Feng Yu/Shutterstock

Mir spullen vill wäertvoll Biomass fort, déi ee besser notze kéint.

D’Erfindung vun der Toilette mat Waasserchasse war eng Revolutioun an der Hygiène. Haut schaffen d’Fuerscher un der Toilette vun der Zukunft. Si soll Energie produzéiere kënne…

Wisou wëllen d’Fuerscher d’Toilette verbesseren, se funktionéiert dach scho ganz gutt?

Bei eis villäicht. Mee do hänkt jo och eng immens Infrastruktur drun, Waasserwierker, Waasserleitungen a Kläranlagen. Dat gëtt et net iwwerall op der Welt. Dozou kënnt dass mer eng wäertvoll Matière Première verschwenden.

Also dat, wat mer d‘Toilette erofspullen?

Jo, wann een et distinguéiert ausdrécke wëll: d’Fäkalien. Dat ass am Prinzip wäertvoll Biomass, déi ee besser notze kéint wéi se einfach fortspullen.

Wat sinn dann d’Iddie vun de Fuerscher?

Do gëtt et der e puer. Et gëtt weltwäit dru gefuerscht, wéi een Toilettë baue kéint, fir dass se manner propper Waasser verbrauchen an trotzdem hygienesch sinn. Ausserdeem wier et gutt, wann en d’Fäkalien direkt op der Plaatz an Energie oder Dünger ëmwandele kéint.

Wéi soll dat funktionéieren?

D’Iddi vun enger hollännescher Fuerscherin ass eng Aart Mikrowellen-Toilette. D’Fäkalie ginn net erofgespullt mee an engem Reakter opgefaang. Dat ass e Behälter, an dem Mikrowellen Temperature vun e puer dausend Grad generéieren. Heiduerch ginn d’Fäkalie bal ganz an e Gas ëmgewandelt wat immens vill Energie huet. Dat kann dann an enger Brennstoffzell a Stroum ëmgewandelt ginn an dëse Stroum liwwert da rëm d‘Energie déi noutwenneg ass fir d’Mikrowellen ze generéieren. Zum Schluss soll souguer nach Stroum iwwreg bleiwen deen een enzwousch anescht notze kéint.

Uih, kléngt awer ganz schéi komplizéiert!

Stëmmt, mee si wëllen déi ganz Stécker wierklech sou kleng bauen, dass alles an eng normal Toilette passt. Wann een op d’Toilette gaangen ass, bleift nëmmen e bëssche Polver iwwreg. Dat ass awer komplett steril, well et jo op e puer dausend Grad erhëtzt gouf a ka soumat als Zousaz fir Dünger benotzt ginn.

A wéini soll et dës High-Tech-Toilette ze kafe ginn?

Ma wann et no de Fuerscher geet an ongeféier 10 Joer. Bis dohin hunn mer allerdéngs besser eis Kläranlagen nach net ofzeschafen.

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: (c) Feng Yu/Shutterstock

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Auch interessant

Neuheiten in der Wissenschaft Die wichtigsten Forschungsnachrichten aus Luxemburg - September 2022

Die neuesten wissenschaftlichen Erkenntnisse aus Luxemburg in kurzen Abschnitten zusammengefasst.

Overshoot Day 100 % erneierbar Energien zu Lëtzebuerg: Wier dat méiglech? A wa jo, wéi séier?

Momentan ginn zu Lëtzebuerg deenen aktuellen Zuelen no 9 % vum Stroum aus erneierbaren Energië produzéiert. Wier et méig...

FNR
Was ist besser für das Klima? Elektroantrieb vs. Verbrennungsmotor

Elektrofahrzeuge stoßen zwar bei der Fahrt kein CO2 aus, verbrauchen in der Herstellung aber weitaus mehr Energie als ei...

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR