Tränen Roboter

shotshop.com

Datt nëmmen de Mënsch richteg Gefiller kann hunn, war vill Joerhonnerte laang de Stand vun der Wëssenschaft.

Doriwwer ass sech d'Fachwelt net eens. Déi eng Wëssenschaftler denken: Nee. Fir richteg Gefiller bräicht ee biologesch-chemesch Prozesser. Aner Fuerscher halen dogéint a soen, datt och d'Prozesser am Gehier nëmmen der Physik follegen. Alles wat a Fleesch a Blutt funktionéiert, kéint een och iergendwann op eng Maschinn iwwerdroen.

Firwat ass et sou schwéier, op dës Fro eng Äntwert ze fannen? 

Wa mir vu Gefiller schwätzen, menge mir an der Reegel net nëmmen déi kierperlech Reaktioun op eng Situatioun. Well dat kënne Maschinne scho laang. Mat enger Abberzuel Sensore vermoosse Roboter schon haut hiert Ëmfeld. Wann een se op d'Säit schubst, registréieren se dat, kommen awer zréck oder sichen sech en neie Wee. Geschitt dat ëmmer op därselwechter Platz, kënne si doraus Conclusiounen zéien an déi nächste Kéier en anere Wee wielen. Mee eng bewosst Erfarung verbannen si domadder wuel net. Well hinne feelt e Bewosstsinn. En eegent "Ech".

Dat heescht mir mussen de Maschinnen e Bewosstsinn programméieren?

Tjo, dofir misste mer fir d'éischt mol genee wëssen, wat dat Bewosstsinn iwwerhaapt ass. Mir Mënschen sinn eis bewosst, datt et eis gëtt. Jiddereen erkennt sech als Individuum. Mee wou genee dëst Bewosstsinn lokaliséiert ass a wéi et entsteet, ass nach e Rätsel. Mir kënnen et net moossen an domadder och net noweisen. Fréier war kloer: et gëtt et just bei Mënschen. Haut gi vill Wëssenschaftler dervun aus, datt och Déieren e Bewosstsinn hunn. A verschiddener iwwerleeë souguer, ob sech Bewosstsinn net vu ganz eleng bilde kéint. Einfach wann d'Wiesen - egal ob et elo biologesch ass oder aus Siliziumchippe besteet - laang genuch léieren an Erfarunge sammele géif. Da kéinten och Maschinnen iergendwann Gefiller hunn. Mee virdru sollt d'Gesellschaft nach driwwer diskutéieren, ob si dat iwwerhaapt sollen, respektiv fir wéi eng Zwecker et sënnvoll wier.

Infobox

An nach eemol mat Gefill

Datt nëmmen de Mënsch richteg Gefiller kann hunn, war vill Joerhonnerte laang de Stand vun der Wëssenschaft. Zwar huet den Charles Darwin a sengem Buch "Der Ausdruck der Gemütsbewegungen bei dem Menschen und Tieren" den Déieren och d'Fäegkeet ze Fillen zougeschriwwen, mee säi Wierk gouf séier a fir bal 100 Joer vergiess.

Haut ass d'Fachwelt gespléckt. Een Deel vun de Wëssenschaftler hält dru fest, datt Déieren näischt anescht wéi biologesch Automate sinn. Equipéiert mat Instinkter a Reflexer sinn si "programméiert", an där enger Situatioun ze flüchten an an der anerer unzegräifen, ze friessen oder sech ze verkoppelen. Si weisen zwar all Reaktioune fir Angscht, Freed oder Trauer, mee fir d'Gefill derhannert feelt hinne ganz einfach d'Bewosstsinn. Aner Wëssenschaftler dogéint gesinn net nëmmen d'Bewosstsinn bei Déieren als fait accompli, mee och déif Gefiller wéi Trauer, Matleed, Léift oder Jalousie.

Den Noweis vun hiren Hypotheese bleiwen eis allerdéngs béid Säiten nach schëlleg. Well wärend sech déi kierperlech Reaktioune wéi e verännerte Gesiichtsausdrock, geschäerft Sënn oder e méi héijen Häerzschlag beobachte loossen, kann een dat dermat verbonne Gefill net wëssenschaftlech moossen. An ouni sou Donnéeë kënne mir net sécher wëssen, ob en Déier - oder eben och eng vu kënschtlecher Intelligenz gedriwwe Maschinn - echt Gefiller kann hunn.

