Evolution

Vill Evolutiounsfuerscher ginn dovun aus, dat mir eis net méi grondleeënd ännere wäerten.

Genee kann dat kee wëssen. Mee vill Evolutiounsfuerscher ginn dovun aus, dat mir eis net méi grondleeënd ännere wäerten, well eis Gesondheetsversuergung ze gutt ass. Weltwäit geet d’Kannerstierflechkeet ëmmer weider zeréck. Well haut bal all Kanner sou al ginn, dat si selwer erëm Kanner kënnen hunn, ginn all Genen weiderginn. Et gi keng bestëmmte Charakteristike bevirdeelegt. D’Fuerscher soen elo viraus, dat sech d’Mënschheet sech ëmmer méi vermësche wäert an zum Schluss eis dominant Hautfaarf brong ass.

Mee mir hunn dach e risege Wee hannert eis, vun aafenméissege Wiesen zu haitege Mënschen. Firwat soll et an Zukunft net sou ähnlech grouss Verännerunge ginn?

E puer Evolutiounsfuerscher halen dat effektiv fir méiglech. Mee nëmmen, wann d’Liewesëmstänn eis dozou zwéngen. Een extreemt Beispill dofir kënnt aus Südamerika: An enger Regioun an der Atacama-Wüst a Chile ass d’Drénkwaasser arsenhalteg. Arsen ass eigentlech e staarkt Gëft. Am Laf vu ronn 7000 Joren hunn sech d’Mënschen, déi do liewen awer ugepasst. Et iwwerliewen ëmmer nëmmen déi, déi vergläichbar héich Arsenkonzentratioune verdroen.

Kënne mir eis also un eng vergëften Ëmwelt upassen, oder u méi héich CO2-Konzentratiounen an der Loft?

Wann, dann nëmmen an engem gerénge Kader, wéi an deem Beispill. Mir géife wahrscheinlech éischter ausstierwen, wann sech d’Ëmweltbedingungen ze séier änneren.

Ugeholl, Mënsche mat engem bestëmmten Ausgesinn si besonnesch attraktiv an hu méi Kanner. Da missten sech dach déi Charakteristiken duerchsetzen?

Et mengt een, dat sech bei eis déi blo Aen op genee dës Aart a Weis verbreet hunn. Si sinn als zoufälleg Mutatioun virun e puer dausende Joren entstanen. Leit mat bloen Aen hunn uséch keen Iwwerliewungsvirdeel, waren awer villäicht fir déi deemoleg Mënschen attraktiv, well se ongewéinlech waren. Sou hu Leit mat bloen Ae méi liicht Partner fonnt, fir sech fortzeplanzen. Dat nennt ee sexuell Selektioun an e puer aktuell Studie postuléieren datt dës haut och nach spillt. D’Hollänner wieren an de leschten zwee Joerhonnerten sou grouss ginn, well Hollännerinne ganz besonnesch op grouss Männer stinn. Fuerscher an den USA hunn dogéint festgestallt, dass do kleng a mockeleg Frae méi Kanner kréien. Laangfristeg misst dat zu engem Schrumpfe vun US-Amerikaner féieren.

Déi mënschlech Evolutioun ass also awer net eriwwer?

Wat d’Fuerscher eis Gene méi genau ukucken, ëm sou méi Verännerungen entdecken si an eisem Genom. Si mussen awer erausfannen, wourun dat läit: ob dat rengen Zoufall ass oder ob mir eis laangfristeg weider entwéckelen. Dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!

Kënne mir eis a verschiddene Mënschenaarten opsplécken

Science-Fiction-Auteuren denken sech ëmmer erëm Zukunftszenarien aus, an deenen sech d’Mënschen an zwou Aarten opgespléckt hunn: zum Beispill an enger Uewerklass mat gesonden, schéinen an intelligente Mënschen an an eng Ënnerklass mat Gnom-aartege „Aarbechtsmënschen“. Dat wier awer nëmme méiglech, wann d’Mënschen zwou strikt vunenee getrennte Liewensraim besetzen, an deene jeeweils nëmme bestëmmte genetesch Charakteristiken zu méi Kanner féieren. Déi missten dann am Erwuessenenalter opgrond dëser Charakteristiken erëm méi Kanner kréien, wéi Mënschen ouni dës Charakteristiken. An dat iwwer vill Generatioun ewech. Am Beräich vun den Déiere splécken sech Aarten zum Beispill op, wann een Deel vun der Aart iwwer vill Generatiounen ofgeschoss op enger Insel liewen. Déi mënschlech Geschicht gëtt awer sécherlech och weiderhin sou turbulent bleiwen, wéi an der Vergaangenheet. D’Mënsche géifen sech ëmmer weider vermëschen, sou dat sech keng nei Ënneraarte bilde kënnen.

Kënne mir an Zukunft déi mënschlech Evolutioun renkelen?

D’Mënschheet huet mëttlerweil d’Geschir an der Hand, fir an de Genom anzegräifen. Och wann déi meescht Experten dat ofleenen, kënne Genverännerungen an d’Keimbunn agebaut ginn. Dat heescht, dat si da vu Generatioun zu Generatioun weidergi kënne ginn. Ee chinesesche Fuerscher soll als éischt bei Puppelcher ee Gen esou verännert hunn, dat si méi widderstandsfäeg géint AIDS sinn. Fir dat de manipuléierte Gen am Genom vun der Mënschheet ausgebreet gëtt, misst en awer een däitleche Reproduktiounsvirdeel hunn.

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Auch in dieser Rubrik

Sport und Eis
Leck dech schlank? Kann ee vum Glaceiessen ofhuelen?

Wann ech Glace iessen, muss mäi Kierper d'Schneekerei fir d'éischt mol ophëtzen. Dofir brauch en Energie. Kann ech also vum Glaceiessen ofhuelen?

FNR
Mr Science Wéi suckelen d’Beem d’Waasser bis iwwer 10 Meter an d‘Héischt?

Dat ass vill méi komplex wéi ee mengt. Mat Fuerscher vum LIST kënnt de Mr Science dësem Mystère awer e bëssen op d’Spuer.

FNR, RTL
artic ozone 2019 2020
Atmosphär Wéi entsteet en zweet Ozonlach iwwert dem Nordpol?

Zanter manner FCKWen produzéiert ginn, déi Ozon zerstéieren, schéngt d'Ozonschicht gerett ze sinn. Firwat konnt trotzdeem 2020 en zweet Ozonlach entstoen?

FNR