alt

shotshop.com

D’Liewenserwaardung geet ëmmer méi an d’Luucht. Zu Lëtzebuerg huet se sech säit 1900 bal verduebelt. A weltwäit sinn haut véier mol méi Mënschen iwwer honnert Joer al wéi nach viru knapp 20 Joer. Kann dësen Trend sou weidergoen, gi mir iergendwann onstierflech?

Dës Fro stellen sech och Wëssenschaftler, also wéi wäit d’Liewenserwaardung nach steige kann, oder ob et ee Maximal-Alter gëtt, dee mir net iwwerschreide kënnen. No all deem wat mir haut wëssen, schéngt et dat awer ze ginn. Dat Erstaunlecht ass nämlech, datt den Doudesalter vum eelste Mënsch net no uewe geet, mee stagnéiert. Déi eelste Fra vun der Welt, d’Franséisin Jeanne Calment gouf 122 Joer al. Aner Super-Aler sinn tëschent 114 an 119 Joer gestuerwen. De Beräich ëm 120 Joer schéngt also eis biologesch Altersgrenz ze sinn.

A gëtt et keng Méiglechkeet, eis Liewenserwaardung weider ze verlängeren?

Munch Altersfuerscher gleewen, datt mir nach méi al kéinte ginn. Si hunn Experimenter mat Labomais a mat aneren Déiere gemaach, deenen hier Liewenserwaardung si duerch streng Regimmer oder Blutttransfusioune mam Blutt vu méi jonken Déieren erhéije konnten.  Et ass awer bis elo nach onkloer, ob sech dës Resultater och op de Mënsch iwwerdroe loossen. Munch Wëssenschaftler gleewen, datt et souguer geféierlech wier, ze versichen, eist Liewe kënschtlech ze verlängeren.

Firwat?

Well da Kriibszellen iwwerhand huele géifen. Nom haitege Stand vun der Wëssenschaft ass et also onkloer, ob a wéi wäit mir eise Maximal-Alter no uewe schrauwe kënnen. Ma schonn haut kënne mir duerch ee gesonde Liewensstil e virzäitegt Eeleren verhënneren, fir méiglechst laang a gudder Gesondheet ze liewen.

Wat ass dat eigentlech: „méi al ginn“?

Et gi verschidden Theorien, firwat eis Zellen an domadder och mir méi al ginn.

Programméierten Zelldoud

Um Enn vu Chromosomen hänke sougenannten Telomere. Bei all Zelldeelung ginn si e bësse méi kuerz, bis se schliisslech opgebraucht sinn. D’Zell kann sech dann net méi weider deelen a stierft.

Fräi Radikaler

Dat si chemesch besonnesch reaktiv Moleküller, déi als Nieweprodukt vun eisem Stoffwiessel entstinn oder duerch Ëmweltaflëss wéi radioaktiv Stralung, oder Chemikalien. Fräi Radikaler zerstéiere wichteg Moleküller an eisen Zellen a loossen se esou méi al ginn.

Glykéierung

Zockeraarteg Moleküller an Eewäisser an eisen Zelle reagéiere mateneen, bei der sougenannter Glykéierung. Et kann een et sech et sou virstellen, datt si ee Karamell-méisseg Moleküll-Netzwierk bilden, dat am Laf vun der Zäit eis Zelle verpecht.

Mitochondrien-Alterung

Mitochondrie sinn d‘„Kraaftwierker“ vun eiser Zell. Am Laf vun der Zäit funktionéieren si awer ëmmer méi schlecht, si ginn ënner anerem duerch fräi Radikaler ugegraff an duerch aner Stoffwiesselproduiten. Wann si der Zell keng Energie méi liwwere kënnen, stierft dës of.

Dës véier Theorië sinn aktuell déi beschte Spueren déi mir hunn wann et ëm d‘biologescht „méi al ginn“ vun eisen Zelle geet, oder dorëms fir eise Kierper ze verstoen. Wahrscheinlech ass d‘„méi al ginn“ eng Kombinatioun vun dësen an nach anere biologesche Virgäng.

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Mr Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR