RTL, FNR

Den Trick fir ouni Schued aus dem Mouer eraus ze komme verréit de Mr Science um Schluss vum Video.

Moueren (DE: Moor) si biologesch héich intressant Landschaften, déi ee net méi dacks hei zu Lëtzebuerg gesäit, si brauchen nämlech e kaalt a fiicht Klima. Am Géigesaz zu engem Sumpf ass e Mouer dat ganzt Joer ënner Waasser. D'Gebidder an denen de Reportage gedréint ginn ass gi vun Natur an Ëmwelt wéinst hirer grousser Biodiversitéit ënnerhalen. De Konzefenn bei Wäisswampech ass sou e Gebitt wat iwwer Trëppelweeër accessibel ass.

En aneren Kuelestoffzyklus wéi am Bësch

Am Géigesaz zu dem Bëschbuedem, wou Mikroben, alles wat vu Blieder an Äscht déi op de Buedem falen direkt zersetzen, gëtt am Mouer déi ganz organesch Matière ënner Waasser konservéiert.

Am Bësch huet een e Kuelestoffkreeslaf: D'Beem huelen den Kuelendioxid (CO2) aus der Loft op, a wandelen dësen an Zocker, also a Planzebausteng (och Kuelewaasserstoffer oder organesch Matière genannt) ëm. Dës Reaktioun heescht Photosynthese a produzéiert och niewebäi de Sauerstoff. Wann elo am Hierscht d'Blieder op de Buedem falen, da ginn dës vu Bakterien déi um Buedem liewe gefriess, dobäi gëtt den Zocker aus der Planz erëm zréck a Kuelendioxid ëmgewandelt. En Deel vum Kuelestoff bleift awer a Form vu Planzefaseren am Stamm, de Wuerzelen an an den Äscht gespäichert.

Am Mouer fënnt d'Zersetzung duerch Mikroben um Buedem quasi net statt, well ënner Waasser kee Sauerstoff ass, deen d'Mikrobe brauche fir ze funktionéieren. D'Mouere späicheren also och nom Doud vun de Planzen de Kuelestoff, an ginn sou no an no zu engem risege Kuelestoffspäicher: Obwuel nëmmen 3% vun der Äerd mat Moueren bedeckt si späicheren se méi wéi duebel sou vill Kuelestoff wéi all Bëscher vun der Welt.

Doduerch hunn Moueren eng wichteg Roll fir d'Klima, well mat manner Kuelendioxid an der Loft den Dreifhauseffekt manner staark ass.

Torf: den energieräiche Buedem aus dem Mouer

Am leschte Joerhonnert goufen d'Moueren awer massiv dréche geluecht fir fräi Felder ze kréien. De Mouerbuedem (Torf) ass an der gedréchenter Form brennbar well en zum groussen Deel aus Kuelestoff besteet. E gouf dohier Fréier och hei zu Lëtzebuerg agesat fir ze hëtzen, an Finnland ass en als Hëtzmëttel haut nach beléift. A Schottland gëtt am „Torfrauch“ de gekéngtene Geescht geréischtert fir en „torfesche“ Malz ze kréien, dee bei der Produktioun vun torfesche Whisky'en onersetzbar ass.

A grousse Gebidder an Däitschland a Niedersachsen awer och a méi ëstleche Länner gëtt den Torfbuedem awer haaptsächlech ofgebaut fir d'Gäertnereie weltwäit ze beliwweren. Den Torf ass fir de Planzebuedem enorm interessant. En ka vill Waasser späicheren, en hält gutt zesummen a mécht de Buedem lëfteg.

Un der Loft zersetzt den Torf sech allerdéngs no a no wann en als Planzebuedem an den Asaz kënnt, an dobäi gëtt de ganzen (iwwer dausende Joren) gespäicherte Kuelestoff fräigesat. Domat gëtt den Torf e richteg grousse Klimagasproduzent. Eleng dowéinst soll een torffräi Alternativen am Gaart benotzen, mee och fir déi biologesch immens interessant Gebidder ze schützen.

Am Mouer versenken

An Horrorgeschichte ginn dacks Leit a Moueren ënner - a reegelrecht verschlongen. Dat ass allerdéngs net méiglech. Wéi am Reportage gewise, kann een am Mouer net ënnergoen, well d'Dichte vum Mouer ze grouss ass. Et sackt een natierlech e klengt Stéck an, mee wann een sech net beweegt schwëmmt een um Mouer wéi e Stopp um Waasser. Ruckarteg Beweegunge kënnen allerdéngs provozéieren datt een sech e Stéck weider no ënner zitt. Den Trick fir ouni Schued aus dem Mouer eraus ze komme verréit de Mr Science och um Schluss vum Video.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Merci: Mireille Molitor (Natur an Ëmwelt)
Produktioun: crossfire Media (Ben Andrews, JJ Pardilla)
Diffusioun: RTL