© RTL & FNR

Extrait aus dem PISA Wëssensmagazin

A sengem Experiment moosst hien de Stress vu Schüler vun enger 4e aus dem Lycée Aline Mayrisch virun enger fiktiver Aufgab, a vergläicht hire Stressniveau mat deem vu Fallschiermsprénger virum Sprong. D'Schüler krute gesot, datt ee vun hinnen, dee per Zoufall gezu gëtt, muss virun der Klass, op en onbekannte Lidd, eppes virdanzen. Allerdéngs huet kee wierklech misse virdanzen, mee dat sinn d’Schüler eréischt duerno gewuer ginn.

Stress declenchéiert gläichzäiteg e puer Reaktiounen am Kierper, déi ee moosse kann: De Stresshormon Cortisol fënnt een am Blutt oder Spaut erëm, de Bols geet erop, an d’Handfläche gi schweesseg. Dës Parameter ginn direkt vum Angschtzentrum am Gehir, der Amygdala gesteiert.

Fallschiermsprénger hu virum Sprong en erhéichte Stressniveau an dat gouf unhand vum Stresshormon Cortisol gemooss. An der Klass hu mer de Bols an de Schweess op den Handfläche gemooss, an eist Experiment huet gewisen, datt eise Kierper och am Virfeld vu Situatioune reagéiert, déi zwar vläit stresseg awer guer net geféierlech sinn. De Kierper reagéiert virun all Stresssituatioun d‘selwecht, mol méi mol manner staark.

Vue datt eis Miesmethod eng aner wéi déi bei de Fallschiermsprénger an der Literatur war, a well d‘Testpersounen net déi selwecht waren an deenen zwee Fäll, sinn eis Moossungen natierlech net direkt vergläichbar. Et kann een also d’Fro net beäntwerte wien sech méi gestresst huet. A béide Fäll declenchéiert den Angschtzentrum am Gehir awer de selwechte System vun der Alarmbereetschaft am Kierper.

Stresspräventioun

Den Dr Gilles Michaux, Psychobiolog a Psychotherapeut am ZithaGesondheetsZentrum huet eis fir dës Sendung beroden. Stressübungen, wéi déi, déi mir an der Klass gemaach hunn, ginn an der Stresspräventioun a souguer an der Suchtpräventioun agesat, fir iwwer Stress ze schwätzen, an en esou besser ze verstoen an ze kontrolléieren. Heefege Stress deen een net ofgebaut kritt ass ee Facteur deen zu Burnout a souguer och zu Suchtverhale féiere kann.

Wéi kann een säin eegenen Stress moossen?

Bei de Schüler hu mir virun allem d‘Hautleitfäegkeet mat Hëllef vun einfachen Elektrode gemooss déi un engem Tablett ugeschloss waren. Domat kann ee relativ prezis gesi wéi vill een ënnerlech ugespaant ass. Dëse System ass och immens reaktiv. Dës Elektroden (eSense) ginn et am Handel a kenne geholl ginn, wann een sech selwer wëll Biofeedback ginn, d.h. wann ee wëll léiere säi Stressniveau kontrolléieren.

1Adrenocortical responses to repeated parachute jumping and subsequent h-CRH challenge in inexperienced healthy subjects.

R. DEINZER,*1 C. KIRSCHBAUM,† C. GRESELE‡ AND D. H. HELLHAMMER†

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktioun: RTL

Infobox

RTL PISA - de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op https://rtl.lu/tele/pisa-de-wessensmagazin

Auch interessant

Gediechtnes Firwat falen eis heiansdo Wierder einfach net an?

"D‘Wuert läit mir op der Zong“ – Jidderee kennt dat frustréierend Gefill en Wuert ze wëssen an et awer net ze faassen ze...

FNR
Videospiller Maache Ballerspiller aggressiv?

Politiker behaapten et, an de Medie liest een et och ëmmer nees: Videospiller mat Gewalt maachen aggressiv. Stëmmt dat w...

FNR
Oh Jëssess /Buuuhhh! Firwat si munch Mënsche méi fäertereg wéi anerer?

Wann op Halloween op eemol eng grujeleg Gestallt ëm den Eck geschlach kënnt, da kann ee sech emol e bëssen erféieren. Mu...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Chrëschtdagsgeescht Gëtt ee vu Glüwäin méi séier voll ewéi vun normalem Wäin?

Glüwäin wiermt net nëmmen d'Séil, e schéisst och an de Kapp. Mee passéiert dat och besonnesch séier?

FNR
Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR