© Wikimedia

Film screenshot - "The Flying Deuces"

Leit déi iwwergewiichteg si, beschwéieren sech am Summer oft méi iwwer d’Hëtzt wéi Leit déi méi schlank sinn. Gëtt et dofir eng wëssenschaftlech Erklärung?

Jo et gi wëssenschaftlech Studien déi erklären, dass Iwwergewiichteger Hëtzt manner gutt verdroe wéi Schlanker, an dat ass haaptsächlech op zwou Saachen zréckzeféieren: eng méi déck Fettschicht an eng méi grouss Kierperuewerfläch.

Elo sinn ech awer gespaant op deng Erklärung

De Mënsch muss seng Kierpertemperatur konstant halen. Wäermt gëtt am Kierper duerch chemesch Reaktiounen produzéiert, z.B. bei der Verdauung. De Kierper muss déi Wäermt vu bannen awer erëm no baussen ofginn, soss géif d'Kierpertemperatur permanent klammen. De Kierper leed d’Wäermt also Richtung Haut.

An dobäi hëlleft Fett net....

Genee. Fettgewebe funktionéiert e bëssen wéi eng Isolatiounsschicht vun engem Haus: den Expert géif vu Wärmedämmung schwätzen. Wat déi Fettschicht méi déck ass, wat d’Wäermt manner gutt vu bannen aus dem Kierper un d’Uewerfläch vun der Haut fléisst.

Schweessen ass jo och eng Méiglechkeet wéi de Kierper Wäermt lass gëtt, duerch Verdonstung vu Waasser un der Kierperuewerfläch. Bei enger iwwergewiichteger Persoun ass jo d’Kierperuewerfläch méi grouss, d.h. déi hu méi „Platz“ fir ze schweessen? Kompenséiert dat dann net?

Bei normalen Temperaturen jo, mee wann et waarm ass hëlt déi méi grouss Kierperuewerfläch och méi Wäermt vu baussen op, déi dann an där méi grousser Gesamtmass vum Kierper stockéiert gëtt. A wéi mer gesinn hunn, bei sou Leit net sou gutt no baussen geleet gëtt.

Sou ganz pauschal kann een dat awer net gesinn. Et sinn och nach aner Facteuren déi kënnen en Afloss drop hunn wéi gutt een Hëtzt verdréit, z.B. de Bluttkreeslaf oder Hormonproduktioun.

Wann ech elo richteg kombinéieren: Glace iessen hëlleft nëmme kuerzfristeg fir sech ofzekillen, emol d’Kalorien op de Rëpper hält se eis waarm.

Genau!

Aner interessant Froën hondrëm des Thema:

Wéi ee mat extremer Hëtzt emgeet 

Firwat ass et de Fraen ëmmer méi kal wéi Männer?

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo: Film screenshot - "The Flying Deuces", Public Domain, https://commons.wikimedia.org/w/index.php?curid=6285491

Infobox

Quellen

Cramer MN, Jay O. Biophysical aspects of human thermoregulation during heat stress. Autonomic Neuroscience: Basic and Clinical 196 (2016) 3–13
Anderson GS. Human morphology and temperature regulation. Int J Biometeorol (1999) 43:99–109

Auch interessant

Äiskal ofhuelen Kann een ofhuelen, andeems een doheem d'Heizung erofdréint?

Eise Kierper brauch Energie, fir permanent op Betriebstemperatur ze bleiwen. Kann een dat notzen an duerch manner Hëtzen...

FNR
Iessgewunnechten Firwat kënne verschidde Leit souvill iesse wéi se wëllen - an anerer net?

Vill Leit kennen dat: et ësst een e puer Maufel ze vill - a schonn ass d'Box ze enk. Anerer kënnen dogéint scheinbar ega...

FNR
Plats préparés Une source d’obésité ?

Des nouvelles recherches confirment que la consommation de plats préparés est corrélée au développement de l’obésité. ...

LIH

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR