Diese Seite verwendet Cookies, um ihren Datenverkehr anonym zu analysieren,
und um uns zu helfen, Ihnen die bestmögliche Erfahrung zu bieten. Mehr Infos
De Mr Science an d'Michèle vu science.lu probéieren, ob si duerch Sport oder Meditatioun Genen un- oder ausschalte kënnen – an doduerch e puer Joer méi jonk kënne ginn.
Wéi grouss ass d'Warscheinlechkeet, datt de Ball erageet, je nodeems wéi een en Eelefmeter schéisst? Et gëtt och en Ënnerscheed ob een als 1. oder leschte schéisst...
Bei richteg schaarfem Iesse schweesst ee séier. Mä firwat iessen d'Leit a waarme Länner trotzdeem oft gär schaarf? Et gëtt engem jo dann nach méi waarm, oder?
Zanter manner FCKWen produzéiert ginn, déi Ozon zerstéieren, schéngt d'Ozonschicht gerett ze sinn. Firwat konnt trotzdeem 2020 en zweet Ozonlach entstoen?
D'Virbereedung op eng Prüfung kann nach esou gutt sinn. Wann et drop ukënnt, dann ass de Kapp heiansdo komplett eidel. Wat kann ee géint esou e Blackout maachen?
De Mr Science vergläicht seng Reaktiounszäit mat där vun der Spëtzen-Dëschtennisspillerin Sarah de Nutte a weist wéi een dës mat geziltem Training verbessere kann.
Laang war den ideale Gaart e "proppere" Buedem, op deem nëmmen Notzplanze wuessen duerften. Haut recommandéieren Agronome wa méiglech kee Stéck Buedem onbedeckt ze loossen. Firwat ass dat wichteg?