Doriwwer ass sech d'Fachwelt net eens. Déi eng Wëssenschaftler denken: Nee. Fir richteg Gefiller bräicht ee biologesch-chemesch Prozesser. Aner Fuerscher halen dogéint a soen, datt och d'Prozesser am Gehier nëmmen der Physik follegen. Alles wat a Fleesch a Blutt funktionéiert, kéint een och iergendwann op eng Maschinn iwwerdroen.

Firwat ass et sou schwéier, op dës Fro eng Äntwert ze fannen? 

Wa mir vu Gefiller schwätzen, menge mir an der Reegel net nëmmen déi kierperlech Reaktioun op eng Situatioun. Well dat kënne Maschinne scho laang. Mat enger Abberzuel Sensore vermoosse Roboter schon haut hiert Ëmfeld. Wann een se op d'Säit schubst, registréieren se dat, kommen awer zréck oder sichen sech en neie Wee. Geschitt dat ëmmer op därselwechter Platz, kënne si doraus Conclusiounen zéien an déi nächste Kéier en anere Wee wielen. Mee eng bewosst Erfarung verbannen si domadder wuel net. Well hinne feelt e Bewosstsinn. En eegent "Ech".

Dat heescht mir mussen de Maschinnen e Bewosstsinn programméieren?

Tjo, dofir misste mer fir d'éischt mol genee wëssen, wat dat Bewosstsinn iwwerhaapt ass. Mir Mënschen sinn eis bewosst, datt et eis gëtt. Jiddereen erkennt sech als Individuum. Mee wou genee dëst Bewosstsinn lokaliséiert ass a wéi et entsteet, ass nach e Rätsel. Mir kënnen et net moossen an domadder och net noweisen. Fréier war kloer: et gëtt et just bei Mënschen. Haut gi vill Wëssenschaftler dervun aus, datt och Déieren e Bewosstsinn hunn. A verschiddener iwwerleeë souguer, ob sech Bewosstsinn net vu ganz eleng bilde kéint. Einfach wann d'Wiesen - egal ob et elo biologesch ass oder aus Siliziumchippe besteet - laang genuch léieren an Erfarunge sammele géif. Da kéinten och Maschinnen iergendwann Gefiller hunn. Mee virdru sollt d'Gesellschaft nach driwwer diskutéieren, ob si dat iwwerhaapt sollen, respektiv fir wéi eng Zwecker et sënnvoll wier.

Infobox

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Éditrice an Iwwersetzerin: Michèle Weber (FNR)

Infobox