Fallows C, Gallagher AJ, Hammerschlag N
D'Iwwerliewenschance bei enger Attack vun engem wäissen Hai si wuel net grouss. Mee glécklecherweis kënnt dat net dacks fir!
Genee! Et goufen déi lescht 5 Joër weltwait an der Moyenne just 10 déidlech Hai-Attacke pro Joer. Dat zielt awer leider net fir d’Moustiquen, déi waren iwwert de selwechten Zaitraum all Joer fir iwwer 600.000 Doudesfäll verantwortlech. Natierlech net, well se dech zerfleeschen, mee well se Krankheete kënnen iwwerdroe – wéi Malaria zum Beispill!
Wéi kann dat da sinn dass mir d’Gefor vun engem Déier spontan esou falsch aschätzen?
Do gi mir vill vun der Gesellschaft an de Medie beaflosst! An zwar net nëmmen a punkto Déieren-Attacken. Fligeraccidenter ginn zum Beispill dacks an de Medien erwähnt. Vill Leit hunn dofir Angscht virum Fléien, obwuel vill méi Leit bei Autosaccidenter ëmkommen! D’Kriminologe kämpfe mat deem selwechte Problem. Spektakulär oder besonnesch schlëmm Mordfäll ginn an de Medie breetgetrëppelt a schockéieren eis natierlech, an dofir menge mer d’Kriminalitéit géif an d’Luucht goen, och wann dat a Wierklechkeet guer net de Fall ass. Eist Gefill fir e Risiko entsprécht also net ëmmer der Realitéit. D’Fuerscher schwätzen hei vun enger sozialer Amplifikatioun vum Risiko! Mee wéi genee d’Medien an d’gesellschaftlech Verhältnisser eist perséinlecht Gefill fir e Risiko beaflossen, dat ass nach net kloer!
Mee d’Fuerscher bleiwen do bestëmmt um Ball a kënnen eis demnächst vläit méi doriwwer erzielen!
Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Fallows C, Gallagher AJ, Hammerschlag N via Wikimedia
Infobox
1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.
Foto © Fallows C, Gallagher AJ, Hammerschlag N via Wikimedia Commons
Shark attack statistics (International Shark Attack File)
Social amplification of risk (publication)
Whose lives count? TV coverage of natural disasters
Public perception of crime (University of Texas website)
Media and risk perception (publication)