Fliegenklatsche

Adobe Stock

Schwätze mir vu Mécken, da si meeschtens Mustike gemengt. Si gehéieren zu enger vun de 45 Mustikefamillen an ëmfaassen iwwer 3.600 verschiddenen Aarten.

Ob Mustiken et wierklech mat der Angscht ze di kréien, wann een no hinne facht, ass wëssenschaftlech net gekläert. Angscht als Emotioun ass zwar beim Mënsch gutt ënnersicht a mëttlerweil huet d'Fuerschung och bei verschiddene Wirbeldéieren Angscht nogewisen. Bei Déieren ouni Wirbelen wéi zum Beispill Insekten ass dëst awer vill manner gutt erfuerscht.

Huet d'Wëssenschaft da wéinstens eng Iddi, ob dat kéint esou sinn?

Jo, verschidde Fuerscher*inne mengen, dass och Insekten e Bewosstsinn – an deemno Emotiounen – hunn. Anerer wëllen Usätz vun esou Emotiounen souguer scho bei Beien an Essegmécke fonnt hunn. Wat d'Essegmécken ugeet, gëtt et allerdéngs och eng Meenung, déi de Géigendeel seet. Trotzdeem ass et méiglech, dass d'Gefuchtels mat den Äerm d'Mécken definitiv verdreift.

A wouhier weess een dat?

A Labo-Experimenter hu Wëssenschaftler*innen ägyptesch Tigermécken a klenge Réier heftege Loftstéiss ausgesat – an op dës Manéier e Schlag simuléiert. Gläichzäiteg ass den Doft vun engem Mënsch eragestréimt. Déi kleng Nerveseeën orientéiere sech nämlech bei der Sich no Blutt ënner anerem um Doft vun hire potenziellen Affer.

Mécken, déi esou eng brenzeleg Situatioun – also de simuléierte Schlag – iwwerlieft hunn, hunn duerno an engem Test e Bou ëm dëse mënschleche Geroch gemaach. Dat heescht: D'Déiere léiere bäi. Ob dat elo awer mat Angscht zu dinn huet, wéi mir se kennen, muss nach ënnersicht ginn.

Infobox

Déi Saach mat der Angscht

D'Angscht ass als Grondgefill oder Basisemotioun an eiser mënschlecher Natur déif verwuerzelt. Dat heescht, egal aus wéi engem Kulturkrees ee kënnt – wann engem d'Angscht an d'Gesiicht geschriwwe steet, dann erkenne mir dat.

Angscht ass esou eppes ewéi den Alarmzoustand vum Kierper. Si mécht eis opmierksam, fiert de Kreeslaf erop an de Verdauungssystem erof, schéisst zousätzlech Energie an d'Blutt, léisst d'Muskelen uspanen – bereet eis also op de Kampf vir. Oder op d'Flucht.

Ausgeléist gëtt den Alarmzoustand vun eisem vegetativen Nervesystem. Et schafft autonom, kann also net duerch eise Wëlle beaflosst ginn a kontrolléiert beispillsweis och den Häerzschlag an d'Ootmung. Adrenalin, en Hormon aus den Niewennieren, suergt als „Messenger“ fir d'Mobilisatioun am Kierper. Emotiounen ewéi Angscht ginn am limbesche System vum Gehier verschafft.

Dass och Déieren Angscht hunn, gouf laang Zäit bestridden – well si zanter dem Zäitalter vun der Opklärung virun allem als Automat aus Fleesch a Blutt ugesi ginn. Dëst Bild huet sech mëttlerweil geännert. Haut geet d'Wëssenschaft dovun aus, dass vill Wirbeldéieren Emotioune kënnen hunn – an deemno och Angscht empfanne kënnen. Ob wirbellos Déieren, zu deenen niewent den Insekten och Wierm a Spanne gehéieren, och esou eppes ewéi Angscht empfannen, ass nach net gekläert.

