Laptop Internet

shotshop.com

Eng Studie vun 2013 schätzt de Stroumverbrauch vum Internet an allen dorun ugeschlossene Apparater op ongeféier 7% vum weltwäite Stroumverbrauch.

Dat hänkt dovun of, wéi grouss se ass: wat méi Daten iwwer d’Netz verschéckt ginn, wat méi Energie dofir noutwenneg ass. Bei enger E-Mail mat enger Foto oder Dokument am Attachment, deen 1 Megabyte grouss ass, ginn Schätzunge no ongeféier 25 Wattstonne Stroum verbraucht. Dat wier esou, wéi wann eng 60-Watt-Bir 25 Minutte laang brenne gelooss giff ginn. Dat produzéiert ëm 20 Gramm CO2. Bei Zëmmertemperatur sinn dat 10 Liter vun dësem klimaschiedleche Gas.

OK, Dat ass méi wéi ech geduecht hätt!

Eng E-Mail, mat nëmmen Text, ass awer nëmmen e puer Kilobyte kleng. Déi produzéiert da nëmmen een Zéngtel oder Honnertstel vun dëser Mass. Ma wann een e Video hëlt, deen eng Minutt laang ass oder ëm déi 7 Megabyte grouss ass, an et publizéiert een dësen an engem sozialen Netzwierk, da gëtt däitlech méi CO2 produzéiert. A wann 1000 Leit de Video gesinn, da si mir scho bei ronn 7 Gigabyte un Daten, déi iwwer d’Netz verschéckt ginn! Dat stéisst sou vill CO2 aus, wéi 1000 Kilometer Autofueren. Wéi kënnt een op esou eng Schätzung? Dat kanns du an der Infobox noliesen. 

Wou gëtt dann de Stroum fir den Dateverkéier verbraucht?

Zu ongeféier engem Drëttel beim User, also duerch de Computer oder den Handy, manner wéi een Drëttel verbraucht d’Netz, iwwer dat d’Daten lafen an de Recht kënnt duerch de Server, op deenen d’Date gespäichert ginn. Well mëttlerweil ëmmer méi Daten an der Cloud gespäichert ginn, also a risegen Hale mat ville Computerserveren, verbrauchen dës Datenzentren ëmmer méi Stroum. Dobäi entsteet och vill Wiermt. Dowéinst ginn Datenzentre gären a Länner gebaut, an deenen et éischter kill ass, wéi an Irland oder Schweden.

Kéint een déi verlueren Hëtzt vun den Datenzentrume da benotzen?

Et gëtt effektiv éischt Datenzentren, deenen hier Ofwiermt an e Fernwärmenetz agespeist gëtt. Verschidde Start-uppe verfollegen och d’Iddi, Datenzentren do ze bedreiwen, wou Wiermt gebraucht gëtt. Et gi schon zum Beispill kleng Datenzentren an d’Betribsraim vu Schwämme verluecht, fir d’Waasser ze hëtzen. An eng franséisch Firma bitt Heizkierper un, déi eigentlech Computer sinn.

Wéi funktionéiert dat?

Dës computer Heizkierper si matenee vernetzt, sou datt Berechnungen, déi se musse maachen verdeelt kënne ginn. Ech hu vun engem Fall gelies, wou eng grouss Bank Berechnungen mat Hëllef sou Heizkierper mécht.

A wéi ass et mat der Sécherheet? Kënnen sou Computer-Heizkierper gehackt ginn?

Dat ass d’Erausfuerderung vun de Software-Ingenieuren: wéi schützt een se virun Hacker a wéi vernetzt een se esou, datt se ee méiglechst effiziente Rechenréseau bilden. Dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!

Nach e puer aner Froen...

Wéi berechent een, wéi vill Stroum eng E-Mail verbraucht?

Sou Berechnunge kënnen ëmmer nëmme Schätzunge sinn, bei deenen ee bestëmmte Suppositiounen hëlt. Déi franséisch Energiespueragence ADEME huet folgend getraff, fir op hiert Resultat vun 20 Gramm CO2 pro E-Mail ze kommen.

