrescht vun onser Entwécklungsgeschicht ass. Notamment geschitt an onsem Kierper beim Hick eppes ganz ähnleches wéi bei engem Kauzekapp, deen iwwert d’Kiemen otemt. Eng aner Theorie seet, dass den Hick Loft aus dem Mo eraus zitt, wouduerch z.B. beim Nieren e Puppelche méi drénke kéint.

Wat geschitt da beim Hick?

Et fänkt un mat enger Zuckung vum Zwerchfell, enger Muskelplack, déi de Broschtkuerf vun der Bauchhiel trennt an ons beim Otmen hëlleft. Direkt dono geet de Loftkanal bei d’Long zou. Doduerch suckels de extrem schnell Loft eran, déi awer direkt quasi géint eng Mauer rennt – dobäi entsteet och dat klassescht Hick-Geräisch.

A wéi ginn ech e rëm lass?

Do gëtt et wahrscheinlech sou vill “Léisungen” wéi's du Leit kenns…

Autor: Liza Glesener
Photo 
© Rainer Sturm/pixelio.de

Infobox

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Et gëtt keng “Hick-Fuerschung” zu Lëtzebuerg, mee wourun awer ganz intensiv gefuerscht gëtt, ass d’Parkinson-Krankheet – an dat ass eng Krankheet déi, nieft ganz villen anere Symptomen, och mat chroneschem Hick a Verbindung bruecht gëtt.

Aussi intéréssant

Canicule Journées chaudes et nuit tropicales: Quelle chaleur de plomb !

À ces conditions les mécanismes de refroidissement de notre corps se heurtent à leurs limites. Surtout dans les agglomér...

MNHN , FNR
D'Wierkunge vun der Spermaflëssegkeet Ass Sperma gesond?

Bei ville Koppele gehéiert Oralverkéier beim Sex dozou. Zum Schluss kënnt d'Ejakulatioun. Ass et eigentlech gesond, de S...

FNR
Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Gebuertsdag A wéi engem Mount hunn déi meescht Leit Gebuertsdag?

All Dag komme Kanner op d'Welt. Mä an ewéi engem Mount hunn eigentlech déi meescht Leit Gebuertsdag?

FNR
Musik und Psyche
Musek a Psyche Firwat wierkt Musek sou staark op eis Stëmmung?

Musek a Sprooch, dat hu just mir Mënschen. Musek wierkt op eise Kierper an op eis Séil, seet de Mr Science.

FNR
Naturschutz am Gaart Ass en Insektenhotel gutt oder schlecht?

Mr Science, iwwerall stinn dës Insektenhoteller mat Äscht a Bambusréiercher, an deenen Insekten niste sollen. Sinn déi eigentlech wierklech sënnvoll fir den Insekteschutz?

FNR