Woufir si Gefiller gutt?

Vill Psychologen an Neurowëssenschaftler mengen, datt Gefiller eis hëllefen, de Stroum un Informatiounen anzeuerdnen, deen eis all eis Sënnesorganer liwweren. Wéi mir eng Situatioun bewäerten, hänkt vill vun den Erfarungen of, déi mir am Laf vun eisem Liewe gesammelt hunn. Erliefnis a Gefill späichert eis Gehier zesummen of. A wa mir enger Situatioun nach eemol begéinen, fält d'Entscheedung dacks aus dem Bauch eraus.

Ee Beispill: eng Spann sou grouss wéi eng Hand, mat Hoer un de Been, kéint op eng Gefor hindeiten. Si kéint aggressiv sinn. Oder gëfteg. Oder souguer béides. Genee wësse mir et net. Fir rational ze handelen, feelen eis also ganz einfach d'Informatiounen oder d'Zäit. Gefiller kënnen deen Ament eis Rettung sinn. Wa mir am Laf vun eisem Liewe schlecht Erfarungen a sou enger Situatioun gemaach hunn - och wann et nëmmen duerch Héieresoe vun ängschtlechen Elteren oder grujeleg Geschichten war - kréie mir et mat der Angscht ze dinn. Ass eisen Erfarungschatz dogéint een aneren, reagéiere mir vläicht méi relax, vläicht well mer d'Déieren als Kand fréier selwer an engem Terrarium haten. An da freeë mer eis souguer vläicht éischter iwwert hier Schéinheet.

Wat ass kënschtlech Intelligenz?

Wat de mënschleche Verstand a wat Intelligenz sinn, dozou existéieren haut zwar e puer Theorien, awer et gëtt nach keng ofschléissend Äntwerten op des Froen. Dat mécht et ëmsou schwéier, kënschtlech Intelligenz (KI) ze definéieren. An engem Punkt si sech d'Wëssenschaftler awer eens: d'Fäegkeet ze léieren ass eng Grondviraussetzung fir kënschtlech Intelligenz. Bei der Erfuerschung hunn sech zwou Zorten etabléiert - déi schwaach an déi staark KI.

Déi schwaach KI setzt op Computer an Algorithmen an imitéiert domadder déi kognitiv Prozesser beim Mënsch. Muster a Biller erkennen, geschwate Wierder verstoen oder Text a Sprooch verwandelen si populär Aufgabefelder vu schwaacher KI. Sait e puer Joer ginn et där Applikatiounen och a Laboen, Industriehalen an an eiser Stuff doheem.

Déi staark KI dogéint probéiert, Maschinne selbststänneg Denken a Verstoe bäizebréngen. Op dësem Gebitt steet d'Wëssenschaft nach ganz am Ufank.

Kënschtlech neuronal Netzer (NNN) huele sech d'Organisatioun vum mënschleche Gehier als Virbild, fir Informatiounen ze verschaffen. An der Reegel besti si aus méi Schichte vun Neuronen, a Fachkreesser Layer genannt. Déi eenzel Neuronen, d'Units, si matenee verbonnen. Eng Gewiichtung gëtt un, wéi staark déi jeeweileg Bindung ass. A si leet fest, ob en Neuron säi Géigeniwwer an der nächster Schicht bestäerkt, blockéiert oder keen Afloss drop huet. Des Gewiichtung ännert sech wärend dem Léieren a späichert domadder dat ugeeegent Wëssen.

Maschinellt Léieren (Machine Learning) ass en Usaz, deen op grousse Quantitéiten Donnéeë baséiert. E Computerprogramm gëtt mat ganz villen Donnéeën gefiddert a léiert, doranner Muster ze fannen. Rëntgenopnahmen, Satellittendonnéeën, méisproocheg Texter oder Schachzich am Netz - d'Uwendungsberäicher fir maschinellt Léiere si riseg. No enger Trainingsphas sinn déi Programmer an der Lag, déi selwer geléierte Muster och an neien Datesätz ze fannen an anzeuerdnen.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Éditrice an Iwwersetzerin: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR