Person sitting on couch with hat, freezing.

shotshop.com

Fir am Wanter doheem net ze fréieren, brauch ee vill Energie fir ze Heizen. Kéint net de Kierper d'Hëtzen iwwerhuelen? Da géif ee Sue spueren an dobäi souguer nach ofhuelen.

Dat kéint méiglech sinn. Wëssenschaftler hu festgestallt, datt Mënsche bei Keelt méi Energie verbrauchen. An anere Versich si Mais, déi bei niddreger Zëmmertemperatur geschlof hunn, méi schlank bliwwe wéi Mais déi et gutt schuckeleg haten. 

Mënsch a Maus verbrennen hiert Fett, fir Wäermt ze produzéieren. Dovunner gëtt d'Wunneng zwar net waarm, mee Du awer. Du kanns also mol probéieren, deng Heizung erofzedréien - och wann et nach keng eendeiteg wëssenschaftlech Beweiser dofir gëtt, dass De sou tatsächlech ofhuele kanns.

Muss ech mäin Zëmmer dofir an eng Äishiel verwandelen?

Nee. 19 Grad sinn eng gesond Zëmmertemperatur. Japanesch Fuerscher hunn 12 Fräiwëlleger an normale, liichte Kleeder zwou Stonne pro Dag bei 17 Grad sëtze gelooss. No sechs Woche war hire Fettundeel däitlech méi niddreg wéi bei der Kontrollgrupp. An enger hollännescher Etüd hunn d'Fuerscher d'Zëmmertemperatur souguer op 15 Grad erofgedréit - fir sechs Stonnen den Dag. Si hu sech dobäi awer just fir déi brong Fettzellen interesséiert, dës wierke wéi eng Heizung. An déi si méi grouss a méi aktiv ginn.

OK ? D’Fettzellen gi méi grouss – ass dat net kontraproduktiv?

Et gëtt do ën Ënnerscheed tëscht brongen a wäissen Fettzellen (méi dozou och an der Infobox "Fett ass net gläich Fett) hei ënnendrënner). Déi wäiss bilden de Fettpolster deen de Kierper e bëssen isoléiert, an deen och schwiereg ofzebauen ass. Déi brong Fettzellen par conter kënnen hir Energie direkt an Hëtzt ëmwandelen – an dës Energie geet da bei Keelt verluer. An dës Zellen loossen sech neisten Erkenntnisser no och bei Erwuessenen duerch Keelt aktivéieren. En zweeten Effekt ass datt bei Keelt d’Muskelaktivitéit eropgeet, doduerch gëtt ee warm, an déi verbraucht och vill Energie.

En Beweis datt een ofhëllt feelt awer nach – de Kierper ass nämlech keng ganz einfach Maschinn...

Auteur : scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeuren: Michèle Weber (FNR), Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer : Michèle Weber (FNR)

Infobox

Warmblüter Mënsch: Klimaanlag an Heizung inklusiv

Wärend Insekten, Schlaangen oder Eidechsen op Wäermt a Sonn ugewise sinn, kënne Vigel, Mamendéieren an natierlech och de Mënsch hir Kierpertemperatur selwer regléieren. Ass et ze waarm, schalt sech automatesch d'Klimaanlag un: Beim Mënsch besteet si aus zwou bis véier Millioune mini klenger Schweessdrüsen. Dës kënnen zéng bis 14 Liter Schweess den Dag ofginn. Dee verdonst direkt op der Haut. Dat brauch Energie an hält domadder d'Kierpertemperatur op effikass Manéier konstant.

Géint Keelt huet de Mënsch sech scho virun dausende Joren eppes afale gelooss. Well e jo keen eegene Pelz hat - deen am Laf vun der Evolutioun verschwonnen ass - huet en sech schonn zur Äiszäit de Pelz vun Déieren em d'Hëft an d'Schëller geschloen. Awer och den eegene Kierper ka sech nawell gutt waarm halen. Zum Beispill, andeems e Muskele séier uspaant an erëm labber léisst. Wann dorunner nëmmen e puer Muskelfaseren onreegelméisseg bedeelegt sinn, heescht dat Mikrovibratioun. Géint liicht Schudderen ass dat ganz effikass. Wann et dogéint richteg kal gëtt, da beweegen sech ganz Muskelgruppe rhythmesch mateneen. Dat grousst Zidderen huet ugefaangen. Dat geschitt normalerweis, wann d'Kierpertemperatur riskéiert ënner 36 Grad ze falen. Da gëtt uerdentlech gehëtzt, an dat frësst vill Energie: Bis zu 400 Watt Wäermeleeschtung. Dat ass souvill wéi eng mëttelgrouss Infraroutheizung fir déi gutt Stuff. Allerdéngs hält eise Kierper dat net méi laang wéi zwou Stonnen um Stéck duerch.

Fett ass net gläich Fett

Nieft dem Zidderen huet de Mënsch nach eng zweet Waff géint niddreg Temperaturen - dat brongt Fettgewebe. Wärend déi onbeléifte wäiss Variant sech et gär ronderëm Hëften, Hënner a Bauch gemittlech mécht, verbrennt déi brong Variant Fett a stellt Energie a Form vu Wäermt bereet. Dat gëtt méiglech duerch vill Mitochondrien. Des Zellkraaftwierker verwandelen normalerweis Närstoffer an den energieräichen Adenosintriphosphat (ATP) ëm, den universelle Bensin fir all Kierperzellen. Mee am bronge Fettgewebe gi si dovunner ofgehalen a setzen amplaz d'Energie direkt a Wäermt ëm. Thermogenese nennen d'Fuerscher dat. Besonnesch Puppelcher profitéieren dovunner - an dat bei alle Mamendéieren ausser beim Schwäin. Fir Puppelcher ass dat déi eenzegt Quell vun Hëtzt a wichteg fir d'Iwwerliewen. Hire klenge Kierper huet eng grouss Surface an ziddere kënne si nach net.

Wann de Mënsch wiisst - sou huet ee bis viru kuerzem geduecht - verléiert en och dat brongt Fettgewebe. Mee dat schéngt net wouer ze sinn. Well bei engem considerabelen Deel vun erwuessene Mënschen ass et tatsächlech nach ëmmer do an aktiv. Et ka souguer aus wäissem Fettgewebe gebilt ginn. Den Ausléiser dofir si Keeltreizer. Dat hu Fuerscher bei Versich mat Mais erausfonnt; des Resultater loossen sech wuel och op de Mënsch iwwerdroen. Et schéngt wéi wann de Kierper d'Gréisst vu senger Heizung automatesch un d'Konditioune ronderëm sech upasst.

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch interessant

Iessgewunnechten Firwat kënne verschidde Leit souvill iesse wéi se wëllen - an anerer net?

Vill Leit kennen dat: et ësst een e puer Maufel ze vill - a schonn ass d'Box ze enk. Anerer kënnen dogéint scheinbar ega...

FNR
Kierpergewiicht an Temperatur Weem ass et am Summer méi waarm: dem Décken oder dem Dënnen?

Leit déi iwwergewiichteg si, beschwéieren sech am Summer oft méi iwwer d’Hëtzt wéi Leit déi méi schlank sinn. Gëtt et d...

FNR
Plats préparés Une source d’obésité ?

Des nouvelles recherches confirment que la consommation de plats préparés est corrélée au développement de l’obésité. ...

LIH

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR