
Tim Reckmann/pixelio.de
Tenside fënns de souwuel am Shampoing, am Gel an an der Seef.
Shampoing fir d’Hoer, Duschgel fir de Kierper a beim Lavabo e Block Seef fir d’Hänn… Gëtt et e Grond, net einfach ee Produit vu Kapp bis Fouss ze benotzen?
Dat éischt wat s de fir dës Äntwert muss wëssen, ass, wéi dat mam Wäschen iwwerhaapt funktionéiert.
Also Mr Science, de Grondprinzip dovun huet meng Mamm mer scho viru Jore bäibruecht!
Nee, ech mengen natierlech d’Chimie derhannert! An all Wäschmëttel si Substanzen, déi sech ëm Fett op eiser Haut, eisen Hoer, oder och um knaschtegen Teller festsetzen – se fänken d’Fett an, fir dass d’Waasser et kann ewechspullen. Dës sougenannt Tenside fënns de souwuel am Shampoing, am Gel an an der Seef .
Aha – also ass et effektiv egal mat wat ech mech wäschen.
Jein. Eng natierlech Seef aus Déieren- oder Planzefetter, huet par Rapport zu Shampoing oder Gel ee groussen Nodeel: An haardem Waasser, zum Beispill mat vill Kallek, bilden sech kleng Kristallen, déi s de net onbedéngt an déngen Hoer wëlls hunn. Am Shampoing an am Gel sinn Zousazstoffer, déi dat verhënneren.
A bei Waasser ouni Kallek…?
Häss de dee Problem och mat Seef net. Och mat Duschgel oder souguer mat verdënntem Spullmëttel kanns de deng Hoer genau sou gutt propper kréie wéi mat Shampoing. Trotzdem ass Shampoing fir de Kapp besser, well do nieft dem eigentleche Wäschmëttel nach aner Stoffer dra sinn, déi speziell fir d’Hoer geduecht sinn: ënner anerem souer déi d’Kämme méi einfach maachen, d’Hoer virum Verdréchne schützen oder dofir suergen, dass se manner statesch opgeluede sinn.
Autor: Liza Glesener
Foto: © Tim Reckmann/pixelio.de