(c) Shutterstock

Weiblech Féiss si besonnesch sensibel wat Keelt betrëfft

Den Hierscht ass do. A während dir Männer nach am T-Shirt oder dënnen Hiem rondrëm laaft, siche mir Fraen de schuckelege wëllene Plover rëm erbäi! An trotzdem sinn eis Féiss esou kal dass mer am Bett rëm Strëmp undinn! Firwat ass et eis Fraen ëmmer méi kal wéi de Männer?

Well dir méi sensibel sidd. Dofir reagéiert dir méi zëmperlech wann et ufänkt kal ze ginn!

Mr Science! Du beweegs dech op dënnem Äis!!

Ok ok! Dir kennt jo och wierklech net dofir! Deen Ënnerscheed tëscht Männer a Fraen ass biologesch bedéngt, an zwar aus 2 Grënn: Während engem Mann säi Kierper aus 40% Muskelen a 15% Fett besteet, sinn et bei Fraen 25% Muskelen a 25% Fett.

Fett soll jo awer isoléieren?

Fett isoléiert och, dat ass de Problem net! Mee et produzéiert keng Wäermt! Well e Mann méi Muskelen huet, kann dee méi Kierperwäermt produzéieren. Eng Fra ass zwar besser isoléiert, mee kann eben net esouvill Kierperwäermt hirstellen. Ausserdem passe vill Fraen op hir Linn op, an da geet d’Isolatioun jo och fleeten!

An deen zweete Gronn?

Ma Fraen hu méi eng dënn Haut wéi Männer! Wann et kal dobaussen ass, da gëtt automatesch d’Duerchbluddung vun der Haut gebremst, an doduerch geet manner Kierperwäermt verluer. A bei enger dënner Haut ass dee Prozess vill méi séier an efficace! Fraen hir Haut gëtt also méi kal an dofir hudd dir d’Gefill et wier kal! Mee a Wierklechkeet verhënnert dee System dass deng Kierpertemperatur ofhëllt! Kal Féiss sinn also sou gesinn eng gudd Saach!

Mir hunn eist waarmt Häerz kale Féiss an Hänn ze verdanken! Also beklot iech net, Männer! 

Auteur: Corinne Kroemmer

Foto: © Shutterstock

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

D’Verhältnis tëscht der Mass an der Fläch !

Hei geet et em d’Hautfläch, déi Wäermt ka verléieren, an d’Mass vum Kierper, déi Wäermt ka produzéieren an späicheren. Wat d’Fläch méi grouss ass verglach mat der Mass, wat e Kierper méi Wäermt verléiert! Dofir sinn eis Heizunge jo och keng véiereckeg Këschten, mee hunn eenzel Réier oder Abuchtungen. Esou ass hier Fläch méi grouss, a si kenne méi Wäermt ofginn.

Onofhängeg vum Geschlecht kann also eis Gréisst an eis Korpulenz dozou bäidroen, op et engem séier kal gëtt oder net! 

Grouss Déieren am Schnéi, kleng Déieren an der Wüst

Sou soll et laut der „Bergmanns Regel“ sinn. Wéinst dem Verhältnis tëscht der Mass an der Fläch wier et besser fir a kale Regioune grouss an deck ze sinn, am beschte mat kuerze Been! An deem Fall huet een nämlech eng grouss Mass (et kann een also gudd Wäermt produzéieren a späicheren) an eng kleng Fläch (wat ee méi „kompakt“ ass, wat ee manner Hautfläch huet). Et verléiert ee seng Kierperwäermt also net esou séier!

Wann et waarm ass, wier et ëmsou méi wichteg fir de Kierper ofzekille fir dass en net iwwerhëtzt! Net all Déier ka schweessen, dofir wier et besser fir a waarme Géigende kleng an dënn ze sinn. Sou giff de Kierper vill Wäermt verléieren an ofkillen.

Mee net all Biolog ass mat deem Prinzip averstan!  An et freet ee sech tatsächlech, wéi grouss Déieren, wéi Elefanten, an tropesche Géigenden iwwerliewen! Op där aner Säit hunn d’Fuerscher awer festgestallt, dass d’Äisbieren an de leschte Jore méi kleng gi si während d’Temperaturen an d’Luucht gaang sinn! Während enger aner ähnlecher Hëtztwell virun 56 Millioune Joer sollen d’Déieren och am Duerchschnëtt 50 – 75% méi kleng gi sinn!

Spillen d’Hormoner eng Roll ?

