Pixabay

U Solarzellen wéi des hu fréier nëmmen Utopiste gegleeft.

U Solarzellen hu fréier nëmmen Utopiste gegleeft, haut weisen se eis de Wee an eng nei Energiewelt. Déi modernste Generatioun ka souguer Bensin direkt aus Sonneluucht produzéieren.

Heescht dat, an Zukunft kann ee Bensin u Solarzellen zapen?

Bensin wäert et net sinn, awer villaicht Waasserstoff. An domat kann een dann zum Beispill Autoen undreiwen.

Wéi soll dat funktionéieren?

Bis elo konnt een och scho Waasserstoff aus Solarenergie gewannen, dat war awer net immens effizient. Hautdesdaags produzéiere Solarzelle Stroum, a mat dësem Stroum kann een da réischt an engem zweete Schrëtt Waasser splécken. Dat nennt een Elektrolyse an dobäi entsteet Waasserstoff a Sauerstoff, déi béid Komponente vu Waasser.

Ajo Waasser ass jo H2O an dobäi ass den H fir Waasserstoff an O fir Sauerstoff, richteg?

Genee! An där neiste Generatioun vu Solarzellen, un deenen d’Fuerscher schaffen, ka Waasser an engem eenzege Schrëtt gespléckt ginn. Dat heescht, d’Solarzell produzéiert kee Stroum méi, mee direkt Waasserstoffgas.

Mee wisou ass dat sou intressant, Autoe kann ee jo och direkt mat Stroum undreiwen?

Dat stemmt, dat funktionéiert souguer ganz gutt. Solarenergie huet awer en Problem: Et gëtt de Stroum nëmmen, wann och d’Sonn do ass. An dat ass jo leider net ëmmer de Fall.

Do ass eppes drun...

An dëse Problem huet en net nëmmen am Dag, wann sech d’Sonn hannert de Wolleke verstoppt, mee och an der Nuecht. Dat heescht, et misst een de Sonnestroum iergendwéi späicheren, an dat ass en seriöe Problem. Grouss Batterie sinn nach ëmmer deier a wann een de Stroum réischt am zweete Schrëtt fir d’Splécke vu Waasser benotzt, geet immens vill Energie verluer. Dofir wier et genial, wann een d’Sonnenenergie direkt an der Solarzell a Waasserstoff ëmwandele kéint. Dëse kann ee gutt a Gastanke späicheren a benotzten, wann een en wierklech brauch.

An wéini kann ech mer sou Waasserstoff-Solarzellen op mäin Daach montéieren?

Dat ass schwéier ze soen, well si sinn déi allerneisten Iddi, un där d’Solarzellen-Fuerscher schaffen. Zu den Entwécklungen, déi am Moment aus de Laboen op de Marché kommen, gehéieren hauchdënn Solarzellen-Folien. Si sinn sou liicht a flexibel, dass een se bal iwwerall montéiere kann.

Dat ass awer schonns spannend, wat op dem Gebitt geschitt!

Allerdéngs. Hei gesäit een och gutt wei wichteg Fuerschung ass, fir dass mer an Zukunft propper a sécher Energiequellen hunn!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Aussi intéréssant

Concours Jonk Fuerscher Une fenêtre qui fournit de la lumière même la nuit

Lucan Nooi, élève au lycée Josy Barthel de Mamer, a mis au point une fenêtre très spéciale à l’occasion du concours Jonk...

Production durable Produire de l’hydrogène à l’aide du soleil

L’hydrogène, considéré comme une source d’énergie d’avenir, nécessite pourtant lui-même beaucoup d’énergie lors de sa pr...

Smart Cities De la place pour le photovoltaïque : à la recherche de potentiel énergétique en ville

75 % des Européens vivent en ville. Un algorithme 3D développé par le LIST va maintenant aider à identifier les emplacem...

Aussi dans cette rubrique

Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR
Mondhygiène Firwat kritt ee Mondgeroch?

Moies virum Zännwäschen oder no enger gudder Ënnenzopp kee Kuss. Mondgeroch, oder Halitosis, ka bei ville Leit virkommen, mee wéi kënnt et dann iwwerhaapt dozou, dass een aus dem Mond ka sténken?

FNR