(C) shotshop

Ongeféier 5.8 Millioune Kanner a Jugendlecher leiden an Europa un enger Sproochentwécklungsstéierung. Wat kann een dogéint maachen?

Et ass beluecht datt gewëssen Interventiounen dobäi hëllefen dëse Kanner hir Sprooch ze verbesseren. Leider sinn d‘Informatiounen iwwert d’Effizienz an d’Effektivitéit vun dësen Interventiounen dacks net wäit verbreet an d’Prise en Charge a verschiddene Servicer dacks net konsistent.

Eng Unzuel vun ënnerschiddleche beruffleche Gruppen (zum Beispill Orthophonisten, Psychologen, Linguisten, Logosproffen, Enseignanten, Pedagogen oder Fuerscher) sichen no Weeër fir Kanner mat Sproochentwécklungsstéierungen adequat ze ënnerstëtzen an ze betreien. Dës Gruppe begéine sech awer leider nëmme seele fir sech iwwert déi verschidden Interventiounen auszetauschen.

Collaboratioun mat Fokus op Interventioune fir Kanner

Dofir gouf, am Zäitalter vun “evidenzbaséierter Praxis”, een neit Fuerschungsnetzwierk – eng sougenannte „COST Action“ – gegrënnt. D‘Netzwierk ëmfaasst 36 Länner an nennt sech „D’Verbesserung vun de Kanner hire Sproochkenntnisser an Europa an doriwwer eraus: eng Collaboratioun mat dem Fokus op Interventioune fir Kanner mat Sproochschwieregkeeten an hirer éischter Sprooch [IS1406]" (siehe Infobox).

Et goufe schonn zwou aner „COST Actions“ am Beräich vun der Diagnose vu spezifesche Sproochentwécklungsstéierungen an der Méisproochegkeet. Mee de Fokus loung bei dëse „COST Actions“ weder op den theoreteschen nach op de praktesche Problemer déi sech bei den Interventiounen an der Prise en Charge vun de Kanner stellen.

Wëssenschaft am Beräich Sproochentwécklungsstéierunge stäerken

Dës nei “COST Action” verstäerkt d’Wëssenschaft am Gebitt vun de Sproochentwécklungsstéierungen a verbessert d’Effektivitéit vun de Servicer fir Kanner mat Problemer am Beräich vun der Sprooch. Ausserdeem féiert si zu der Entwécklung vun engem nohaltegen Netzwierk vu Fuerscher déi sech mat de Schlësselfroen am Beräich vun der Sproochentwécklung beschäftegen.

Aus wat besteet déi Cost-Aktioun genee?

D’Netzwierk bidd eng eemoleg Geleeënheet fir datt Fuerscher a Praktiker sech begéine fir des Froen ze diskutéieren, déi verschidden Interventiounen a Prise en Chargen an Europa ënnert d’Lupp ze huelen an doduerch evidenzbaséiert Praxis weider ze fërderen. D’COST Action leeft iwwert déi nächst 4 Joer a besteet aus de folgenden 3 Aarbechtsgruppen (siehe Infobox):

1. Déi sproochlech a psychologesch Grondlage vun Interventioune fir Sproochentwécklungsstéierungen
2. D‘Duerchféiere vun Interventioune fir Sproochentwécklungsstéierungen
3. De sozialen a kulturelle Kontext vun Interventioune fir Kanner mat enger Sproochentwécklungsstéierung

Ee besonnesche Schwéierpunkt vun dëser „COST Action“ läit och an der Fërderung vu Nowuessfuerscher déi en Interessi an dësem Fuerschungsberäich hunn. Ausserdeem fannen och sougenannte „short term scientific missions” statt, wou Fuerscher fir eng begrenzten Zäit op enger anerer Uni kënne schaffen.

Am Moment si 16 Länner aktiv an dëser „COST Action“ involvéiert - dorënner och Lëtzebuerg. D‘Action gëtt geleet vum Dr. James Law vun der Universitéit Newcastle an England an de Responsabele Fuerscher fir Lëtzebuerg ass d‘Dr. Pascale Engel de Abreu aus dem Grupp fir Sprooch a kognitiv Entwécklung (http://langcog.uni.lu/) vun der Universitéit Lëtzebuerg. D’Entwécklung vun der Action kann een op Twitter verfollegen (#COSTIS1406). Ausserdeem bidd sech d’Méiglechkeet fir jiddereen deen Interessi um Thema huet mat Interventiounsexperte Kontakt opzehuelen, zu den Aarbechtsgruppe bäizedroen an un der Konferenz vun der „COST Action“ deelzehuelen.

Auteur: Pascale Engel (Uni Luxemburg)
Photo © shotshop.com

 

Infobox

COST-Aktioun

“Enhancing children's oral language skills across Europe and beyond: a collaboration focusing on interventions for children with difficulties learning their first language.”
http://www.cost.eu/COST_Actions/isch/Actions/IS1406

Aarbechtsgruppen vun der COST-Aktioun

1. The linguistic and psychological underpinnings of interventions for Language Impairment;
2. The delivery of interventions for Language Impairment
3. The social and cultural context of intervention for children with Language Impairment.

Dein Projekt online!

Du hast ein wissenschaftliches Projekt gemacht und willst es mit der Welt teilen? Dann veröffentliche dein Projekt auf Science. Egal ob naturkundliche Entdeckungsreise oder Experiment! Mehr Infos hier: https://science.lu/de/content/projekt-ver%C3%B6ffentlichen   

Auch interessant

Gediechtnes Firwat falen eis heiansdo Wierder einfach net an?

"D‘Wuert läit mir op der Zong“ – Jidderee kennt dat frustréierend Gefill en Wuert ze wëssen an et awer net ze faassen ze...

FNR
Videospiller Maache Ballerspiller aggressiv?

Politiker behaapten et, an de Medie liest een et och ëmmer nees: Videospiller mat Gewalt maachen aggressiv. Stëmmt dat w...

FNR
Oh Jëssess /Buuuhhh! Firwat si munch Mënsche méi fäertereg wéi anerer?

Wann op Halloween op eemol eng grujeleg Gestallt ëm den Eck geschlach kënnt, da kann ee sech emol e bëssen erféieren. Mu...

FNR