Plogeeschter am Fokus

Schwätze mir vu Mécken, da si meeschtens Mustike gemengt. Si gehéieren zu enger vun de 45 Mustikefamillen an ëmfaassen iwwer 3.600 verschiddenen Aarten.

Mustiken sinn immens liicht: Si weie grad emol 2,5 Milligramm! Dat huet Virdeeler: Reendrëpse maachen hinnen näischt aus. Dës kënnen ëmmerhin duebel bis zéng Mol esou schwéier sinn ewéi d'Déieren. Bei enger Kollisioun wierkt déi 100- bis 300-fach Äerdbeschleunegung op d'Déier – an et iwwersteet dës ouni Schued.

Mustiken erniere sech vu séissem Planzejus. Bei de meeschten Aarte brauche just d'Weibercher Blutt – an zwar nom Sex. Well ouni d'Eewäisser an d'Eisen am Blutt kënne si keng Eeër bilden.

Et gi Mustiken, déi iwwerhaapt net picken. D'Larve vun den am Ganzen 90 Aarte vun den Toxorhynchites friessen aner Méckelarven an esouguer Kauzekäpp. Esou kréie si genuch Eewäissreserven, fir dass si als erwuessen Déieren och ouni Bluttmolzecht Eeër leeë kënnen.

Mécke si bei wäitem déi déidlechst Déieren op dem Planéit. All Joer stierwe bal 750.000 Leit u Krankheeten, déi duerch Mustiken iwwerdroe ginn. Dat sinn der bal aacht Mol esou vill wéi duerch Schlaangen (zirka 100.000 Persounen am Joer) a 75.000-mol méi ewéi duerch Haien (zirka 10 Persounen am Joer).

Wa si hirem Affer Blutt ofzapen, kënne Mécken och Krankheetserreeger ewéi Viren, Bakterien oder Parasitten iwwerdroen. Allerdéngs muss sech de Krankheetserreeger mat der Méck arrangéiert hunn – e muss also a sengem „Transportmëttel“ iwwerliewen. Dowéinst ass nach laang net all Méck op der Äerd eng „Seucheschleider“.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (Why Vanilla?)

Infobox

Quellen

Barron, Andrew B.; Klein, Colin (2016): What insects can tell us about the origins of consciousness. In: Proceedings of the National Academy of Sciences of the United States of America 113 (18), S. 4900–4908. DOI: 10.1073/pnas.1520084113.

Bateson, Melissa; Desire, Suzanne; Gartside, Sarah E.; Wright, Geraldine A. (2011): Agitated honeybees exhibit pessimistic cognitive biases. In: Current Biology 21 (12), S. 1070–1073. DOI: 10.1016/j.cub.2011.05.017.

Gibson, William T.; Gonzalez, Carlos R.; Fernandez, Conchi; Ramasamy, Lakshminarayanan; Tabachnik, Tanya; Du, Rebecca R. et al. (2015): Behavioral responses to a repetitive visual threat stimulus express a persistent state of defensive arousal in Drosophila. In: Current Biology 25 (11), S. 1401–1415. DOI: 10.1016/j.cub.2015.03.058.

Maier-Borst, Haluka (2015): Fliegen mit Flatter. Gefühle bei Insekten. Spiegel. Online disponibel op https://www.spiegel.de/wissenschaft/natur/forscher-wollen-angst-bei-fliegen-nachgewiesen-haben-a-1033277.html, fir d'lescht aktualiséiert den 14.05.2015, fir d'lescht iwwerpréift den 20.05.2021.

Vinauger, Clément; Lahondère, Chloé; Wolff, Gabriella H.; Locke, Lauren T.; Liaw, Jessica E.; Parrish, Jay Z. et al. (2018): Modulation of Host Learning in Aedes aegypti Mosquitoes. In: Current Biology 28 (3), 333-344.e8. DOI: 10.1016/j.cub.2017.12.015.

