SKIN, FNR

Video vum Ziel mir keng!

„Ziel mir keng!“ kënnt nom Pisa Wëssensmagazin Sonndes owes op RTL Tëlee. Et kann ee sech d’Episoden awer och op RTL Play an um science.lu Youtube-Kanal ukucken: https://www.youtube.com/user/scienceluxembourg

Wichteg Umierkung vun der Redaktioun: Dës Episod vum Ziel mir keng! war schonn opgeholl, éier d’Studie zum Thema Aarbechtszäitverkierzung vum Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) (an Optrag vum Aarbechtsministère) den 25. Abrëll 2023 presentéiert gouf. Resultater aus där Studie goufen also net an an dësem Ziel mir keng!-Video oder an dësem Artikel berécksiichtegt. Méi Detailer zu eiser eegener Recherche an Informatiounen aus der LISER-Studie ginn et an dësem méi ausféierlechen Artikel op science.lu.

Wann ee sech d’Statistiken ukuckt, dann erkennt een en Trend:

  • Zu Lëtzebuerg schaffen ëmmer méi Leit Deelzäit: Laut Eurostat-Donnéeë waren et der am Joer 2001 11,6% an 2021 schonn 18%.
  • Awer och Vollzäitbeschäftegter schaffen an der Praxis manner: 2012 waren et nach duerchschnëttlech 41,7 Stonne pro Woch, 2019 just nach 40,5. (Ofbildung 1 hei ënnendrënner)
  • Domadder leie mer awer ëmmer nach iwwert dem EU-Duerchschnëtt, oder deem vun eise belschen a franséischen Noperen. (Ofbildung 1)
  • Laut enger Ëmfro vun der Chambre des Salariés wënschen sech och ëmmer méi Salariéen zu Lëtzebuerg manner ze schaffen: den Undeel ass vun 33% am Joer 2018 op 44% am Joer 2021 geklomm.

Ofbildung 1: Tatsächlech geschafften Aarbechtsstonne pro Woch iwwer Zäit fir verschidden europäesch Länner. EU = EU27. Quell: Eurostat

Et gëtt also en Trend hin zu manner Stonne pro Woch schaffen. An am Joer 2022 gouf et och eng Rei Petitiounen zum Thema. An no enger Debatte an der Chamber huet den Aarbechtsministère eng Studie bei Fuerscher vum LISER an Optrag ginn, fir d’wëssenschaftlech Evidenz dozou zesummenzedroen an am lëtzebuergesche Kontext ze resuméieren. D’Resultater vun dëser Studie goufen den 25. Abrëll 2023 presentéiert – kuerz nodeem mir eis eegen, vill méi begrenzt Recherche zum Thema ofgeschloss haten an dësen Ziel mir keng opgeholl haten.

Eis Conclusioune sinn awer änlech: Et ginn tatsächlech wëssenschaftlech fundéiert Argumenter vir eng 35-Stonne-Woch. Et ginn der awer och dergéint. Am „Ziel mir keng!“ huele mir just e puer Argumenter ënnert d’Lupp, andeems mir eis op Resultater vu Fallbeispiller baséieren, déi scho mat reduzéierter Aarbechtszäit experimentéiert hunn.

D’Haaptargumenter vu Petitioune fir eng 35- oder 36-Stonne-Woch zu Lëtzebuerg sinn ënnert anerem eng méi héich Produktivitéit pro Stonn an e bessert Wuelbefanne bei de Salariéen. Kucke mer eis fir d’éischt d’Thema Wuelbefannen un.

Verbessert eng Aarbechtszäitverkierzung d'Wuelbefannen a Gesondheet vun de Salariéeën?

Et ginn eng Rëtsch Studien déi weisen, datt laang Aarbechtszäiten sech negativ op Gesondheet a Work-Life-Balance vun de Salariéen auswierken.

Dat heescht awer net automatesch, datt manner schaffen ëmmer e positiven Impakt huet.

A Länner an deene gezielt d’Aarbechtszäit reduzéiert gouf, wéi z.B. a Frankräich oder an Island, goung et de Salariéen awer duerno effektiv besser, virausgesat hire Salaire ass d’selwecht bliwwen an hiren Aarbechtspensum gouf och reduzéiert.

Datselwecht trëfft fir änlech Experimenter an eenzele Betriber a Groussbritannien a Skandinavien zou.

Eng Metaanalys vu 7 Studien mat Test- a Kontrollgrupp aus Skandinavien seet zum Beispill, datt reduzéiert  Aarbechtszäit zu däitlech manner Stress an neuropsychologesche Symptomer féiert, datt d’Leit besser schlofen a sech allgemeng besser op der Aarbecht spieren.

A Schweden a Groussbritannien goufen et och däitlech manner Krankeschäiner beim Personal.

Den Impakt op d’Work-Life-Balance vun de Salariéë war och an alle Fallstudien, déi mir eis ugekuckt hu, positiv.

A Frankräich a bei engem Versuch bei Volkswagen an Däitschland koum et allerdéngs och zu enger Intensivéierung vun der Aarbecht: d.h. déi selwecht Aarbecht muss a manner Zäit gemaach ginn. Dat kann dann erëm méi Stress bedeiten a war fir verschidde Leit och e Problem.

Trotzdeem kann e festhalen: Am grousse Ganzen geet et den Salariéë  besser, wa se manner schaffen. 

Verbessert eng Aarbechtszäitverkierzung d'Stonneproduktivitéit?

E weidert Argument ass datt ee pro Stonn méi produktiv wier, wann ee manner schafft. 

