Adobe Stock

Ob sechd’Fuerscher selwer esou bezeechne géingen, weess ech net. Awer et geet hinnen drëms, erauszefannen, wéi ee Gebaier am beschte ventiléiert, fir datt d’Mënschen sech wuel dra spieren an eng gesond Loft anootmen. Dat ass nämlech alles anescht wéi trivial: lëft een ze vill staark, kënnt et zu deem gefaarten Duerchzoch. Deen entsteet, wann de Wand op enger Säit vum Gebai mat e bësselche méi Drock op oppe Fënstere bléist wéi op enger anerer.

Oder wann d’Klimaanlag ze vill e staarken an dowéinst désagreable Loftstroum produzéiert. Wéi een dat vermeide kann, hu Fuerscher erausfonnt: Si hu festgestallt, datt en Zoch, deen déi turbulent Loftbeweegungen dobaussen imitéiert, méi agreabel ass wéi e konstanten Zoch, dee méi séier als Duerchzoch empfonnt gëtt. Si ënnersichen dowéinst, wéi een am beschten d’Loft vu Klimaanlagen duercherneewierbelen an emol e bësse méi staark an dann nees méi schwaach blose loosse kann.

Awer et existéiert en aneren Aspekt, dee mam Ausbroch vun der Coronavirus-Pandemie an de Fokus vun der Ventilatiounsfuerschung geréckelt ass: wéi verbreede Viren sech mam Loftstroum a Gebaier? Dozou gëtt et e puer wierklech onerwaart Etüden. An enger dovu konnte Fuerscher weisen, wéi sech de Virus warscheinlech mat der Loft iwwer e puer Stäck ausgebreet huet.

Wéi war dat méiglech?

An engem Gebai an der südchinesescher Milliounestad Guangzhou hu sech warscheinlech Viren aus dem Ofwaasser vun den Toiletten iwwer d’Kanalisatiounsréier verbreet. Wann net grad d’Chasse gezu gëtt sinn déi nämlech eidel, also just mat Loft gefëllt. En decisive Facteur war hei allerdéngs de schlechten Zoustand vun de Sanitäranlagen an de Wunnengen. Déi mat Vire kontaminéiert Loft konnt duerch d’Réier an déi eidel Siphonen ënner de Lavaboen an den Toilettë bis an d’Buedzëmmeren op deenen anere Stäck gelaangen.

Dat war en Duerchzoch, deen definitiv keng frësch Loft bruecht huet ….

An en ass och net express verursaacht ginn. Anescht wéi bei Klimaanlagen a Restauranten. Hei konnte Fuerscher novollzéien, wéi sech Coronavire mam Loftstroum vun der Klimaanlag ausgebreet hunn an esou Gäscht infizéiere konnten, déi bis zu iwwer 6 Meter ewech waren, wärend Gäscht un Niewendëscher ouni Infektioun dovu koumen. A Spideeler a Gebaier, awer och a Fligere versiche Fuerscher dowéinst d’Loftstréim esou ze designen, datt se méiglechst séier no baussen oder duerch Filteren ofgeleet ginn.

D’Erfuersche vum Zoch hëlleft also mat, déi aktuell Pandemie an de Grëff ze kréien?

Genee! Fuerschung gëtt dacks aus onerwaarte Grënn wichteg, dofir bleift se och ëmmer spannend!

Infobox

Richteg Lëfte géint de Coronarisiko a Seelbunnen

Schwäizer Fuerscher ënnersiche grad, wéi gutt d’Loft a Kabinne vu Seelbunnen ausgetosch gëtt fir d’Ustiechungsgefor duerch SARS-CoV2 evaluéieren ze kënnen.  Dofir setzen si net op Simulatiounen, mee op Loftdrocksensoren, déi si an de Kabinne placéieren. Sou kënnen si d’Loftstréim bei echte Montéeën erfaassen. Zousätzlech moossen CO2-Sensoren, wéi séier déi duerch d’Ootme vun de Passagéier verbrauchte Loft ausgetosch gëtt. Si kommen dobäi op deelweis iwwerraschend Resultater. Sou gouf an där klengster Kabinn d’Loft 138 Mol pro Stonn ausgetosch, an där mëttlerer 180 Mol, an där gréisster awer nëmmen 42 Mol. Dat weist, datt net nëmmen d’Gréisst vun der Kabinn wichteg ass, mee datt jee no Kabinnendesign den “Duerchzoch“ ënnerschiddlech effizient ass. E Punkt un deem ee bei der Entwécklung vun zukünftege Kabinne fir Seelbunnen usetze kéint, fir hir Ventilatioun z’optiméieren.

Wéi gutt schützt Lëfte géint eng Infektioun mam Coronavirus?

Berliner Fuerscher hunn eng Web-App entwéckelt, mat där een eng potenziell Infektiounsgefor iwwer d’Loft a Banneraim evaluéiere kann. Hir Simulatioune weisen, datt een den Infektiounsrisiko bei méi kuerzen Openthalter duerch Lëften effektiv reduzéiere kann. Bei méi laangem Zesummesi mat infizéierte Persoune klëmmt en allerdéngs staark, esouguer wann ee lëft oder d’Raumloft filtert.

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur: Michèle Weber (FNR)

Infobox

De Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Quellen

 

Auch interessant

Pneumatik Ka Loft schwéier Saachen ophiewen?

Blos an eng Plastikstut an hief esou e schwéiert Buch op wat drop läit!

FNR
Quiitscheg Stëmm Firwat mécht Helium eis Stëmm méi hell?

Firwat klénge mir wéi d'Mickey Maus, wa mir en déiwen Zuch aus engem mat Helium gefëllte Loftballon huelen?

FNR
Experiment  Firwat kann eng Orangëschuel e Loftball platzen? 

Loftbäll sinn aus Naturkautschuk - e geniaalt Material wat enorm stabil an elastesch ass. Firwat platzt en awer sou séie...

FNR