Tokyo 2021

Adobe Stock

Na ja, et gëtt jo de Sproch „Sport ass Mord. A Massesport ass Massemord“. Mä dat ass natierlech déck iwwerdriwwen. All kierperlech Aktivitéit, déi bei d'Sportlerin oder de Sportler passt an an engem räsonabelen Ausmooss bedriwwe gëtt, ass gutt fir de Kierper. Fir Ufänger*innen ass dat natierlech kee Leeschtungssport, fir bei der Olympiad matzemaachen. Well et kann ee sech beim Sport och wéidoen an dem Kierper schueden, zum Beispill un de Gelenker oder un engem Organ wéi dem Häerz. Mä an deem Fall hat ee meeschtens schonn déi eng oder aner Virerkrankung, e puer Kiloen ze vill an et ass een de Sport ouni déi néideg Preparatioun ugaang. Dowéinst rode Wëssenschaftler*innen: Et ass besser, et lues unzegoen a sech keng ze ambitionéiert Ziler ze setzen.

A bei wéi engem Sport verbraucht een am meeschten Energie?

Déi meeschte Kalorië gi bei Sportaarte verbrannt, bei deene vill a grouss Muskelgruppen involvéiert sinn: Schilaanglaf, Skaten, Badminton oder Squash. Hei mécht ee grouss Beweegungen, bei deenen ee wäit aushuele muss – en plus séier hannereneen. Dat si ganz intensiv Beweegungen, déi vill Muskele gläichzäiteg aktivéieren. Ganz vill Kalorië ginn och bei sougenannte Cross-Fit-Sessions verbrannt, bei deenen een ofwiesselend séier acceleréiert, Streckspréng, Pompelen, Säit- oder Ausfallschrëtt mécht. Am beschten ass et, ganz vill esou Beweegungen ze maachen a ganz séier hannereneen.

Léisst en héije Kaloriëverbrauch op e speziell ustrengende Sport schléissen?

Net onbedéngt. Et kann ee jo Kalorien entweeder wärend ville Stonne verbrauchen – oder a kuerzer Zäit. Dat Lescht ass virun allem bei héichintensiven, séiere Sportaarte wéi Badminton a Squash de Fall. Déi empfënnt een dowéinst als besonnesch ustrengend. Ausdauernd Goen oder Vëlofueren dogéint schéngen net esou ustrengend ze sinn. Mä wann s du dat reegelméisseg e puer Stonnen an der Woch méchs, da wäerts du séier mierken, dass du Kalorië verbrenns.

Wéi vill Kalorië ginn normalerweis verbrannt, wann ee sech beweegt?

Duerchschnëttlech verbrennt de Kierper ongeféier dat 1,6-Facht vum Verbrauch, wann ee sech ausrout – also vum Energiebedarf am Sëtzen, Stoen oder Leien. Wann ee sportlech aktiv ass, da kënnt nach eppes dobäi. Bei dräi Stonne Wanderen zum Beispill ginn 1000 bis 1500 Kilokalorien zousätzlech verbrannt. De Rot vu Sportwëssenschaftler*innen ass: all Dag mindestens 300 bis 500 Kilokalorien zousätzlech zum Energiebedarf am Rouzoustand ze verbrennen.

Wat heescht dat konkret? Wéi vill Beweegung ass sënnvoll?

Et liest een dacks, et soll een all Dag zirka 10.000 Schrëtt goen. Geet een der méi, dann hëlt den zousätzlechen Notze lues a lues of. Mä d'Fuerschung weess an der Tëschenzäit: Och scho bei ronn 6000 Schrëtt am Dag bréngt dat ganz vill fir d'Gesondheet an d'Liewensqualitéit. D'Weltgesondheetsorganisatioun recommandéiert 150 Minutte moderat sportlech Ustrengung an der Woch. Dat kann alles Méigleches sinn: Spadséieren, Wanderen, Vëlofueren oder Lafen. Wichteg ass, dass ee reegelméisseg Sport mécht an dobäi vill Muskelgruppen aktivéiert ginn. Aktuell Etüde beleeën: Scho ronn 50 Minutten Joggen an der Woch mat engem Tempo vun zirka 10 Kilometer an der Stonn reduzéieren de Risiko, un enger Häerz-Kreeslaf-Erkrankung oder Kriibs ze stierwen, ëm bis zu 30 Prozent. An och d'Warscheinlechkeet, krank ze ginn, geet erof. D'Fuerschung léiert permanent bäi. Et bleift spannend.

Infobox

Wéi sech de Kaloriëverbrauch moosse léisst

Fir erauszefannen, wéi vill Kalorië bei enger bestëmmter sportlecher Aktivitéit verbraucht ginn, benotzt d'Fuerschung normalerweis déi sougenannte Spiroergometrie. Heibäi kritt d'Testpersoun eng Otemmask opgesat. Duerno gëtt gemooss, wéi vill Sauerstoff d'Muskelen opgeholl hunn. De Prinzip dobäi ass einfach: Et gëtt gemooss, wéi héich de Sauerstoffundeel an der Otemloft virum Sport war a wéi héich en duerno ass. De Kierper muss d'Differenz opgeholl hunn. Aus den exakte Wäerter léisst sech de Kaloriëverbrauch ganz genee aschätzen. Mä och Fitnesstracker, déi ee beim Sport undeet, a Smartwatches kënnen den Energieëmsaz vum Kierper bestëmmen. D'Apparater benotzen dozou eng Kombinatioun ënner aneren aus der Häerzfrequenz, déi um Handgelenk gemooss gëtt, an dem zréckgeluechte Wee, dee GPS-Signaler verroden. Wann och nach d'Gewiicht an d'Geschlecht bekannt sinn, kann d'Technik berechnen, wéi vill Kalorië verbrannt ginn. Eng 2019 verëffentlecht Etüd huet bestätegt, dass d'Resultater vun esou Minicomputere relativ genee sinn.

Auteur: scienceRELATIONS (Ralf Butscher)
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzung: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Infobox

Quellen
De Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Auch interessant

Warscheinlechkeete fir e Gol Statistik Eelefmeterschéissen: besser uewen, ënnen, lénks oder an d'Mëtt?

Wéi grouss ass d'Warscheinlechkeet, datt de Ball erageet, je nodeems wéi een en Eelefmeter schéisst? Et gëtt och en Ënne...

FNR
Mr Science Wéi kann ee seng Reaktiounszäit verbesseren?

De Mr Science vergläicht seng Reaktiounszäit mat där vun der Spëtzen-Dëschtennisspillerin Sarah de Nutte a weist wéi een...

FNR
Studie mit Freizeitläufern Schuhdämpfung als möglicher Risikofaktor für Laufverletzungen?

In einem gemeinsamen Forschungsprojekt haben das LIH und das Decathlon SportsLab den Zusammenhang zwischen Schuhdämpfung...

LIH

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR