dick und dünn

shotshop.com

D'Liewen ass ongerecht - z.B. wann et em d'Iesse geet: Déi eng iessen e puer Maufel ze vill, a schonn ass d'Box ze enk. Anerer kënne scheinbar iesse wat se wëllen, ouni zouzehuelen. Wéi kann dat sinn, Mr Science?

Schold dorun ass warscheinlech brongt Fett. Dat hu Wëssenschaftler vun der TU München erausfonnt.

Brongt Fett? Wat ass dat dann?

Brongt Fett an eisem Kierper verbraucht Energie a produzéiert Wäermt. D'Natur huet brongt Fett virun allem fir den Ufank vum Liewe geschaaf. De Kierper vun engem Puppelchen huet en ongënschtegt Verhältnis tëscht Uewerfläch a Volume - a verléiert dofir besonnesch liicht Wäermt. Dat brongt Fett hëlleft hei: et gëtt Energie verbrannt, an de Kierper gëtt erhëtzt - fir z'evitéieren, datt de Puppelche fréiert.

Dat brongt Fett ass anescht wéi dat "normaalt" wäiss Fett. Dat ass deen onbeléifte Speck, deen eis deck mécht. Dat ass einfach eng Energiereserve fir méi moer Zäiten.

Wat huet dat brongt Fett da mam déck ginn ze dinn?

Déi meeschte Leit hunn och als Erwuessener nach brongt Fett - wann och manner wéi bei der Gebuert. Bei hinne ka weiderhin Energie an de "Fett-Uewe" fléissen, amplaz a Form vu Speckpolster gebunkert ze ginn. Sou verhënnert dësen Iwwerrescht aus der Kannerzäit bei hinnen, dat si zouhuelen.

A wéi gëtt dest Fett verbrannt?

Brong Fettzelle ginn duerch Keelt aktivéiert. D'Wëssenschaftler vu München hunn awer elo erausfonnt, datt och Liewensmëttel mat vill Kuelenhydrater dësen Uewen ufeieren. D'Energie aus dem Iesse gëtt also duerch dat brongt Fett verbrannt - a mécht net déck.

Mee wouhier kommen dann d'Ënnerscheeder bei deene verschiddene Leit?

Dommerweis variéiert den Undeel vu brongem Fett bei jidderengem. Fraen hu meeschtens méi dovu wéi Männer. A mam Alter verschwënnt des Zort Fett ëmmer méi. Dat kann ee Grond sinn, firwat virun allem Männer am Alter dozou tendéiere, méi déck ze ginn.

Et ass den Ament just eng vage Iddi. Mee Wëssenschaftler mengen, datt een dat brongt Fett notze kéint, fir Leit mat Diabetis oder Adipositas ze behandelen. Hiert brongt Fett ass net sou aktiv. Verschidde Fuerscher halen et fir méiglech, datt een Zelle vum bronge Fett duerch Medikamenter stimuléiere kéint an sou z.B. bei Diabetiker den Zockergehalt am Blutt reduzéiere kéint. Bei Leit mat Adipositas, déi krankhaft ënner staarkem Iwwergewiicht leiden, kéint sech d'Wierkung vum bronge Fett op en änlech Manéier notze loossen, fir iwwerflësseg Kiloen ze verhënneren oder verschwannen ze doen.

Beim Ëmsetze vun energieräiche Stoffer a Wäermt, der sougenannter Thermogenese, hëllefe Mitochondrien - mini Bio-Kraaftwierker an den Zellen. Vun hinne ginn et der am bronge Fett méi. Déi ronn een Dausendstel Millimeter kleng Mini-Kraaftwierker, déi ënnerschiddlech Formen unhuele kënnen, sinn ausserdeem fir déi giel-brongelzeg Faarf vun dëse Fettzelle responsabel.

Auteur: Ralf Butscher/scienceRELATIONS
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber/FNR

Infobox

De Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch interessant

Äiskal ofhuelen Kann een ofhuelen, andeems een doheem d'Heizung erofdréint?

Eise Kierper brauch Energie, fir permanent op Betriebstemperatur ze bleiwen. Kann een dat notzen an duerch manner Hëtzen...

FNR
Kierpergewiicht an Temperatur Weem ass et am Summer méi waarm: dem Décken oder dem Dënnen?

Leit déi iwwergewiichteg si, beschwéieren sech am Summer oft méi iwwer d’Hëtzt wéi Leit déi méi schlank sinn. Gëtt et d...

FNR
Plats préparés Une source d’obésité ?

Des nouvelles recherches confirment que la consommation de plats préparés est corrélée au développement de l’obésité. ...

LIH

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR