Osterhase

© Littlerockphoto/Wikimedia

Wat huet den Ouschterhues wat net jiddereen huet?

Ma well e sou vill Muerten ësst !

Mess de lo de Geck mat mer ? Wat hu Muerten da mat den Aen ze dinn ?

Muerten enthalen immens vill Betakarotin. Dat ass deen orange Faarfstoff deen zu der Famill vun de Karotinoide gehéiert. Bei der Verdauung gëtt de Betakarotin an der Liewer a Vitamin A ëmgewandelt, an dee brauche mer fir gutt kënnen ze gesinn! 

Ok, Betakarotin ass e Faarfstoff, mee wat ass eigentlech eng Vitamin?

Vitaminne si Substanzen déi eise Kierper onbedingt brauch fir gutt ze funktionéieren, mee déi e selwer net kann hierstellen oder zumindest net genuch dervun. Mir mussen déi also ënnert iergendenger Form mat den Nahrungsmëttel ophuelen an eise Kierper verschafft se da weider. Ouni si kéinte verschidde biochemesch Reaktiounen an eisem Kierper net stattfannen, a verschidde Substanze kéinten net hiergestallt ginn. D’Vitamin A zum Beispill brauch eise Kierper fir Rhodopsin hierzestellen.

A Rhodopsin brauche mer fir…?

…ze gesinn ! Dat ass eng photosensibel Protein an der Retin vum Aan. Photosensibel heescht dass se mierkt wa Luucht mat enger bestëmmte Wellelängt op se schéngt. Rhodopsin erkennt zum Beispill nëmme gréng Luucht.

Dat heescht ouni Rhodopsin, an ouni Vitamin A, kéinte mer kee gréng gesinn?

Genee! Dofir ass d’Rhodopsin, also de Vitamin A, extra wichteg fir kennen am hallefdäischteren ze gesinn. Wann een e Mangel u Vitamin A huet da kritt een déi sougenannten Nuechtblannheet, dat heescht et gesäit een näischt méi soubal et owes ufänkt mat dämmeren.

Jo, déi huet den Ouschterhues jo och net, bei mir am Gaart huet e säi Wee op alle Fall gutt fonnt fir d’Eeër ze verstoppen! Mee so Mister Science, du hues jo e Brëll. Firwat ësst du da lo net einfach Tonne Muerten an da gesäis de rëm gutt?

Schéi wier et! Vitamin A ka verhënneren dass deng Siicht sech verschlechtert, mee wa se scho schlecht ass kann ee se net rëm verbesseren. Et kann een héchstens verhënneren dass se nach méi schlecht gëtt.

Also Kanner: ëmmer schéi brav ären Teller Muerten iessen, da gidd der kee Brëlleguckuck!

Text: Corinne Kroemmer
Foto: By Littlerockphoto [CC BY-SA 3.0 (https://creativecommons.org/licenses/by-sa/3.0)], from Wikimedia Commons

Infobox

Aussi intéréssant

D'Wierkunge vun der Spermaflëssegkeet Ass Sperma gesond?

Bei ville Koppele gehéiert Oralverkéier beim Sex dozou. Zum Schluss kënnt d'Ejakulatioun. Ass et eigentlech gesond, de S...

FNR
Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR

Aussi dans cette rubrique

Hühnerei
An d'Schuel geschmass Firwat ginn et wäiss a brong Héngereeër?

Firwat sinn Héngereeër eigentlech wäiss oder brong a wéi kënnt d'Faarf an d'Schuel?

FNR
Optik vum mënschlechen A Wéi vill (Mega-)Pixel huet eist A?

Mr Science, ëmmer méi Bildschiermer a Fotoapparater bidden enorm héich Opléisungen. Wéi vill Megapixel hätten eis Aen eigentlech, wann et Fotoapparater wieren?

FNR
Zaunkönig
Vullegesang Wéi brénge winzeg Villercher et fäerdeg sou haart ze sangen?

Sangvullen hunn zwou speziell Strukturen an hirem Kierper: Loftsäck an e besonnescht Stëmmorgan.

FNR