Do sinn d’Fuerscher sech och nach net eens driwwer!

Während et kloer ass, dass d’Kierpertemperatur während dem Eesprong an d’Luucht geet, bleiwen d’Froe firwat a wéi awer nach op. Et schéngt e komplizéiert Zesummespill tëscht Progesterone an Oestrogen um Wierk ze sinn. Et gëtt also eng Verbindung tëscht Hormoner a Kierpertemperatur, mee et ass net kloer op d’Hormoner och d‘Gefill fir Keelt beaflossen an op de Kierper méi séier Wäermt verléiert (de Kierper huet méi Wäermt, mee verléiert en se och?).

Laut enger Rei Wëssenschaftler soll Oestrogen en Impakt op de Fraen hir Duerchbluddung hunn. Hir Sensibilitéit fir Keelt giff also vun hirem Zyklus ofhänken: méi Oestrogen, méi sensibel. Dat wier ënner anerem der Natur hir Method fir e Puppelche während der Schwangerschaft géint Keelt ze schützen (obwuel dee Phenomen och nach net richteg verstan ass)! Mee aner Wëssenschaftler behaapten awer dass den Afloss vun Hormoner éischter indirekt em 7 Ecker wier, ähnlech wéi fëmmen, Alkohol an Drogen och kennen en indirekten Impakt op d’Duerchbluddung hunn.

Fuerschung iwwert d'Grenzen eraus:

Et héiert ee jo dack vu Mönchen oder Guruen, déi behaapte si kéinten hir Kierperfunktioune kontrolléieren. Wéi zum Beispill de Metabolismus erofsetzen, fir an engem Meditatiounszoustand deeglaang net brauchen z’iessen an ze drénken.

Während enger eenzegaarteger Studie am Tibet hunn d’Fuerscher d’Kierpertemperatur vun enger Rei Nonne verfollegt, déi an eng ganz bestëmmten Art vu Meditatioun verdéift waren. D’Nonnen hunn et tatsächlech fäerdeg bruecht, hir Kierpertemperatur op 38,3° C eropzesetzen a bei – 25°C dobaussen hir plätschnaass Kleeder ze dréchnen! Dat selwecht Experiment mat westleche Fräiwëllege weist déi selwecht Resultater, och wann hir Kierpertemperatur net grad esou vill an d’Luucht geet.

Des Studie weist, dass een seng Kierpertemperatur tatsächlech ka mam Gehir kontrolléieren! D’Fuerscher sinn elo ongedëlleg fir erauszefannen, wéi genee dat funktionéiert. Well wann d’Kierpertemperatur an d’Luucht geet, gëtt eisen Imunsystem ugekuerbelt a mir kennen eis besser op eng Aarbecht konzentréieren!

Fuerschung zu Lëtzebuerg:

Eng niddereg Kierpertemperatur no engem Häerzinfarkt kann d’Iwwerliewenschancen an d’Luucht setzen an Nerveschied verhënneren. Mee wéi genee dat funktionéiert, ass nach net gewosst.

Säit 2010 hëlt den Dr Pascal Stammet dofir un enger internationaler Studie deel, fir den Impakt vun der Kierpertemperatur op d’Iwwerliewenschancen no engem Häerzinfarkt ënnert d’Lupp ze huelen. Zesumme mat der IBBL (Integrated BioBank of Luxembourg) sammelt e Bluttprouwe vu Patienten, deenen hir Kierpertemperatur no engem Häerzinfarkt op 36°C respektiv op 33°C erofgesat ginn ass. Regelméisseg Tester erlaben de Fuerscher fir Prognose fir d’Iwwerliewen an den Nerveschued opzestellen an doropshin eng besser Behandlung op d’Been ze setzen!

Auch interessant

Wie Wissenschaft funktioniert Was weiß die Wissenschaft? Wissenschaftliche Evidenz in Pandemie-Zeiten

Masken, Übertragung, AstraZeneca-Empfehlungen: Wissenschaftliche Evidenz kristallisiert sich meistens aus einem kontinui...

Porträt „Eine Errungenschaft für Luxemburg und unsere Forschungsgruppe“

Wissenschaftler des Luxembourg Institute of Health (LIH) wurden mit einem Prix Galien für ihren herausragenden Beitrag z...

LIH
Kribbeln im Fuß Wie können Füße einschlafen?

Mein Fuß ist eingeschlafen. Die Hand kribbelt beim Aufwachen. Was ist da los ?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR