AdobeStock/Craig Taylor Photo
Umierkung vun der Redaktioun: Dëse Bäitrag baséiert zum Deel op dësem Artikel aus eisem Archiv: https://science.lu/de/perseide-2023/hoehepunkt-des-sommerlichen-sternschnuppenregens
Zur Zäit beweegt sech d’Äerd duerch eng Stëbswollek, déi de Koméit Swift-Tuttle op senger Ëmlafbunn hannert sech zitt. An dëser Stëbswollek si kleng Stécker a Partikelen, déi vum Koméit ofgebréckelt sinn – sougenannte Meteoroiden. Déi triede mat immens héijer Vitesse (60 km an der Sekonn!) an déi iewescht Atmosphäre vun der Äerd an a vergléien do. Dobäi hannerloossen se eng Liichtspuer, déi mir als Stäreschnäiz um kloren, däischteren Nuetshimmel gesinn.
Stäreschnäize sinn also keng Stären?
Nee. Stäreschnäize si wéi gesot Brochstécker vun engem Koméit, déi op manner wéi 100 km Distanz vun der Äerduewerfläch an d’Äerdatmosphär andréngen. Stäre si riseg Bullen aus gliddegem Gas, déi um Nuetshimmel liichten, awer vill Liichtjore vun eis ewech sinn. Ee Liichtjoer entsprécht ongeféier 9,46 Billioune Kilometer. Déi meescht Stären an der Mëllechstrooss, déi mir mat bloussem An gesinn, sinn ongeféier 1000 Liichtjore wäit ewech.
Twinkle, twinkle, little star?
Den nooste Stär zu der Äerd ass eis Sonn – am Duerchschnëtt 150 Millioune km wäit ewech. Si huet en duerchschnëttlechen Duerchmiesser vun 1,39 Millioune km an ass kloer mat bloussem An ze gesinn! Den zweetnooste Stär zu der Äerd – Proxima Centauri an der Mëllechstrooss – ass 4,24 Liichtjore wäit wech, awer net mam bloussen An ze gesinn. De Proxima Centauri ass vill méi kleng wéi d‘Sonn: Wann d’Sonn ee Basketball wier, wier Proxima Centauri e Golfball. An e liicht och vill manner staark. Déi meeschte Stären, déi mir um Nuetshimmel mat bloussem An gesi kënnen, sinn ongeféier 1000 Liichtjore wäit ewech. Stäre liichte, well an hirem Zentrum duerch Atomkäre matenee verschmëlzen (Kärfusioun). Dobäi entsteet enorm vill Energie, déi an Hëtzt a Liicht konvertéiert gëtt. Wéi hell e Stär liicht seet näischt iwwert seng Distanz zu der Äerd aus. Et gi Stären déi méi hell liichte wéi anerer; e Stär dee just schwaach liicht ka méi no si wéi een deen hell liicht.
Firwat gesäit een dann aktuell sou vill Stäreschnäizen?
Et gesäit ee grad elo sou vill Stäreschnäizen, well sech d’Äerd an der Nuecht vum 12. op den 13. August 2024 duerch deen Deel vum Himmel beweegt, wou déi meescht Stécker vum Swift-Tuttle sengem Koméite-Schwanz sinn. An der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg kann een theoretesch bis zu 60 Stäreschnäize pro Stonn beobachten. Awer och an den Nuechte virdrun an duerno sinn der vill ze gesinn, et ass also derwäert dëser Deeg an den Himmel ze kucken – besonnesch well d’Wiederprevisioun gutt ass.
Déi Stäreschnäizen, déi een den Ament beobachte kann, gi Perseide genannt. Well wann een hiren Ursprong zréckverfollegt, läit deen am Beräich vum Stärebild Perseus.
D’Stärekonstellatioune Perseus a Kassiopeia bei Rostock an Däitschland. (AndreKo, CC-BY via Wikimedia Commons)
Wat sinn dann déi bescht Konditioune fir Stäreschnäizen ze gesinn?
D’Perseide gesäit een op der ganzer Nordhallefkugel. Am beschte sichs Du dir eng ganz däischter Plaz, wou’s du méiglechst vill vum Himmel gesäis a Beliichtung vu Stroossen oder Gebaier net stéiert. Gëff dengen Ae bis zu 20 Minutten, fir sech komplett un d’Däischtert ze gewinnen. Sëtz dech gemittlech an e Stull oder lee dech op de Buedem, sou dass du entspaant no uewe kucke kanns.
D’Stäreschnäize kënnen iwwerall um Himmel optauchen – wéini a wou genee kann een net viraussoen. Et ass net néideg a Richtung vum Stärebild Perseus ze kucken. Allerdéngs hëlleft et ze wëssen, wéi héicht d’Konstellatioun um Himmel steet. Si wandert wärend der Nuecht a wat se méi héich steet, wat ee méi Stäreschnäize gesäit. D’Konstellatioun erreecht hiren héchste Punkt an de fréie Moiesstonnen – dat ass dann och de beschte Moment fir ze kucken, just éier et hell gëtt. Deen Ament stéiert och kee Moundliicht méi, well den Hallefmound, dee mir grad hunn, geet kuerz no Mëtternuecht schonn ënner.
D’Perseide sinn och nom Héichpunkt nach bis de 24. August ze gesinn.
Auteuren: Lilia Hassouna & Michèle Weber (FNR)
Editeur : Michèle Weber (FNR)
Merci dem Lisa Krämer-Ruggiu fir zousätzlech Explikatiounen zu der Zesummesetzung vum Swift-Tuttle Koméit.
Infobox
Ocana F et al. (2013) Physico-chemical properties of 109/Swift-Tuttle debris. 44th Lunar and Planetary Science Conference.
Bockelée-Morvan D, Biver N. 2017 The composition of cometary ices.Phil. Trans. R. Soc. A 375: 20160252. http://dx.doi.org/10.1098/rsta.2016.0252.
https://ssd.jpl.nasa.gov/tools/sbdb_lookup.html#/?sstr=109P%2FSwift-Tuttle&view=OPC
https://www.sciencedirect.com/science/article/abs/pii/S0019103522001300
https://science.nasa.gov/solar-system/meteors-meteorites/perseids/
https://www.space.com/33677-comet-swift-tuttle-perseid-meteor-shower-source.html
https://education.nationalgeographic.org/resource/meteor/
https://science.nasa.gov/universe/stars/
https://www.timeanddate.com/astronomy/meteor-shower/perseid.html