A Länner mat héijem Wuelstand gëtt et och en Zesummenhang: do wou d’Stonneproduktivitéit héich ass, schaffen d’Leit tendenziell manner Stonne pro Woch.

Ofbildung 2: Produktivitéit pro Stonn an tatsächlech geschaffte Stonne pro Woch a verschiddenen europäesche Länner aus dem Joër 2019. EU27= 100. Quell: Eurostat

Dat ass awer just eng Korrelatioun. D’Stonneproduktivitéit gëtt vu verschiddene Facteure bestëmmt, ënner anerem och vun Investissementer an technologeschem Fortschrëtt.

An Island a Frankräich, a bei Versich a Betriber a Groussbritannien, goung d’Stonneproduktivitéit no der Aféierung vu reduzéierter Aarbechtszäit awer och liicht erop oder op alle Fall net erof.

Et gëtt och eng Studie, déi e positiven Zesummenhang tëscht subjektivem Wuelbefannen a Produktivitéit weist.

Fazit: Et ginn eng Rei Hiweiser, datt reduzéiert Aarbechtszäit zu méi héijer Stonneproduktivitéit féiere kéint.

Aner Argumenter déi dacks FIR reduzéiert Aarbechtszäit genannt gi sinn eng besser Gläichstellung vun de Geschlechter a Reduktioun vun CO2-Emissiounen.  E Resumé vun der wëssenschaftlecher Evidenz heizou fannt dir an eisem Artikel op science.lu.

Wat kascht eng Aarbechtszäitverkierzung?

Et ginn awer och Argumenter géint eng Aarbechtszäitverkierzung: manner Schaffe bei gläichbleiwendem Salaire a Stonneproduktivitéit gëtt deier.

Well de Salaire pro Salarié erop geet a wëll vlait neit Personal muss agestallt ginn.

A wie soll dat bezuelen? De Betrib? Oder de Client?

Oder de Staat, a Form vu reduzéierte Charges patronales an/oder Charges sociales, wéi z.B. a Frankräich. Laut engem Evaluatiounsrapport huet dat de franséische Staat netto 2,5 Milliarden Euro pro Joer kascht.

An engem schwedeschen Altersheem goung een no engem Experiment erëm vu 6 op 8 Stonnen erop, well zousätzlech Personal ze deier war.

D’Finanzéierung vu reduzéierter Aarbechtszäit ass deier, an dofir e Contra-Argument.

Dacks gëtt och gesot, eng reduzéiert Aarbechtszäit wier e gutt Mëttel géint d'Aarbechtslosegkeet. Ma hei zu Lëtzebuerg ass déi zum Gléck éischter geréng. Ma mir hunn éischter de Problem, dass eis a ville Beruffer d'Leit feelen. Oft och nach an deene Beruffer, wou een net einfach d'Produktivitéit steigere kann, wéi zum Beispill an der Educatioun oder an der Fleeg. Dat ass e weidert Contra-Argument.

Wat fir en Impakt eng reduzéiert Aarbechtszäit op d’Kompetitivitéit an de Wirtschaftswuesstem vun engem Land huet, ass schwéier ze moossen, well hei sou vill Facteuren eng Roll spillen. Fir Frankräich hu Fuerscher berechent, datt de PIB tëscht 2001 an 2007 em 1,36% pro Joer méi héich war wéi dat de Fall gewiescht wär wann d’35-Stonne-Woch net agefouert gi wär.

Schlussfazit

Eng 35-Stonne-Woch kann duerchaus Avantage fir de Salarié hunn. Ma fir Patron an/oder Staat kéint et awer deier ginn. An d’Fro ass, ob sou eppes ka finanzéiert ginn, respektiv ob et den Invest wäert ass.

Vläicht ka jo och duerch Digitaliséierung a verbessert Wuelbefanne vun de Salariéen d’Stonneproduktivitéit nach eemol eropgoen, an esou d’Käschten zum Deel kompenséiert ginn.

Et gëtt wuel wëssenschaftlech Studien zu deem Thema, awer well all Kontext ënnerschiddlech a si liwweren déi keng One-Size-Fits-All-Wonnerléisung.

Et soll een sech gutt iwwerleeën, firwat ee reduzéiert Aarbechtszäit aféiere wëll an dann zesumme mat allen Acteuren Zenarien ausschaffen.

Du wëlls méi iwwer d'Thema wëssen? Da kuck der d'Studie vum LISER un, do fannt dir nach vill méi Detailer. 

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Présentatioun : Michèle Weber & Lucie Zeches (FNR)
Lektorat : Jean-Paul Bertemes, Lucie Zeches, Joseph Rodesch (FNR)
Peer-Review: Ferdy Adam, Francesco Sarracino (STATEC)
Grafik: George Dos Santos R., Antone Stepine (Headroom)
Réalisatioun a Schnëtt: Dominique Weber (SKIN)
Kamera: Océane Maître (SKIN)
Luucht : Dave Schmit (SKIN)

Infobox

Aussi dans cette rubrique

FACTCHECK Quels sont les avantages et inconvénients de l’heure d’été ?

Changer d’heure deux fois par an est censé économiser de l’énergie, mais aurait un impact négatif sur la santé. Le point sur ce qu’en dit la science.

FNR
Artificial Intelligence The EU AI Act: driver or brake for research and innovation?

The world's first law to regulate artificial intelligence got the green light: the EU AI Act of the European Union. Three scientific experts explain what they think of the regulations.

29 février
Histoire du calendrier Quelles sont les origines de notre calendrier ?

Le 29 février n'a lieu que tous les quatre ans – pendant ce qu'on appelle les années bissextiles. Mais quelle en est l’explication et comment nos ancêtres ont-ils mis au point notre système calendair...

FNR