Wikimedia Commons

Si wäiss Kondenssträifen um Himmel a Wierklechkeet geféierlech Substanzen?

De Kurt Cobain lieft nach an déi wäiss Kondenssträifen um Himmel sinn a Wierklechkeet geféierlech Substanzen déi d’Bevëlkerung vergëfte sollen. Verschwörungstheorie schéngen ni aus der Moud ze kommen, mee wéi entsteet sou eng?

Mir ginn an eisem Alldag iwwerschwemmt mat Informatiounen déi mer net ëmmer richteg beuerteele kënnen. Vun Natur aus versicht de Mënsch sech seng Welt ze erklären. Fille mer eis onwuel oder verluer, gi mer ufälleg fir esou Theorië well se eis eng ganz einfach Äntwert liwweren.

Jo mee mer hunn dach eis Experten, déi eis Saachen erkläre kennen?

Och en Expert kennt sech meeschtens just a sengem Feld esou richteg aus. Verschwörungstheoretiker picken sech och just déi Beweiser eraus déi se fir hir Theorie brauchen, dofir ginn hier Beweiser och ëmmer esou propper op. Wat an der Wëssenschaft - leider - net de Fall ass. Wann ee sicht fënnt een awer oft séier Géigenargumenter déi dës Theorien entlarven. 

E Verschwörungstheoretiker géif elo behaapten: De Mr Science gëtt bestëmmt bezuelt fir esou eppes ze soen...

Jo, an esou engen Diskussioune komme vill Emotiounen an d’Spill an déi maachen dat mer schwéier mat rationalen Argumenter ze iwwerzeege sinn. Bei enger Verschwörungstheorie geet et meeschtens dorëmmer dass eng gewësse mächteg Elite sech zesummendeet fir am Geheimen iwwert de Verlaf vun der Weltuerdnung ze decidéieren.

Elo sinn ech awer gespaant...

Esou Theorie gëtt et an alle Beräicher: ob eis Gedanke mat den elektromagnéitesche Strahle vun eisem Handy manipuléiert ginn oder angeblech liewenswichteg Impfungen eis a Wierklechkeet krank maachen. Eppes hunn all déi Theorie gemeinsam, mir – déi 'normal' Leit – gi manipuléiert an express domm gehalen. A si mer mol éierlech, wien huet net heiansdo dat Gefill dass 'se' ons net alles soen? 

Dat heescht all Mënsch ass e klenge Verschwörungstheoretiker…

Jo an enger gewësser Weis schonn! 

Auteur: Patrick Kahr
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo: Wikimedia Commons

 

Infobox

Auch interessant

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt ne...

FNR
Forschung am LIST: Wie sieht die Zukunft aus? Ein Lungenmodell ersetzt den Einsatz von Tieren für Experimente

Tierversuche in der Forschung sind äußerst umstritten. LIST-Wissenschaftler Arno Gutleb arbeitet mit seinem Team an eine...

Smartphone-App Gefährliche Substanzen in unserem Alltag

In den meisten Konsumgütern stecken Chemikalien. Doch welche davon sind gefährlich? Wer es herausfinden will, kann die A...