  • 80% vum Stroumverbrauch ginn net op den aktuellen Empfang oder d’Sende vun der Mail zeréck, ma op d’Produktioun vum Empfänger/Sender-Gerät selwer. Dëst muss bei all seriéiser Studie berécksiichtegt ginn, an ass hautzedaags Standard bei esou Schätzungen. Wéi ginn dës 80% berechent? D’Fuerscher vun der Studie gi fir all 1MB E-Mail vun enger Notzungsdauer vu 5 Minutten aus (Du notz däin Handy/Computer wärend 5 Minutte just fir dëst E-Mail ze liesen) an  deelen dëst duerch d’Liewensdauer vum Apparat. Dëse Wäert multiplizéiere si mat dem CO2 Ausstouss bei der Produktioun vum Apparat (den CO2 Ausstouss beim Recycelen oder Entsuerge vum Apparat gëtt iwwregens net mat berécksiichtegt).
  • D’E-Mail gëtt net ausgedréckt.
  • D’E-Mail gëtt eréischt no engem Joer endgëlteg aus dem Postfach geläscht. Wat d’Späicherdauer méi laang ass, ëm sou méi Energie verbraucht se op de Servere vun den E-Mail Provideren.
  • Fir d’Endgerät vum User gëtt eng Stroumversuergung mam franséischen Energiemix ugeholl, also mat héijem Atomstroumundeel, bei deem manner CO2 ufält wéi bei Stroum aus Kuelekraaftwierker. De CO2-Ausstouss vun den Datenzentre gëtt mam weltwäitem Duerchschnëtt vum Stroummix berechent.
  • An de Rechnunge fléissen och d‘ugeholle Liewensdauer vun den Endgeräten wéi och de Server an de Komponente vum Datennetz eran. Well bei hirer Hierstellung gëtt och Energie verbraucht a CO2 produzéiert.
  • D’E-Mail mat Unhang ass 1 Megabyte grouss a gëtt innerhalb vu Frankräich verschéckt.

Et gesäit een also, datt vill Suppositioune getraff gi mussen, fir den Energieverbrauch an de CO2-Ausstouss pro E-Mail ze berechnen.

Dës opwenneg Berechnung ass am Juli 2011, opgestallt ginn. Säit deem sinn d’Serveren an den Datenzentre méi effizient ginn, verbrauchen also manner Energie pro Megabyte. An der Zomm gëtt dat awer duerch de ganz staark steigenden Dateverkéier méi wéi ausgeglach.

Wéi vill Stroum verbraucht dat weltwäit Datennetz?

Eng Studie vun 2013 schätzt de Stroumverbrauch vum Internet an allen dorun ugeschlossene Apparater op ongeféier 7% vum weltwäite Stroumverbrauch. Dat ass méi wéi Japan oder Däitschland u Stroum verbrauchen. Den internationalen Dateverkéier hëlt ëmmer weider zou. Sou soll en sech bis 2022 verduebelen. Ee grousse Schub gëtt duerch ëmmer méi matenee kommunizéiere Maschinnen erwaart, wat mam Schlagwuert Industrie 4.0 ëmschriwwe gëtt. An sollten autonom  Autoen iergendwann ee mol op eise Stroossen ënnerwee sinn, missten dës och permanent grouss Datemengen ënnerteneen oder mat hirer Leitstruktur austauschen. Een Enn vun der Datenlawinn ass also net a Siicht.

Wéi kënnen Datenzentre „méi gréng“ ginn?

Well ëmmer méi Verbraucher ëmweltbewosst sinn, versiche grouss Internetprovider op erneierbar Energien ëmzesteigen. Sou liwweren a munche Fäll Wandparken niewent Datenzentren de Stroum fir de Betrib. Et gëtt och Iddien, sou Datenzentre mateneen ze vernetzen. Wann un engem Standpunkt grad vill Wand bléist a Stroum produzéiert gëtt, kéinte Recheleeschtungen an Dateverkéier virgezunn iwwer dës Datenzentren ofgewéckelt ginn. Fir de Stroumverbrauch fir d’Killung vun de Serveren ze reduzéieren, verfollegt Microsoft d’Iddi, Datenzentren ënner Waasser ze bedreiwen, also am Mier. Dofir ginn d’Serveren an enger Aart stationärem U-Boot agebaut. D’Mierwaasser suergt da fir d’Killung vum Server.

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Auch interessant

Screentime fir Kanner Wéi vill Zäit sollte Kanner virum Ecran verbréngen?

Smartphone, Spillkonsol, Telé, Computer - grouss oder kleng Ecranen si jo haut fest an eis Liewen integréiert. Mee wéi v...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR