AdobeStock/nenetus

Péng wärend der Reegel ass fir vill Fraen e leidegt Theema – fir bis zu ​​60 Prozent, schätze munch Etüden. Dee Wéi entsteet, wa sech d’Muskele vun der Gebärmutter zesummenzéien, fir d’Gebärmutterschläimhaut ofzestoussen. Dës Kontraktioune ginn duerch Prostaglandine gesteiert. Dat sinn Hormoner, déi virun allem wärend der Period an héijer Konzentratioun am Kierper virkommen. Prostaglandine fërderen d’Kontraktioun vun der Gebärmuttermuskulatur, an dëst léist d’Krämp aus. Wat de Prostaglandinspigel méi héich ass, wat d’Kontraktiounen an domat och d’Péng méi schlëmm sinn. 

Mee net all Fra huet Problemer mat der Period. Wéi eng Facteure spillen eng Roll bei der Intensitéit vun der Péng? 

Et gëtt eng ganz Rei vu Facteuren: zum Beispill d’geneetesch Veranlagung oder den Alter. ​​Jonk Frae leiden dacks méi ënner dëser Péng ewéi eeler Fraen, well de Prostaglandinspigel grad no dem Asetze vun de Reegelbluddungen immens héich ka sinn. Mee och de Stresslevel oder d’Ernärung spillt eng Roll. An da ginn et Krankheeten, déi Afloss op d’Péng wärend der Reegel hunn, zum Beispill Endometrios oder Uterusmyomen, guttaarteg Geweebewucherungen an an ausserhalb vun der Gebärmutter, déi zu staarkem Wéi féiere kënnen (cf. Infobox). 

Wat kann een da géint dës Péng maachen? 

Et gi vill Methode géint Péng wärend der Reegel. D’betraffe Fra muss just déi richteg Kombinatioun fannen. Eng Bull oder eng waarm Bidde ka Wonner wierken – well ​​Wäermt hëlleft, d’Muskelen ze entspanen an d’Duerchbluddung ze fërderen. Doduerch kann de Wéi noloossen. Obwuel et sech vläicht paradox unhéiert, kann och ​​liicht bis moderat Beweegung hëllefen. Spadséieren oder Yoga setzt Endorphine fräi – eis natierlech Péng-Killer. Och Mëttele géint Péng aus der Apdikt kënnen hëllefen (cf. Infobox). All Fra ass anescht an dohier ass et wichteg, mat engem Dokter driwwer ze schwätzen a mat him zesummen erauszefannen, wat am beschte wierkt. 

Munch Frae schwieren op Narungsergänzungsmëttelen oder Akupunktur… 

Jo, dat sinn och Méiglechkeeten, fir d’Péng wärend der Reegel ze behandelen. Et gëtt ugeholl, dass beispillsweis Akupunktur Endorphinen am Kierper fräisetzt, déi géint d’Péng wierken. Akupunktur an Narungsergänzungsmëttelen hunn de Virdeel, dass se quasi keng Niewewierkungen dierften hunn. Allerdéngs ass hir ​​Wierksamkeet wëssenschaftlech just schwaach beluecht. Vill Etüde soen ze wéineg aus oder si verzerrt. 

An da gëtt et jo och nach d’Pëll. Wéi hëlleft dës géint Péng wärend der Reegel? 

​​​Antibabypëllen hu méi Mechanismen, déi géint Menstruatiounspéng wierken. Se enthale kënschtlech Forme vun den Hormoner Östrogen a Progesteron (an e puer Fäll just Progesteron), déi d’natierlech Hormonproduktioun vum Kierper reguléieren. Esou gëtt den normale Menstruatiounszyklus ënnerdréckt an den Eesprong meeschtens verhënnert. Ouni Eesprong produzéiert de Kierper manner Prostaglandinen – an déi si jo responsabel fir d’Péng, och wann nach net kloer ass, wéi se dat genee maachen. Mee Fuerscher schaffen drun, dat ze verstoen, fir besser Behandlungen ze entwéckelen. Et bleift deemno spannend an der Fuerschung! 

Behandlung ouni Hormoner: ​​NSAIDen 

NSAIDen oder net steroidal Antirheumatika si Medikamenter, déi dacks géint Péng, Entzündungen a Féiwer agesat ginn. Dozou gehéiere Medikamenter ewéi Ibuprofen, Aspirin an Naproxen. NSAIDe reguléieren am Kierper d’Produktioun vu Substanzen no ënnen, déi Entzündungen, Péng oder Féiwer fërderen – zum Beispill d’Prostaglandinen. NSAIDe si virun allem fir Fraen, déi keng Hormoner huele wëllen, eng wierksam Méiglechkeet, schlëmm Péng a Krämp wärend der Period ze behandelen. Etüde weisen, dass NSAIDe bei staarke Menstruatiounsbluddunge vill besser hëllefen ewéi Placeboen. Se laangfristeg oder héichdoséiert anzehuelen ass allerdéngs net ouni Risikoen: Se kënnen zu Moschwierer féieren oder d’Neigung fir Bluddungen erhéijen. 

