
shotshop.com
Helium kann net brennen an ass och net gëfteg. Trotzdeem soll een et mat dem Zuch aus dem Ballon net iwwerdreiwen. Méi Informatiounen dozou an der Infobox.
Dat ass well de Gas manner dicht ass wéi Loft, dat heescht Helium ass méi liicht wéi ee gläich grousse Volume vun der Loft, déi mir ootmen. Dofir breeden sech Schallwellen am Helium dräimol méi séier aus wéi an der Loft. Wat nach dobäi kënnt, ass datt de Gas och de Mechanismus beaflosst, duerch deen eis Stëmm entsteet.
Wéi entsteet dann de Klang vun eiser Stëmm?
Wa mir schwätzen, jäizen oder sangen, brénge mir Loft un d'Schwéngen. Mir produzéieren also Schallwellen, déi sech an der Loft ausbreeden a vu friemen Oueren opgeholl kënne ginn. Dofir brauche mir dräi Saachen: Dat éischt ass e Recipient, aus deem mir Loft séier erausstréime loossen. Dat zweet si beweeglech Klappen, déi sech dem Loftstroum an de Wee stellen. An dat drëtt ass ee Raum, an deem d'Schallwelle geformt a verstäerkt kënne ginn.
An déi dräi Saache si bei eis all agebaut?
Jo. De Recipient ass eis Long. Beim Ausootme presse mir Loft a Richtung Keelkapp. Dee sëtzt uewen am Hals an ass vu bausse gutt am Adamsapel ze erkennen. Déi beweeglech Klappe sinn eis Stëmmlëpsen. Dat sinn zwou kleng Hautfatzen am Keelkapp, déi sech dem Loftstroum entgéintsetzen. Dobäi fänke si u mat fladderen a versetzen d'Loft a séier Schwéngungen. De Raum, an deem de Klang geformt gëtt, ass eise Kapp. D'Loft déi schwéngt knuppt widder d'Wänn vu Mond, Nues a Strass, gëtt zréckgehäit a verstäerkt oder ofgeschwächt. Wéi genee, dat kontrolléiere mir mat der Zong an de Lëpsen.
De liichten Helium bréngt dee System zolidd duercherneen. E beaflosst d'Fladdere vun de Stëmmlëpsen a léisst - wéinst senger niddreger Dichte - de Schall méi séier ginn. Doduerch kléngt eis Stëmm méi hell.
Awer opgepasst: wann s Du dat ausprobéiers, nëmme ganz wéineg Helium anootmen an och nëmmen aus engem mat Helium gefëllte Loftballon, op kee Fall direkt aus enger Helium-Gasfläsch! (cf. Infobox)
Infobox
Auteur: Kai Dürfeld/scienceRELATIONS
Éditrice an Iwwersetzerin: Michèle Weber (FNR)