AdobeStock/drubig-photo
Et ass nees esou wäit. D'Chrëschtmäert maachen hir Dieren op. Et richt no Anäis, Kanéil an Neelcheskäpp. Et gëtt leckere Glüwäin, mat deem ee glat d'Keelt vergësst. Mee stëmmt et eigentlech, datt ee vu Glüwäin méi séier voll gëtt ewéi vun normalem Wäin, Mister Science?
Et gëtt menges Wëssens keng wëssenschaftlech Studien, déi dat am direkte Verglach ënnersicht hunn. Mee Experten no stëmmt dat a se hunn och Hypotheesen, firwat dat esou ass. Et läit net onbedéngt dorun, datt Glüwäin vläicht méi „Ëmdréiungen“ hätt. Well vum rengen Alkoholgehalt hier läit dee waarmen, séisse Wäin – esouwäit kee „Shot“ drënnergemëscht gouf – net iwwer sengem kale Cousin, mee heiansdo esouguer drënner. Et wieren ënner anerem déi zwee Adjektiver „waarm“ a „séiss“, déi den Ënnerscheed maachen.
Okay. Da fänke mer emol mat „waarm“ un. Wat mécht dann déi Wäermt mam Wäin an eisem Kierper?
Egal ob mir eis e kille Riesling oder e waarme Glüwäin eranzéien – béid fanne bannent e puer Sekonnen hire Wee an de Mo. Vun do aus geet et da weider an den Dënndarm. Do gëtt dee gréissten Deel vum Alkohol, dee mir drénken, resorbéiert. Dat heescht, vun do aus geréit en an d'Blutt a schéisst eis an de Kapp. Et ass och esou, datt den Dënndarm relativ empfindlech op kal Saache reagéiert. De Riesling bleift also méi laang am Mo, bis en déi richteg Temperatur huet. De Glüwäin dogéint, esou gëtt argumentéiert, kënnt scho schéi waarm do un an duerf direkt passéieren. Esou géing den Alkohol och méi séier an d'Blutt iwwergoen. Dësen Effekt kéint gewëssermoossen duerch déi duerchbluddungsfërdernd Wierkung vun der Wäermt am Glüwäin verstäerkt ginn. Well doduerch erweidere sech d'Bluttgefäässer am Dënndarm, wat och erëm d'Opnam vum Alkohol beschleunegt. Beim Roude Wäin dogéint gesäit et e bëssen anescht aus, well dee wuel temperéiert gedronk gëtt. Wéi dat sech op d'Dauer fir den Inhalt vum Mo auszeschëdden auswierkt, ass bis elo nach net esou genee ënnersicht ginn.
A wéi dréit den Zocker am Wäin dozou bäi, datt ee méi séier schiggeri ass?
Den Zocker iwwerdeckt de battere Geschmaach vum Alkohol. Dat ass och esou bei Cocktailen oder aneren alkoholesche Mëschungen. Bei deem waarmen, séisse Gedrénks mierke mir einfach net, wat an em stécht – an drénken dowéinst och méi séier méi eng grouss Quantitéit. Et gëtt awer och nach e puer aner Hypotheesen, wat d'Roll vum Zocker ubelaangt. Zum Beispill soll den Zocker och eng Roll dobäi spillen, wéi séier den Inhalt vum Mo an den Dünndarm ausgeschott gëtt. Allerdéngs gouf dësen Aspekt nach net ëmfaassend a Studien ënnersicht.
Dat kléngt dach no engem spannende Fuerschungstheema.
A sech schonn. U fräiwëllege Participantë fir d'Studie sollt et wuel net scheiteren 😉.
Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Nadia Taouil (t9n.lu)
Séisse Virfar aus der Éiweger Stad
„Conditum Paradoxum“ huet een am ale Roum eng Mixtur genannt, déi duerchaus als Ururvirfar vun eisem haitege Glüwäin duerchgoe kann. Geschriwwe steet et am eelste Kachbuch, dat eis erhale bliwwen ass an „De Re Coquinaria“ (op Däitsch „Über die Kochkunst“) heescht. Dofir goufe Wäin an Hunneg mat allerlee Gewierzer agekacht. Niewent Peffer, Lorber a Safran hunn och ugeréischtert Dattelkären an d'Fleesch vun de séisse Friichten an d'Gedrénks gehéiert. An och Mastik ass drakomm. Dat ass de gedréchenten Haarz vum Mastikstrauch Pistacia lentiscus, dee mat der Pistasch Famill ass, an deen och fir d'Mumifizéierung am alen Ägypten an als Heelmëttel bei Moproblemer an Zännfleeschentzündunge benotzt gouf.
Villerlee Facteure beaflossen den Dronk
Alkohol ass e Gëftstoff, mat deem eise Kierper a gewëssenem Mooss ëmzegoe weess. Wou déi eege Grenzen tëschent „ugeheitert“ a „voll“ leien, hänkt dobäi vun enger ganzer Partie Facteuren of. Esou spillen d'Kierpergréisst an de Kierperbau eng wichteg Roll – virun allem d'Quantitéit vu Kierperflëssegkeet. Esou dreift ee Glas Wäin d'Konzentratioun vum Alkohol am Blutt bei engem klengen, renge Mënsch méi héich an d'Luucht ewéi bei engem robuste Ris. An da spillt d'Geschlecht och eng Roll. Frae si meeschtens méi liicht ewéi Männer an hu manner Waasser am Kierper. Ausserdeem produzéiert de Fraen hir Liewer manner vun deem Enzym, dee se brauch, fir den Alkohol ofzebauen. Den Alkohol bleift also méi laang am Kierper aktiv. An och d'Fro, ob een Alkohol op en eidelen oder volle Mo drénkt, entscheet iwwer d'Wierkung. Wann den Drink sech am Mo an am Daarm mam Iessbräi vun enger üppeger Molzecht vermëscht, da geet e méi lues an d'Blutt iwwer, ewéi wann en ongehënnert d'Mo- oder Daarmwand erreeche kann.
Infobox
https://gut.bmj.com/content/29/3/302
https://www.sciencedirect.com/science/article/abs/pii/S0009898196064340?via%3Dihub
https://www.eurekaselect.com/article/54566
Apicius: De re coquinaria / Über die Kochkunst, herausgegeben, iwwersat a kommentéiert vum Robert Maier, ISBN 978-3-15-008710-7 (c) 1991 Philipp Reclam jun.GmbH & Co., Stuttgart