Eise Kierper ass e Spillfeld fir Mikroorganismen. Dorënner si Bakterien an awer och Hiefepilzer. Ass et méiglech dës ze isoléieren an dorausser genuch Hief ze maache fir e Baartbéier ze brauen?

Hiefpilzer sinn eenzel Zellen déi een op vill Planzen a Friichte fënnt. Op eiser Haut, besonnesch op horegen, waarme fiichte Plaze kënnen Hiefen, déi mer eis aus eisem Ëmfeld opgeraf hunn weider liewen an sech reproduzéieren.

Mat Hëllef vu Fuerscher aus dem LCSB (Luxembourg Institute of Systems Biomedicine) konnt de Mr Science no e puer Versich Hiefen aus e puer Baarthoer vum Olivier an him isoléieren. An enger Nährflëssegkeet goufen d’Hiefe wuesse gelooss. D’Bakterien an aner Organisme goufe mat Alkohol respektiv Antibiotik gedéit. No e puer Deeg ware genuch Baarthiefe geziicht fir e Versuch an der Brauerei ze versichen.

Mee net just an der Brauereie ginn Hiefe gebraucht, mee och an der biologescher Fuerschung spillen Hiefen eng wichteg Roll Modelorganisme wéinst hirer Ähnlechkeet zu Mënschen- respektiv Déierenzellen. Si loossen sech am Laboratoire liicht ziichten a genetesch manipuléieren. Um LCSB gi rar Krankheete mat Hëllef vun Hiefzellen erfuerscht.

D’Braumeeschter hunn dem Olivier a Mr Science hier Baarthiefe weider verschafft an fir d’éischt op e liichte Malzextrakt ugesat fir datt sech d’Hiefe weider multiplizéieren a fir ze testen op d’Hiefen aktiv sinn. Et huet sech gewisen datt awer laang net sou hongereg op Malzzocker si wéi normal Béierhiefen.

Ob de Béier am Endeffekt eppes ginn ass gesidd dir am Reportage.

Auteur: Joseph Rodesch
Produktioun: RTL
Intervenant'en: Jean-François Conrotte (LCSB), Antoine Biasino an Joseph Hallack-Wolff (Brauerei Stuff), Ralph Schmitt (Sommelier Restaurant Bräiläffel), Olivier Catani (RTL)
Merci : Adhish Walvekar(LCSB), Dean Cheung (LCSB) , Emily Iversen (FNR), Linda Wampach (FNR)

 Diffusioun: 10/11/19

Infobox

PISA Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op pisa.rtl.lu

Auch interessant

Klimawandel Wat mécht den CO2 op eiser Äerd?

Klimakiller an CO2-Steier - iwwer den CO2 gëtt vill geschwat. De Mr Science erkläert firwat e Gas, deen nëmme knapp 0.04...

FNR , RTL
Stroossebau Gëtt et de perfekte Stroossebelag ?

Grëffeg, resistent a roueg … Dëst sinn nëmme e puer vun den Eegenschaften déi e Stroossenbelag muss hunn. De Mr Science ...

FNR , RTL
Pisa Studie 2018 Das schiefe Bild von Pisa zurechtgerückt

In der Vergangenheit hat das schlechte Abschneiden bei der internationalen Vergleichsstudie in Luxemburg meist zunächst ...

Auch in dieser Rubrik

Gesondheet vun der Fra Wat ass Endometriose a wéi kann ee se behandelen?

Ongeféier all zéngt Fra am gebärfäegen Alter leit ënner dëser chronescher Krankheet, déi mat vill Péng verbonnen ass. Detailer zu Symptomer, Ursaachen, Diagnos, Behandlungsoptiounen a Fuerschung.

FNR
PISA Summerchallenge 2025 Mam Buedbidden-U-Boot duerch de Baggerweier

Den neie Pisa Summerchallenge ass en Experiment mat villen Erausfuerderungen! Eng Geschicht iwwer Courage, net opginn a Sauerstoffmangel.

FNR
Mullen
Et kënnt op den “r” un Firwat fänkt d'Mullesaison am September un?

Am Hierscht sti se nees an de Restauranten op der Kaart: Mullen. Mä firwat kommen d'Muschelen op ville Plazen am September nees op den Dësch?

FNR