
Adobe Stock
Si ass net just dat gréisst a schwéierst, mee och eent vun deene villsäitegsten Organer vun eisem Kierper: d’Haut.
Net just wann et dobausse kal ass, ass eng schéi waarm Dusch wierklech Balsam fir meng Séil. Esou mécht Kierperhygiène richteg Spaass. Mee wéi dacks soll een eigentlech duschen a kann een et domat och iwwerdreiwen, Mister Science?
Och wann et net allze vill Studien zu dësem Theema gëtt, schwätzt dach villes dofir, net all Dag ze duschen. Dat heescht natierlech net, dass ee sech net wäsche soll. D’Gesiicht, d’Aarmkaulen an den Intimberäich mussen all Dag „inspizéiert“ ginn. Mee dofir ginn e fiichte Läppchen an eng duuss Seef duer. Eng „grouss Botz“ zwee- bis dräimol d’Woch, soen Hautdokteren, géif fir déi meescht Leit déck duergoen an dat wier och gutt fir d’Haut.
Well ze vill Duschen de Saierschutzmantel vun der Haut zerstéiert. Richteg?
Dat war effektiv fréier déi geleefeg Meenung an der Wëssenschaft, mee haut awer net méi. Scho Mëtt den 1980er-Joren hunn Experimenter gewisen, dass sech de „Saierschutzmantel“ – wéi een den natierleche pH-Wäert vun der Haut nennt – esouguer no vill Wäsche mat Seef relativ séier regeneréiert. Wann d’Haut gesond ass, dauert et normalerweis eng Stonn. Zoustänneg dofir si verschidden Drüsen an der Haut, déi Fett a Schweess ausscheeden. Heiraus bilt sech eng liicht sauer Mëschung, déi „gudde“ Bakterien en ideale Liewensraum bitt. Zesumme mam Saierschutzmantel geet dëse Mix géint schiedlech Bakterien op der Haut vir.
An an dëse Kampf gräife mir mat Waasser a Seef an?
Dat stëmmt. Mat ze vill waarmem Waasser a Seef oder Duschgel wäsche mir net just den Dreck ewech. Mir spullen och eis butzeg Alliéiert an den Offloss. Doduerch gëtt eis Ofwier massiv gestéiert. Och wäsche mir op dës Manéier verschidde Stoffer vun eiser Haut, zum Beispill vum Kierper produzéiert Fetter, déi essentiell fir d’Ofwierfunktioun vun der Haut sinn. Well se sinn och ganz effikass, wann et drëms geet, Bakterien ze zerstéieren, déi krank maache kënnen. Awer just wann de pH-Wäert stëmmt. Deemno brénge mir dësen empfindlechn Equiliber zimlech duercherneen, wa mir all Dag an d’Dusch ginn. An dat ka sech a Form vun dréchener Haut rächen, déi zousätzlech villäicht och nach bäisst. D’Bäissen ass virun allem desagreabel, mee wann d’Haut ze dréchen ass, da ka se och baschten, wat Bakterien an Allergeenen d’Dier opmécht. Dëst kann dann nees zu Hautkrankheeten oder allergesche Reaktioune féieren.
Ass et fir jiddereen d’selwecht schlecht, wann een ze dacks duscht?
Nee. Et spillt natierlech eng Roll, wéi waarm een duscht, wéi eng Seef ee benotzt a wéi vill dovun. Wéi gutt eis Haut verschidden Aflëss ewéi Duschen „ewechstécht“, hänkt awer och ëmmer vum individuellen Hauttyp of. Eng Studie huet zum Beispill gewisen, dass d’Haut vu Leit mat engem sauere pH-Wäert ënner 5 besser Fiichtegkeet späichert a manner dozou tendéiert, sech ze schielen. Probande mat engem Haut-pH-Wäert iwwer 5 kréien éischter dréchen Haut. Wéi sauer eis Haut ass, hänkt engersäits vu banneschte Faktoren ewéi de Geenen, dem Geschlecht an dem Alter of. Anerersäits spillen awer och baussecht Faktoren eng Roll. Wéi dacks wäsche mir eis? A mat wat? A mat wéi enge Chemikalien oder Ëmweltgëfter komme mir a Kontakt? Krankheeten ewéi Neurodermitis kënnen awer och de pH-Wäert vun der Haut beaflossen. Esou Erkenntnisser ginn der Wëssenschaft nei Usätz, d’Haut als eist gréisst Organ nach besser ze verstoen an hir Gesondheet ze fërderen. An dowéinst bleift d’Fuerschung spannend.
Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Iwwersetzerin: Danièle di Cato (why vanilla?)