shotshop.com

Salopp kéint ee soen: well Schlagsahn kee Bauschaum ass. Dee gëtt nämlech haart, nodeems sech de Schaum forméiert huet. Schlagsahn dogéint ass ee mëlle Schaum. Déi kleng Loftbléisecher an der Schlagsahn, sinn an engem dräidimensionalen Netzwierk aus klengen uneneen pechenden Fettkuggelen gefaangen. Déi stamen aus der Mëllech a bestinn aus dem selwechte Fett, mat deem och Botter gemaach gëtt. Bei Zëmmertemperatur ass dëst 3D-Fettnetz mëll an d’Loftbléisecher kënne mat der Zäit erausgoen, de Schlagsahn-Schaum fält a sech zesummen.

Kënnt vun do och den Tipp, fir méiglechst kal Ram ze huelen fir ze klappen?

Genee. Am beschten ass och d’Schossel an där se geschloe gëtt, an den Apparat, mat deem een se réiert gëtt, kill. Esou kënne Loftbléisecher, déi beim Schloen entstinn, net erëm direkt aus der Schlagsahn entwëschen, well d’Fettgerüst méi steif ass.

Wat geschitt iwwerhaapt genee wann ee Schlagsahn mécht?

Dat hunn viru kuerzem chinesesch Fuerscher mat bis ewell onerreechter Genauegkeet opgekläert: Mam Schnéibiesem, schléit ee Loftbléisecher an d’Schlagsahn. Déi hunn dann ähnlech wéi Seefeblosen eng reng Haut aus Mëllech-Eewäiss ëm sech. Gläichzäiteg gi beim Schloen déi kleng Fettkugelen, déi an der Schlagsahn schwammen, uneneegedréckt. Si kënnen doduerch matenee verpechen. Mat engem Schlag verpechen ëmmer méi Fettkugelen, si produzéieren een dräidimensionaalt Fettnetzwierk, an deem d’Loftbléisecher festhänken.

A firwat kann ee Ram och „iwwerschloen“, sou datt Botter entsteet?

Wann een d’Ram ze laang schléit, dréckt een d’Fettkugelcher ëmmer weider uneneen. Si lageren sech dann zu ëmmer méi grousse Fettklompen zesummen an dat ass näischt aneschters wéi Botter.

Wat ass iwwerhaapt Ram?

Wann ee frësch gestrache Koumëllech stoe léisst, stockéiert sech un der Uewerfläch eng Ramhaut of. Si besteet aus Fettkugelcher, déi lues erëm erop geklomme sinn. Wann een elo déi iewescht Schicht vun der Mëllech erofschäfft, kritt een eng immens fetthalteg Mëllech an dat ass näischt anescht wéi Ram. Fréier huet ee Gedold gebraucht, haut gëtt dat ganzt acceleréiert, an deem ee Mëllech zentrifugéiert, also am Krees geschleidert gëtt. Doduerch klammen d’Fettkugelcher méi séier erop. Wa méi wéi 30 Prozent Fett an der sou hiergestallter Mëllech enthalen ass, dierf si sech Ram nennen.

Schlagsahn aus der Spraydous

An Spray-Schlagsahn ass Gas ënner Drock geléist. Wann d’Schlagsahn aus der Dous sprëtzt, fält den Drock op ee mol, de Gas bilt vill kleng Gasbléisecher. Ähnlech wéi am Cremant kuerz nom Opmaache vun der Fläsch. Och an der Spray-Schlagsahn gëtt de Schaum duerch een Netzwierk aus Fettkugelcher stabiliséiert. Well si awer anescht wéi beim Schloen net esou fest uneneengedréckt gi sinn, ass d’Netzwierk nach manner stabil wéi a geschloener Schlagsahn. Spray-Schlagsahn fält dowéinst séier erëm a sech zesummen. Fir dat ze ëmgoen, mecht een an der Reegel Schaum-Stabilisatoren dobäi, déi aus Gelatine oder Stäerkt hiergestallt ginn.

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Mr Science op ELDORADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Aussi intéréssant

Kachwëssen Wéi vill Alkohol bleift nom Kachen am Iessen?

Ob Boeuf bourguignon oder Béierzooss fir de Brod: Bei ville Rezepter kënnt Wäin oder Béier an d'Kachdëppen. Mä verkacht ...

FNR
Et kënnt op den “r” un Firwat fänkt d'Mullesaison am September un?

Am Hierscht sti se nees an de Restauranten op der Kaart: Mullen. Mä firwat kommen d'Muschelen eréischt am September nees...

FNR
Chili, Peffer & Co. Firwat ësst een a waarme Länner schaarf?

Bei richteg schaarfem Iesse schweesst ee séier. Mä firwat iessen d'Leit a waarme Länner trotzdeem oft gär schaarf? Et gë...

FNR

Aussi dans cette rubrique

duschen
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR
Aus 215 Meter Héicht Eeër-Challenge vun enger RTL-Antenn zu Jonglënster

E réit Héngeree kann eng Chute aus 215 Meter Héicht iwwerliewen. Wéi dat geet, a firwat de Mr Science mam Olivier Catani NACH op den héige Sendemast eropgeklommen ass, gitt der am Video gewuer.

FNR
Screentime fir Kanner Wéi vill Zäit sollte Kanner virum Ecran verbréngen?

Smartphone, Spillkonsol, Telé, Computer - grouss oder kleng Ecranen si jo haut fest an eis Liewen integréiert. Mee wéi vill Screentime ass eigentlech gutt a wéini soll ech agräifen, Mr Science?

FNR