Déi laangfristeg Variant: ​​LNG IUS 

NSAIDe si manner effikass ewéi aner Moossnamen, zum Beispill d’Laangzäit-Verhütungsmëttel LNG IUS: Heibäi handelt et sech ëm e klengen Apparat, deen an d’Gebärmutter agesat gëtt a kontinuéierlech kleng Quantitéite vum syntheeteschen Hormon Levonorgestrel ofgëtt. Levonorgestrel ass en hormonellt Verhütungsmëttel a bewierkt eng Verdënnung vun der Gebärmutterschläimhaut. Doduerch kënne sech Menstruatiounsbluddunge signifikant reduzéieren. LNG IUS kënnt virun allem bei enger laangfristeger Behandlung vu staarke Menstruatiounsbluddungen a Betruecht. Mee och hei ass den Asaz net ouni potentiell Niewewierkungen. Esou kann et ënner anerem zu onreegelméissege Reegelen oder hormonellen Niewewierkungen ewéi Kappwéi, Akne, Stëmmungsschwankungen oder enger empfindlecher Broscht kommen. 

Wat sinn Endometrios an Uterusmyomen?

Endometrios an Uterusmyome si gynekologesch Krankheeten, déi Fraen am reproduktiounsfäegen Alter betreffe kënnen. Béid kënne Péng verursaachen – se hunn awer ënnerschiddlech Grënn an erfuerderen ënnerschiddlech Behandlungsusätz. 

Bei der Endometrios – vun där schätzungsweis sechs bis zéng Prozent vun all de Frae betraff sinn – wiisst Geweebe, dat der Gebärmutterschläimhaut (Endometrium) gläicht, ausserhalb vun der Gebärmutter. Dat kann op den Eeërstäck, den Eeleederen, dem Bauchfell a seelen och an anere Beräicher ewéi der Blos oder dem Daarm de Fall sinn. Bei de betraffene Frae kann de Wéi wärend der Reegel ganz schlëmm sinn an och kann de Stullgang oder d’Urinéiere wärend der Menstruatioun wéidoen. Géint d’Péng gi Medikamenter oder hormonell Therapien agesat, déi d’Wuesse vum Endometrium-änleche Geweebe ënnerdrécken.  

​​​Uterusmyome si guttaarteg, also net kriibsaarteg Tumeuren, déi aus dem Muskelgeweebe vun der Gebärmutter entstinn. Vill Frae sinn heivu betraff, woubäi d’Zuele jee no Etüd ganz staark auserneeginn. Uterusmyome variéiere staark an der Gréisst an Unzuel a kënnen eenzel oder a Gruppen optrieden. Se verursaachen ënner anerem méi staark a méi laang Menstruatiounen oder Tëschebluddungen. D’Behandlung hänkt vun der Gréisst, der Lag an de Symptomer vun de Myomen of. Och de Kannerwonsch vun der Fra ass wichteg: Et gi Medikamenter, déi d’Symptomer ofschwächen oder d’Myome manner séier wuesse loossen. Et ass och méiglech – an a schwéiere Fäll eng Noutwennegkeet –, d’Myomen oder d’Gebärmutter operativ ewechzehuelen. 

 

Auteur: scienceRELATIONS/Hannes Schlender
Éditeur: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Quellen

Latthe PM, Champaneria R. Dysmenorrhoea. BMJ Clin Evid. 2014 Oct 21;2014:0813. PMID: 25338194; PMCID: PMC4205951. 

Jo J, Lee SH. Heat therapy for primary dysmenorrhea: A systematic review and meta-analysis of its effects on pain relief and quality of life. Sci Rep 2018.  

Matthewman G, Lee A, Kaur JG, Daley AJ. Physical activity for primary dysmenorrhea: a systematic review and meta-analysis of randomized controlled trials. Am J Obstet Gynecol. 2018 Sep;219(3):255.e1-255.e20. doi: 10.1016/j.ajog.2018.04.001. Epub 2018 Apr 7. PMID: 29630882. 

Smith CA, Armour M, Zhu X et al. Acupuncture for dysmenorrhoea. Cochrane Database Syst Rev 2016; (4): CD007854.   

Pattanittum P, Kunyanone N, Brown J et al. Dietary supplements for dysmenorrhoea. Cochrane Database Syst Rev 2016; 

Schroll JB, Black AY, Farquhar C, Chen I. Combined oral contraceptive pill for primary dysmenorrhoea. Cochrane Database of Systematic Reviews 2023, Issue 7. 

Bofill Rodriguez M, Lethaby A, Farquhar C. Non-steroidal anti-inflammatory drugs for heavy menstrual bleeding. Cochrane Database Syst Rev 2019. 

Chapron, C., Marcellin, L., Borghese, B. et al. Rethinking mechanisms, diagnosis and management of endometriosis. Nat Rev Endocrinol 15, 666–682 (2019). 

Sparic R, Mirkovic L, Malvasi A, Tinelli A. Epidemiology of Uterine Myomas: A Review. Int J Fertil Steril. 2016 Jan-Mar;9(4):424-35. doi: 10.22074/ijfs.2015.4599. 

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.