Butscher, Ralf (2021): Firwat gi verschidde Leit éischter vu Mécke gepickt ewéi anerer? Fonds National de la Recherche (FNR). Online disponibel op https://www.science.lu/de/aggressiv-insekten/firwat-gi-verschidde-leit-eischter-vu-mecke-gepickt-ewei-anerer, fir d'lescht aktualiséiert den 12.05.2021, fir d'lescht iwwerpréift den 20.05.2021.

Ekman, Paul; Salisch, Maria von (Hg.) (1988): Gesichtsausdruck und Gefühl. 20 Jahre Forschung von Paul Ekman. Paderborn: Junfermann (Innovative Psychotherapie und Humanwissenschaften, 38).

Goldstein, David S.; Kopin, Irwin J. (2007): Evolution of concepts of stress. In: Stress (Amsterdam, Netherlands) 10 (2), S. 109–120. DOI: 10.1080/10253890701288935.

Spektrum der Wissenschaft: Kampf-oder-Flucht-Reaktion. Lexikon der Biologie. Spektrum der Wissenschaft. Online disponibel op https://www.spektrum.de/lexikon/biologie/kampf-oder-flucht-reaktion/35305.

BEKOFF, MARC (2000): Animal Emotions: Exploring Passionate Natures. In: BioScience 50 (10), S. 861. DOI: 10.1641/0006-3568(2000)050[0861:AEEPN]2.0.CO;2.

Puppe, Andrea (2008): Von glücklichen Kühen, falsch verstandener Tierliebe und fürsorglichen Hyänen. Tierische Emotionen. Freie Universität Berlin. Online disponibel op https://www.fu-berlin.de/presse/publikationen/fundiert/archiv/2008_01/08_01_puppe/index.html, fir d'lescht aktualéisiert den 12.06.2008, fir d'lescht iwwerpréift den 20.05.2021.

Naturalis Biodiversity Center: Catalogue of Life. Indexing the world's known species. Hg. v. Naturalis Biodiversity Center. Online verfügbar unter http://www.catalogueoflife.org/annual-checklist/2018/browse/classification/ kingdom/Animalia/phylum/Arthropoda/class/Insecta/order/Diptera/family/Culicidae/fossil/1/match/1

Wikipedia (2021): Drëpsen. Wikipedia. Online disponibel op https://de.wikipedia.org/wiki/Tropfen, fir d'lescht aktualiséiert den 23.01.2021, fir d'lescht iwwerpréift den 20.05.2021.

Dickerson, Andrew K.; Shankles, Peter G.; Madhavan, Nihar M.; Hu, David L. (2012): Mosquitoes survive raindrop collisions by virtue of their low mass. In: Proceedings of the National Academy of Sciences of the United States of America 109 (25), S. 9822–9827. DOI: 10.1073/pnas.1205446109.

Steffan, W. A.; Evenhuis, N. L. (1981): Biology of Toxorhynchites. In: Annu. Rev. Entomol. 26 (1), S. 159–181. DOI: 10.1146/annurev.en.26.010181.001111.

Welt: Das sind die Topkiller unter den Tieren. Gefährliche Kreaturen. Welt. Online disponibel op https://www.welt.de/wissenschaft/gallery131831471/Das-sind-die-Topkiller-unter-den-Tieren.html, fir d'lescht iwwerpréift den 20.05.2021.

De Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.
 

Auch interessant

Autotomie a Regeneratioun Firwat werfe munch Déiere Kierperdeeler of?

Firwat kënne munch Déiere Kierperdeeler ofwerfen an dann nees nowuesse loossen?

FNR
Gesondheetsschutz Wéi geféierlech sinn Zecken?

Zecken iwwerdroe Krankheeten. Mee: Et kann ee sech mat einfache Mëttele géint Zeckestéch schützen. Och d'Fuerschung entw...

FNR
Neuer immuntherapeutischer Ansatz Katzenallergien: Hohe Dosen eines Hilfsstoffs erhöhen die Immuntoleranz und lindern Allergiesymptome

Forscher des LIH verfolgen bei der Behandlung schwerer Katzenallergien einen neuen Therapieansatz, mit dem die wesentlic...

LIH

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR