
By Kumkum [CC0], from Wikimedia Commons
De Stroossebelag besteet aus Solarzellen
Mr. Science, dat kléngt awer no enger Schnapsiddi!
Dat kéint een esou mengen, jo. D’Iddi koum enger amerikanescher Psychologin, di mat engem Elektroingenieur bestuet ass. Zesummen hunn si eng Firma gegrënnt, fir ebe genau dës Iddi virunzedreiwen. Si waren awer net déi eenzeg. An Holland ass 2014 den éischte Vëloswee gebaut ginn, wou de Belag aus Solar-Panneaue besteet an Enn 2016 ass a Frankräich di weltwäit éischt Solarstrooss ageweit ginn. Ee ganze Kilometer ass mat Solarzelle beluet ginn.
Si Solarzellen net vill ze sensibel fir e Stroossebelag?
A Frankräich hunn se eng 7 Millimeter déck, ganz strapazéierbar Solarzellen-Folie op de Makadamm gepecht. China huet souguer schonn en Deel vun enger Autobunn mat Solarzelle beluet. Déi si mat enger duerchsiichteger Bëtongschicht iwwerdeckt ginn.
Duerchsiichtege Bëtong?
Jo, dat ass e spezielle Bëtong wou Glasfaser dra sinn, déi d’Luucht duerch loossen. Wéis de gesäis, experimentéiert ee mat ville Materialien, fir dass d’Autoen och net un d’Schleidere kommen. Ee grousse Problem ass awer och d’Verschmotzung vun de Solar-Panneauen. Op vill befuerbare Stroosse sammelen sech zum Beispill Knascht vu Pneuen a Bremsscheiwen un. All dës Problemer wëll ee mat Teststrecke besser an de Grëff kréien.
Ginn et da schonn éischt Erfahrungswäerter?
Di franséisch Solarstroossen hunn nëmme bësse méi wéi d’Hallschent vum erhoffte Stroum produzéiert. De Grond dofir waren Donnerwieder, déi d‘Anlag beschiedegt hunn. Et ass also en duerchwuessene Bilan, mee kee kompletten Echec.
Firwat kënnt een iwwerhaapt op d’Iddi, Solarzellen op de Stroossen opzeriichte wann dach op esou villen Diecher genuch Platz wier?
Dat stëmmt. Allerdéngs muss all eenzele Solar-Daach extra un d’Stroumnetz ugeschloss ginn an dat hëlt immens vill Zäit an Usproch. Laang Solarstroossen dogéint sinn ewéi riseg Solarfarme mat nëmmen engem Netzuschloss a bedecken esou och kee wäertvollt Akerland. Wann een elo di komplett Fläch vu Stroossen, Parkplazen an och Trottoiren zesummerechent, da kënnt een op eng riseg Fläch. Fir dass sech dës Iddi och lount, mussen d’Stroossensolarzellen awer nach e gutt Stéck méi bëlleg ginn. Fir den Ament sinn se nach ronn 15 Mol méi deier wéi di bis elo bekannte Solarzellen.
Do mussen sech d’Fuerscher an Ingenieuren also nach ustrengen!
Ma genau dowéinst bleift d’Fuerschung ëmmer esou spannend!
Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Melanie Reuter (FNR)
Photo: By Kumkum [CC0], from Wikimedia Commons