Erneuerbare Energie

shotshop.com

Solar- a Wandenergie, dat sinn déi Energien déi mer zu Lëtzebuerg am einfachsten ausbauen kéinten.

Haut ass zu Lëtzebuerg den Overshoot Day, deen Dag wou de Grand-Duché, gemooss u sengem Energieverbrauch, all seng natierlech Ressourcen déi dem Land zur Verfügung stinn opgebraucht hätt. Lëtzebuerg gehéiert laut dësem Index zu den Top-Pollueure weltwäit. An deem Kader huet de Mr Science sech d'Fro gestallt, ob mir zu Lëtzebuerg kéinten eisen Energieverbrauch duerch 100% erneierbar Energien decken?

De Professer Phillip Dale, e Solarfuerscher vun der Uni Lëtzebuerg huet an engem TEDx Virtrag en Zenario presentéiert, wat mer misste maachen, fir zu eise Liefzäiten op 100% erneierbar Energie ze kommen. Ech wollt säin Argumentär hei resuméieren.

Laut dem Phillip Dale sénge Berechnunge goufen am Joër 2017 zu Lëtzebuerg 9 % vum elektresche Stroum aus erneierbaren Energië produzéiert. Mee den elektresche Stroum ass nëmmen ee klengen Deel vun der Energie déi mer consomméieren. Eis ganz Mobilitéit an d’Heizung – dat brauch enorm Energie, an alles wat mer akafen: Kleeder, Liewensmëttel, Geräter muss jo alles mat Energie produzéiert ginn. Mir verbrauchen also vill méi Energie wéi mer op den éischte Bléck mengen.

Wann een alles zesumme consideréiert, koume mer 2017 zu Lëtzebuerg op 6,4 % erneierbar Energien

Ass et iwwerhaapt méiglech vu 6,4 op 100% ze kommen?

Reng theoretesch jo. Et géif iwwer 2 Methoden goen: iwwer de massiven Ausbau vun Infrastruktur an e vill méi energiespuersame Liewensstil. Mee an der Praxis ass dat schwéier emzesetzen. Mir sinn e klengt Land, hunn also wéineg Fläch zur Verfügung, a mir hu gläichzäiteg eeben e verhältnisméisseg héijen Energieverbrauch, wou en plus d'Frontalieren an de reegen Austausch mat de Grenzregioune mat agerechent gëtt. 

OK wéi vill Energie verbrauche mer dann aktuell sou?

All Lëtzebuerger verbraucht laut Phillip Dale am Schnëtt pro Dag 204 kWh Energie.

Mat där Zuel kënnen déi mannsten eppes ufänken ...

Jo dat ass déi Energie déi eng staark 100 W Bier brauch wann een se wärend 3 Méint konstant brenne léisst. Oder wann een 1400 km mat engem Elektroauto fiert. En Duerchschnëttseuropäer brauch iwwregens manner wéi d’Hallschent vum Duerchschnëttslëtzebuerger.

A wéi kéinte mer déi Energie an Zukunft nohalteg produzéieren?

De Phillip Dale fokusséiert sech a sengem Virtrag op Solar a Wand, dat sinn déi Energien déi mer zu Lëtzebuerg am einfachsten ausbauen kéinten. Hei rechent hien mat Flächeverbrauch. Mir kennen d‘Moyennë wéi vill Sonn zu Lëtzebuerg schéngt a wéi vill Wand bléist, an aus dësen Donnéeë weess een datt mir mat der Gesamtfläche vu Lëtzebuerg theoretesch 11 mol eisen aktuelle Verbrauch decke kéinten.

Mee da géif Lëtzebuerg jo just nach aus Solarzellen a Wandrieder bestoen... wéi vill Fläch bräichte mer dann, wa mer den aktuelle Verbrauch mat 100% erneierbarer Energie wéilten decken?

Deen Ament bréichte mer laut dem Phillip Dale 9 % vun der Fläch vu ganz Lëtzebuerg, an dat ass vill wann ee bedenkt datt Diecher vun Haiser a Gebaier zesummegerechent knapp 2% vun der Fläch vu Lëtzebuerg ausmaachen. Et ass also zimmlech  illusoresch datt mer eise komplette Verbrauch kënnen decken mat erneierbarer Energie nëmme vu Lëtzebuerg. Wa mer eise Verbrauch awer géife reduzéieren op dee vun engem Duerchschnëttseuropäer bräichte mer „just“ nach 4% vun der Fläch vu Lëtzebuerg.

Dat ass ëmmer nach erschreckend vill Plaz déi ee brauch, mee huele mer un d’Plaz wier do: Wéini kéint een dann déi 4 % Flächendeckung erreechen?

Aktuell baut d’Regierung déi erneierbar Energië aus, a wa mer déi Vitesse géife bäibehalen, da bräichte mer laut dem Phillip Dale bis no 2100. Wéi gesot, sous condition datt mir eise Konsum bis op den europäeschen Duerchschnëtt reduzéieren, also méi wéi d‘Hallschent. 

Ma an der Tëschenzäit gëtt no innovative Léisunge gesicht, fir méi Fläche fir Solar a Wandenergie benotzbar ze maache – an et sinn Equippe wéi déi vum Phillip Dale déi dorunner fuerschen. z.B. fir duerchsiichteg Solarzellen a Fënsterfronten anzebauen. Do bleift d’Fuerschung jiddefalls spannend.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Editeur: Michèle Weber (FNR), Jean-Paul Bertemes (FNR)
Merci: Prof Dr Phil Dale

Infobox

De Mister Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an an enger liicht verännerter Versioun op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten/Sujeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Auch interessant

Was ist besser für das Klima? Elektroantrieb vs. Verbrennungsmotor

Elektrofahrzeuge stoßen zwar bei der Fahrt kein CO2 aus, verbrauchen in der Herstellung aber weitaus mehr Energie als ei...

Simulationsmodell XDEM Informationen über Vorgänge im Inneren eines Hochofens

Vorgänge im Hochofen kann man aufgrund der schweren Zugänglichkeit nur sehr schwer messen, mit Hilfe des Rechenmodells X...

The Beauty of Slow Motion Warum springt ein Tennisball so gut wieder zurück?

Wie kommt es, dass ein Tennisball so gut zurückspringt und warum wabbelt er so seltsam in Zeitlupe?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Naturphenomer De gréisste Kalwaassergeysir vun der Welt ass an der Eifel

Bis zu 60 Meter héich sprëtzt de Geysir all 2 Stonnen zu Andernach. Wéi dëse funktionéiert a wou zu Lëtzebuerg et sou Phenomener ginn, gidd der an dëser Episode vum Pisa Wëssensmagazin gewuer.

FNR, RTL
Fake News
Abrëllsgeck Wéi erkennt ee Fake News?

Den 1. Abrëll verbreeden och seriö Medie gäre mol eng „Fake News“. Mr Science, hues Du Tipps wéi ee Fake News identifizéieren an Informatiounen am Internet generell iwwerpréiwe kann?

FNR
Hühnerei
An d'Schuel geschmass Firwat ginn et wäiss a brong Héngereeër?

Firwat sinn Héngereeër eigentlech wäiss oder brong a wéi kënnt d'Faarf an d'Schuel?

FNR