Frühling

Adobe Stock

Fir dee grénge Faarfstoff Chlorophyll oder grénge Blatstoff ze bilden, brauchen d'Planze verschidde Mineralstoffer wéi Eisen, Magnesium a Mangan. Si zéien dës mam Waasser aus dem Buedem an transportéieren se an d'Blieder. Do verdonst d'Waasser a gëtt dobäi d'Mineralien of. Dëse Prozess leeft am Fréijoer un. Am Ufank ass also nach net vill Chlorophyll am Blat. Dofir enthält et awer méi giel Carotinoiden. Dës Faarfstoffer ënnerstëtzen de Chlorophyll bei senger Aarbecht a schützen e virun ze vill Liicht. Dat Gielt mëscht sech dobäi mam frësche Gréng a léisst d'Blat hellgréng ausgesinn. Ausserdeem sinn déi jonk Blieder nach esou zaart, dass méi Liicht doduerch schéngt. Am Summer hëlt de Chlorophyll iwwerhand a léisst d'Wisen an d'Bëscher donkelgréng ausgesinn.

Firwat sinn d'Blieder iwwerhaapt gréng an net z. B. blo?

De grénge Chlorophyll fänkt Sonneliicht an a benotzt déi doran enthalen Energie, fir aus Loft, Waasser a Mineralstoffer Narung fir d'Planzen hierzestellen. D'Biologen nennen dat d'Photosynthees.

D'Sonneliicht setzt sech jo aus ville verschidde Faarwen zesummen – an zwar d'Faarwen aus dem Reebou. Bei der Photosynthees fänkt de Chlorophyll virun allem déi rout an déi blo Undeeler vum Liicht an an absorbéiert se. Mat deene gréngen Undeeler vum Liicht kann de Chlorophyll allerdéngs net vill ufänken. De Chlorophyll reflektéiert also dat gréngt Liicht. Eis Aen huelen et op, an eist Gehier seet: Planze si gréng.

Infobox

A wat sinn dat fir rout a giel Bestanddeeler am Blat?

Nieft dem Chlorophyll hunn d'Planzen nach aner Faarfstoffer – zum Beispill déi giel Carotinoiden oder déi däischterrout bis mof Anthocyanen. Anthocyanë fënnt een dacks a Friichteschuelen erëm. Si sinn och e gudde Sonneschutz fir jonk Planzen, déi matzen an der Chlorophyllbildung sinn. D'Carotinoidë maachen hirersäits d'Photosynthees méi effizient a schützen de Chlorophyll virun ze vill Liicht an aggressivem Sauerstoff.

Narung aus der Loft gegraff

Gromperen, Nuddelen, Räis fëllen eis Telleren; e leckeren Apel tëschenduerch hält eis bei Laun an heiansdo mol e Bifdeck léisst esou munch Leit d'Häerz opgoen. Kuerz gesot: Wéi all d'Déiere sinn och mir Mënschen op aner Liewewiesen ugewisen, fir eise Bauch ze fëllen: Planzen an Déiere sinn eis Narung. Mee d'Planze beweisen eis, dass et och anescht geet. Déi meescht vun hinne liewen nämlech nëmme vu Waasser, Loft, Mineralstoffer a Sonneliicht.

Dat maache virun allem liichtend gréng Molekülle méiglech, déi Chlorophyll heeschen. D'Fuerscher ënnerscheeden haut verschidde Varianten dovun. Mee si hunn all eppes gemeinsam: Si sammelen d'Sonneliicht a benotze seng Energie, fir de Kuelendioxid aus der Loft an d'Waasser aus dem Buedem a Kuelenhydrater, wéi zum Beispill Drauwenzocker, ëmzewandelen. Dëse Virgang nennt sech Photosynthees a produzéiert ganz niewebäi en Offallstoff, dee fir dat haitegt Liewen op der Äerd essenziell ass, nämlech de Sauerstoff.

Genee gewien

Et gouf eréischt 1642 wëssenschaftlech ënnersicht, wou d'Planzen hir Narung hierhuelen – allerdéngs mat de falsche Schlussfollgerungen. De Johan Baptista van Helmont, en Universalgeléierten aus Flanderen, hat deemools eng Weid an eng grouss Bidde geplanzt. Dobäi hat hien de Buedem, deen e benotzt huet, ganz penibel gedréchent a gewien. D'Gewiicht vum jonke Beemchen hat en och bestëmmt: 2,5 Kilogramm. No fënnef Joer laangem Waarden, an deene seng Weid ëmmer nëmme rengt Reewaasser krut, koum dunn de Moment vun der Wouerecht. Hien huet d'Weid ausgegruewen an de Buedem ewechgemaach, an se dunn erëm op d'Wo gestallt. Dës huet du stolzer 84,585 Kilogramm ugewisen – also eng Gewiichtserhéijung vun 82 Kilogramm!.

De Bam konnt déi zousätzlech Mass awer wuel net aus dem Buedem gewonnen hunn. Well de Buedem, deen op en Neits ausgedréchent war, hat eng 55 Gramm vu senger Ausgangsmass verluer. De Van Helmont huet dorausser geschloss, dass et also d'Waasser misst sinn. (4) Entre-temps si mir méi schlau: Nieft dem Waasser verursaache virun allem de Kuelendioxid aus der Loft an – a vill méi klengem Ausmooss – d'Mineralstoffer aus dem Buedem d'Gewiichtserhéijung vun de Planzen.

Kuelendioxid, Waasser a Liicht erginn – Zocker!

Kuelendioxid (eigentlech Kuelestoffdioxid) besteet aus engem Kuelestoffatom an zwee Sauerstoffatomen. Waasser besteet aus zwee Waasserstoffatomen an engem Sauerstoffatom. D'Sonneliicht gëtt de Planzen d'Energie, fir Kuelendioxid a Waasser a senge Bestanddeeler ze zerleeën an se dann zu organesche Moleküllen, wéi zum Beispill Drauwenzocker, nei ze kombinéieren. Eng Moleküll Drauwenzocker enthält sechs Kuelestoffatomen, zwielef Waasserstoffatomen a sechs Sauerstoffatomen. Beim Puzzele bleift esouguer nach eppes vum Sauerstoff iwwereg. D'Planz gëtt deen of, a mir ootmen deen dankbar an.

Autor: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzung: Kim Dieschburg

Infobox

Quellen
Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.